(253) Mathilde
| (253) Mathilde | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2.646 A.E. |
| Perihel – Aphel | 1.939 – 3.353 AE |
| Exzentrizitéit | 0.2671 |
| Inklinatioun | 6.74 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4 Joer 111 Deeg |
| Mëttel Bunnvitesse | 18,0 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 66 × 48 × 46 km |
| Mass | 1,033 • 1017 kg |
| Albedo | 0,04 |
| Mëttel Dicht | 1,3 g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | (17,406 ± 0,010) d |
| Absolut Hellegkeet | 10,2 |
| Spektralklass | Cb (SMASS-Klassifikation) |
| Entdecker Johann Palisa | |
| Entdeckungsjoer | 12. November 1885 |
| Aner Bezeechnungen | 1949 OL1 |
(253) Mathilde ass en Asteroid vum Asteroidenhaaptceinture mat engem mëttleren Duerchmiesser vu ronn 50 km. Am Juni 1997 war d'Raumsond NEAR-Shoemaker op enger Distanz vun 2.400 km laanscht d’Mathilde geflunn an Daten a Fotoen op d’Äerd geschéckt.
D'Uewerfläch vun der Mathilde ass däischter, méi schwaarz wéi Kuelen. Den Asteroid gehéiert zu der Spektralklass Cb an der SMASS-Klassifikatioun an dierft chemesch ähnlech opgebaut sinn wéi d'kueleg Chondriten, eng Grupp vu kuelestoffhaltege Steemeteoriten. De Mathilde ëmkreest d'Sonn op enger exzentrescher Bunn, déi bis an de bausseschte Beräich vun der Asteroidenceinture reecht. E rotéiert nëmme ganz lues ëm seng eegen Achs an huet eng vun de längste Rotatiounsperiode vun de bekannten Asteroiden. D'Haaptkennzeeche vun der Mathilde-Uewerfläch ass e risegen Aschlagkrater vun 10 km Déift. D'Tatsaach, datt Mathilde bei dësem Impaktereegnes net zerstéiert gouf, léisst dorop schléissen, datt den Asteroid kee kompakte Kierper ass, mä eng Usammlung vu Brochstécker (rubble pile), déi duerch déi schwaach Schwéierkraaft zesummegehale ginn. Dorop deit och déi kleng Dicht vun 1,3 g/cm3 hin, déi aus der Bunnoflenkung vun der Sond bestëmmt konnt ginn.
Et gëtt ugeholl, datt (253) Mathilde no der Fra vum Astronom Maurice Loewy genannt gouf.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Mathilde (Asteroid) – Biller, Videoen oder Audiodateien |