(42355) Typhon

Vu Wikipedia
(42355) Typhon
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Zentauren
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 38,068 A.E.
Exzentrizitéit 0,5396
Sideresch Ëmlafzäit 234,88 Joer
Inklinatioun 2,429 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser ~134 ± 13 km
Rotatiounsperiod 3,66 h oder 4,35 h
Albedo 0,10 ± 0,02
Absolut Hellegkeet 7,20
Entdeckung
Entdecker NEAT
Entdeckungsdatum 5. Februar 2002
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 2002 CR46


Den (42355) Typhon, och bekannt ënner der virleefeger Bezeechnung 2002 CR46, ass en Asteroid aus der Klass vun den Zentauren, deen de 5. Februar 2002 vum NEAT-Programm um Palomar-Observatoire entdeckt gouf. De 15. Februar 2006 gouf d'Entdeckung vun engem Mound matgedeelt – et handelt sech dobäi ëm déi éischt vun engem Méifachsystem an der Klass vun den Zentauren.

Den Typhon huet en Duerchmiesser vu ronn 134 km, eng absolut Hellegkeet vu 7,20 an huet eng geometresch Albedo vun 0,1. De Perihel vum Klengplanéit läit bei 17,53 AE an ass domat bannenzeg vun der Uranus-Bunn, den Aphel dogéint ass bei 58,6 AE an domat wäit baussenzeg vun der Plutobunn – Den 2002 CR46 kräizt bei sengem Ëmlaf vun 234,88 Joer d'Bunne vun dräi Planéiten. Iwwer seng Mass ass momentan nach näischt bekannt.

Mound[änneren | Quelltext änneren]

Den (42355) Typhon I (Echidna) (provisoresch Bezeechnung S/2006 (42355) 1) gouf no enger Gestalt vun der griichescher Mythologie – Echidna – benannt. De Mound gouf am Kader vun engem Programm fir d'Ermëttlung vun der Heefegkeet vu Méifachsystemer am baussenzegen Deel vum Sonnesystem mat der HST-Kamera vum Hubble-Weltraumteleskop entdeckt an der Ëffentlechkeet de 15. Februar 2006 matgedeelt. En huet en Duerchmiesser vun 78 ± 8 km a gouf op enger Distanz vun 1300 km entdeckt. Bunndaten a d'Mass konnte bis elo nach net bestëmmt ginn.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid gouf nom Ris Typhon aus der griichescher Mythologie genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie