(5) Astraea

Vu Wikipedia
(5) Astraea
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,577 A.E.
Exzentrizitéit 0,1904
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 50 d
Mëttel Bunnvitess 18,4 km/s
Inklinatioun 5,37 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 117 km
Mass ≈ 1,8 • 1018kg
Mëttel Dicht ≈ 2,1 g/cm3
Rotatiounsperiod 16,8 h
Albedo 0,23
Absolut Hellegkeet 6,85M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Karl Ludwig Hencke
Entdeckungsdatum 8. Dezember 1845
Plaz Driesen
Aner Bezeechnungen 1969 SE


Den (5) Astraea ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Hie gouf den 8. Dezember 1845 vum Karl Ludwig Hencke entdeckt.

Den Himmelskierper gouf no der Astraea, enger Duechter vum Zeus an der Gerechtegkeetsgëttin, genannt.

Nodeem an de Joren 1801–1807 déi éischt véier Asteroiden (1) Ceres, (2) Pallas, (3) Juno a (4) Vesta entdeckt goufen, hat et ëmmerhinn 38 Joer gedauert, bis zur Entdeckung vum fënneften Asteroid. Et war och déi lescht Entdeckung vun engem Asteroid, déi virun der Entdeckung vum Planéit Neptun geschitt war. Well deemools d'Asteroiden nach als vollwäerteg Planéite gezielt goufen, gouf deen am follgende Joer entdeckten Neptun als dräizéngte Planéit gezielt.

Mat der Entdeckung vum (6) Hebe am Joer 1847 hat allerdéngs eng richteg Flut vun Neientdeckunge vun Asteroiden ugefaangen. Dofir gouf op Virschlag vum Alexander von Humboldt am Joer 1851 d'Zuel vun de grousse Planéiten op aacht begrenzt an den neie Begrëff vun Asteroiden (och: Planetoiden oder Klengplanéitten) agefouert.

Den Astraea beweegt sech a 4,1 Joer op enger Distanz vun 2,1 (Perihel bis 3,1 (Aphel) astronomeschen Eenheeten ëm eis Sonn. D'Bunn ass 5,4° géint d'Ekliptik gebéit, d'Exzentrizitéit ass 0,19.

Den Astraea huet en Duerchmiesser vun 117 km. Den Asteroid huet eng relativ hell, silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,23. Wärend der Oppositioun erreecht den Astraea eng Hellegkeet vun 11,9 mag. Den Asteroid rotéiert a 16,8 Stonnen eng Kéier ëm seng eegen Achs.

Ënnerscheed tëscht Ceres an Astraea.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]