(5145) Pholus

Vu Wikipedia
(5145) Pholus
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp ZEN
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 20,423 A.E.
Exzentrizitéit 0,574
Sideresch Ëmlafzäit 92,30 Joer
Mëttel Bunnvitess 6,01 km/s
Inklinatioun 24,697 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser (185 ± 16) km
Rotatiounsperiod 9 h 59 m
Albedo 0,04
Absolut Hellegkeet 7,0M
Entdeckung
Entdecker Spacewatch
David Rabinowitz
Entdeckungsdatum 9. Januar 1992
Plaz Kitt Peak-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1992 AD


De (5145) Pholus ass en Asteroid aus der Grupp vun den Zentauren. E gouf den 9. Januar 1992 vum David Rabinowitz (net akreditéiert) mam Spacewatchprogramm entdeckt an nom Pholos, engem Kentaur aus der griichescher Mythologie genannt.

De Pholus leeft op enger staark exzentrescher Bunn a ronn 92 Joren ëm d'Sonn. De Perihel-Ofstand läit mat 8,71 AE bannenzeg der Bunn vum Planéit Saturn, am Aphel vun 32,14 AE baussenzeg vun der Neptunbunn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,574, woubäi d'Bunn mat 24,697° staark géint d'Ekliptik gebéit ass. De Pholus war méiglecherweis ufanks en Objet aus der Kuiperceinture.

Den Duerchmiesser vum Pholus gouf op 185 km (± 16 km) bestëmmt. Hien huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Ënnersich vu sengem Spektrum weisen, datt d'Uewerfläch eng déifrout ass, wat op Kuelewaasserstoffverbindunge schléisse léisst. Et weist näischt drop hin, datt et eng Kéier e Koméit war.
De Pholus rotéiert a ronn 10 Stonnen ëm déi eegen Achs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie