(624) Hektor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | Jupiter-Trojaner (L4) |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 5,223 A.E. |
| Perihel – Aphel | 5,096 – 5,350 AE |
| Exzentrizitéit | 0,024 |
| Inklinatioun | 18,2 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4358,5 Deeg |
| Mëttel Bunnvitesse | 13,03 km/s |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 370 x 195 km |
| Mass | ? kg |
| Albedo | 0,025 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 6,921 h |
| Absolut Hellegkeet | 7,49 |
| Spektralklass | D – Typ |
| Entdecker August Kopff | |
| Entdeckungsdatum | 10. Februar 1907 |
| Aner Bezeechnungen | 1907 XM, 1948 VD |
Den (624) Hektor ass de gréissten an hellsten Asteroid aus der Grupp vun den Trojaner. Et bezeechent een domat Asteroiden, déi op der Bunn vum Jupiter mat ëm d'Sonn lafen.
Den 1907 entdeckten Asteroid leeft dem Jupiter um Lagrange-Punkt L4 viraus.
Den Hektor ass en onregelméisseg geformten Himmelskierper vun 370 × 195 Kilometer Gréisst.
Den Asteroid gëtt vun engem 15 km grousse Mound, deen d'Bezeechnung S/2006 (624)1 dréit, ëmkreest.[1]
Genannt gouf den Asteroid nom legendären Held vum trojanesche Krich.