(65) Cybele
| (65) Cybele | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptasteroidenceinture, Cybele-Grupp |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 3.430 A.E. |
| Perihel – Aphel | 3.057 – 3.803 AE |
| Exzentrizitéit | 0.1087 |
| Inklinatioun | 3.56 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 6 a 129 d |
| Mëttel Bunnvitesse | 16,0 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 237 km |
| Mass | ? kg |
| Albedo | 0,07 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | |
| Absolut Hellegkeet | 6,6 |
| Spektralklass | P |
| Entdecker E.W.L. Tempel | |
| Entdeckungsjoer | 8. Mäerz 1861 |
| Aner Bezeechnungen | |
(65) Cybele ass en Asteroid vun der Haaptceinture. Hien ass de 6. Mäerz 1861 vum däitschen Astronom Ernst Wilhelm Leberecht Tempel entdeckt ginn.
Den Asteroid gouf nom Kybele genannt, deen an der griichescher Mythologie eng Gëttermamm duerstellt.
Während enger Bedeckung vum Stär AGK3 +19 599 duerch de Cybele am Joer 1979 hat et Undeitungen op en 11 km grousse Begleeder vum Cybele op enger Distanz vun 917 km vu sengem Mëttelpunkt (am Fall, wann d'Bedeckung zentral war) ginn.
Cybele-Grupp [änneren]
De (65) Cybele huet enger Gruppe von Asteroiden, déi déisäits vum Hecuba-Fräiraum mat Bunnhallefachsen tëschent 3,27 an 3,7 AE hir Bunn zéien, hiren Numm ginn. D'Objete hunn Exzentrizitéiten vu manner wéi 0.3, a Bunnschréiegten vu manner wéi 25°. D'Memberen vun dëser Grupp stinn an 7:4-Resonanz zu Jupiter, wouduerch hir Bunn stabiliséiert gëtt.