(719) Albert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| (719) Albert | |
|---|---|
| Orbittyp | Amor-Typ |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2.627 A.E. |
| Perihel – Aphel | 1.175 – 4.080 AE |
| Exzentrizitéit | 0.5528 |
| Inklinatioun | 11.56 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4 a 95 d |
| Mëttel Bunnvitesse | 16,9 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 2 bis 4 km |
| Mass | 1,4 • 1013kg |
| Albedo | |
| Mëttel Dicht | 2,0 ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 5,8 h |
| Absolut Hellegkeet | 15,8 mag |
| Spektralklass | S Bus-DeMeo)</small |
| Entdecker J. Palisa | |
| Entdeckungsjoer | 3. Oktober 1911 |
| Aner Bezeechnungen | 1911 MT, 2000 JW8 |
De (719) Albert ass en Asteroid vum Amor-Typ, enger Grupp vun Asteroiden, där hir Bunnen d'Äerdbunn kräize kënnen.
Den Albert gouf schonn den 3. Oktober 1911 vum Johann Palisa um Universitéitsobservatoire Wien entdeckt. Genannt gouf den Asteroid zu Éieren vum Baron Albert Freiherr von Rothschild, engem Sponsor vum Observatoire.
Den Asteroid goung allerdéngs nees verluer a konnt eréischt am Joer 2000 vum Spacewatch- Wëssenschaftlerteam vun der University of Arizona erëmfonnt ginn. Seng Gréisst gëtt op zwéi bis véier Kilometer geschat.
Den Albert kënnt der Äerd ongeféier all 30 Joer méi no a kann dobäi op 30 Millioune Kilometer erukommen.