(944) Hidalgo
| (944) Hidalgo | |
|---|---|
| Orbittyp | Zentauren |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 5,7462 A.E. |
| Perihel – Aphel | 1,9507 – 9,5417 AE |
| Exzentrizitéit | 0,6605 |
| Inklinatioun | 42,5641 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 13,775 Joer |
| Mëttel Bunnvitesse | 12,43 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 38 km |
| Mass | 8,4 × 1015 kg |
| Albedo | 0,060 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 10,063 h |
| Absolut Hellegkeet | 10,348 |
| Spektralklass | D |
| Entdecker Walter Baade | |
| Entdeckungsjoer | 1920 |
| Aner Bezeechnungen | 1920 HZ |
Den (944) Hidalgo ass en Asteroid, deem seng extrem elliptesch Bunn vun der banneschter Asteroidenceinture (Perihel 1,9507AE) bis déisäit vun der Saturnbunn (Aphel 9,5417 AE) verleeft. Dobäi ass d'Bunn mat 42,5641° staark géint d'Ekliptik gebéit.
Ëmlafbunn [änneren]
Fir een Ëmlaf ëm d'Sonn brauch den Hidalgo 13,8 Joer. Déi aussergewéinlech Bunn léisst dorop schléissen, datt et sech beim Hidalgo ëm d'Iwwerreschter vun engem Koméit handele kéint. Dofir schwätzt och seng kleng Albedo vun 0,06 a seng spektral Eegeschafte. Säin Duerchmiesser ass ca. 38 km. Hidalgo ass den eenzeg bekannten Objet, dee sech därmoossen un d'Saturnbunn erukënnt, ouni si ze kräizen. Säi staark géint d'Ekliptik gebéite Bunnniveau (43°) ass méiglecherweis op Stéierunge duerch d'Schwéierkraaft vum Jupiter zréckzeféieren.
Entdeckung [änneren]
Den Asteroid gouf den 30. Oktober 1920 vum Walter Baade am Observatoire Bergedorf bei Hamburg entdeckt. Däitsch Astronome konnten déi total Sonnendäischtert den 10. September 1923 a Mexiko observéieren, dobäi goufe si vum deemolege mexikanesche President empfaangen. Als Merci dofir gouf den Asteroid nom mexikaneschen Nationalheld Miguel Hidalgo y Costilla (1753-1811) genannt.