(9969) Braille

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
(9969) Braille
Den (9969) Braille, opgeholl vun der Raumsond Deep Space 1
Orbittyp Haaptceintureasteroid IMB
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 2,345 A.E.
PerihelAphel 1,334 – 3,356 AE
Exzentrizitéit 0,431
Inklinatioun 28,892 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 216 d
Mëttel Bunnvitesse 19,450 km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser 1 × 2 km
Mass  ? kg
Albedo
Mëttel Dicht  ? g/cm3
Rotatiounsperiod 226,40 h
Absolut Hellegkeet 15,80
Spektralklass Q
Entdecker E. Helin, K. J. Lawrence
Entdeckungsjoer 27. Mee 1992
Aner Bezeechnungen 1992 KD

Den (9969) Braille ass en Asteroid vun der Asteroiden-Haaptceinture. Hie gouf de 27. Mee 1992 vum Eleanor Helin an dem Kenneth J. Lawrence um Mount Palomar-Observatoire entdeckt.

Den Asteroid gouf nom Louis Braille genannt, zu Éiere vum Weebereeder bei der Entwécklung vun der Blanneschrëft.

De Braille beweegt sech tëscht 1,334 (Perihel) astronomeschen Eenheeten bis 3,356 astronomeschen Eenheeten (Aphel) op enger elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass mat 28,89° staark géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,431.

Den 29. Juli 1999 hat d'Raumsond Deep Space 1 den Asteroid op nëmmen 28 km Distanz passéiert. Duerch en technesche Feeler hat sech déi automatesch Kamera vun der Sond vum Asteroid ewechgedréit, soudatt keng no Fotoen entstane sinn. Eréischt 15 Minutten nom Laanschtfluch – zu dësem Zäitpunkt hat sech d'Sond awer schonn 13.500 km distanzéiert – konnte Fotoe gemaach ginn. Si weisen e längelzegen Himmelskierper vun ongeféier 1 × 2 km Duerchmiesser.

Den Asteroid gëtt dem V-Typ zougedeelt an zielt domat zu der Grupp vun de Vestoiden. Méiglecherweis handelt et sech also ëm e Brochstéck vum groussen Asteroid Vesta.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 9969 Braille – Biller, Videoen oder Audiodateien