(99942) Apophis

Vu Wikipedia
(99942) Apophis
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Aten-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 0,922 A.E.
Exzentrizitéit 0,191
Sideresch Ëmlafzäit 323d 12 h
Mëttel Bunnvitess 31,019 km/s
Inklinatioun 3,331 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 0,27 km
Mass 2,7×1010 kg
Mëttel Dicht ~ 3,2 g/cm3
Rotatiounsperiod 30 h 37 m
Albedo 0,33
Absolut Hellegkeet 19,7
Spektralklass Q-Typ
Entdeckung
Entdecker R. Tucker, D. J. Tholen,
F. Bernardi
Entdeckungsdatum 19. Juni 2004
Plaz Kitt Peak-Observatoire
Aner Bezeechnungen 2004 MN4


D'Zon mat de méiglechen Opschloplazen am Joer 2036.

Den (99942) Apophis ass en äerdnoen Aten-Asteroid mat engem Duerchmiesser vu ronn 300 m. Hie gouf vum Roy Tucker, dem David J. Tholen an dem Fabrizio Bernardi am Kader vum University of Hawaii Asteroid Survey um Kitt-Peak-Nationalobservatoire den 19. Juni 2004 entdeckt. Observatiounen iwwer e puer Méint hu gewisen, datt de virleefeg als 2004 MN4 bezeechenten Asteroid eiser Äerd oder dem Äerdmound den 13. Abrëll 2029 ganz no kënnt. Kuerzzäiteg gouf eng Kollisiounswarscheinlechkeet vun 2,7 % ugeholl, bis hien op eelere Fotoen identifizéiert an doduerch seng Bunn méi genee berechent konnt ginn. Tatsächlech wäert den Asteroid am Beräich vun der geostationärer Bunn passéieren – ee Joerdausendevenement.

Den noe Laanschtfluch, bei deem hien eng visuell Magnitude vun 3,3 mag erreecht, awer am Teleskop punktfërmeg bleift, verännert seng Bunn drastesch a schlecht viraussobar. Tëscht 2008 an 2011 stoung den Apophis no bei der Sonn a war dofir net ze gesinn. Duerno hunn optesch Miessungen eng Bunnkorrektur ëm 600 km. erginn, déi de Kontakt mat der Äerd fir den 13. Abrëll 2036 definitiv ausschléisst. 2013 kënnt den Apophis a Reechwäit vun de Radarmiessungen. Deen Ament soll d'Bunn genee bestëmmt ginn.

D'Entdecker vum Asteroid hunn den 2004 MN no der Stargate-Figur an dem egyptesche Gott Apophis genannt[1].

Bunn[änneren | Quelltext änneren]

Den Apophis beweegt sech op engem Ofstand vun 0,746 (Perihel) bis 1,098 (Aphel) AE an 323 Deeg an 12 Stonnen ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,191. Seng Bunn ass mat 3,331 Grad nëmmen e wéineg géint d'Ekliptik gebéit a kräizt d'Äerdbunn mat enger Relativvitess vu 5,87 km/s. Hie rotéiert eemol an 30 Stonnen an 37 Minutten ëm seng Achs. D'Ausriichtung vun der Achs ass nach net genee bekannt, awer fir d'Richtung vum Jarkowski-Effet wichteg.

Den Apophis wäert d'Äerd den 13. Abrëll 2029 op enger Distanz vun 31.000 Kilometer passéieren. Dobäi flitt hie mat ronn 7,4 km/s iwwer de Rank vun de geostationäre Satellitten ewech. Dat wäert seng Bunn an Eegerotatioun staark veränneren, besonnesch wäert seng grouss Hallefachs op iwwer 1,1 AE eropgoen, soudatt hien dann als Apollo-Asteroid gëllt[2].

Fragmentéierung bei Äerdkontakt[änneren | Quelltext änneren]

D'Fragmentéierung vun engem Koméit an en ettlech Brochstécker bei engem Planéitekontakt ass bei D/1993 F2 (Shoemaker-Levy) an de Joren 1993/1994 observéiert ginn. Eng Fragmentéierung vun Apophis beim Äerdkontakt 2029 géif bedeiten, datt all Fragment op eng eegen elliptesch Ëmlafbunn ëm d'Sonn aschwenke géif. Dës Bunne kräizen dann déi vun der Äerd, woubäi d'Äerd dann ëmmer ëm den 13. Abrëll dëse Kräizungspunkt erreeche géif. Ob dat z'erwaarden ass, hänkt vun der Distanz vum Laanschtfluch of a vun der Festegkeet an der Dicht vum Asteroid (e Rubble Pile géif nëmmen duerch kleng bannenzeg Gravitatiounskräften zesummengehale ginn). Fir plausibel Dichte läit awer d'Roche-Grenz vun der Äerd däitlech bannenzeg vun der fir d'lescht prognostizéierter Ugläichung.

Méiglech Folge bei engem Aschlag[änneren | Quelltext änneren]

No Schätzunge vun der NASA géif Apophis am Fall vun engem Aschlag eng Energie vu 510 Megatonnen (TNT-Equivalent) fräisetzen[3]. Zum Verglach: Déi gréisst vu Mënsche verursaacht Nuklearexplosioun (duerch d'Zar-Bomm) hat 50 Megatonnen TNT. Déi iwwer Hiroshima ofgeworfen Atombomm Little Boy hat eng Sprengkraaft vu ronn 0,015 Megatonnen. Beim Tunguska-Evenement 1908 gouf no Schätzungen eng Energie vun 10 bis 20 Megatonnen TNT fräigesat. D'Energiefräisetzung vun engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 8,0 entsprécht ongeféier 1000 Megatonnen TNT.

Déi genee Folge vun engem Aschlag géife vun der Zesummesetzung vum Asteroid, der Opschloplaz an dem Aschlagwénkel ofhänken. Bei engem Aschlag um Festland géifen zwar regional massiv Schied entstoen; den Aschlag kann een op enger Distanz vu ronn 250 Kilometer iwwerliewen. Bei engem Opschlag an d'Mier besteet déi grouss Gefor vun engem massiven Tsunami, dee beim Aschlag eng Héicht vu méi wéi 100 Meter erreechen däerft. Déi Welle ginn zwar mat hirer Distanz zu der Aschlagplaz ëmmer méi kleng, däerften awer bei wäite Küstegebidder nach eng Héicht vun 30 Meter hunn.

Laangfristeg global Auswierkunge sinn am Fall vun engem Aschlag vun Apophis ausgeschloss, well den Duerchmiesser vum Asteroid mat 270 Meter ze kleng ass. Fir sou Auswierkunge misst den Asteroid op d'mannst 1500 Meter hunn.

Chronologie vun den NASA-Pressematdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der observatiounsfräier Zäit no 2008 hu follgend Aussoe gezielt: "No aktuelle Berechnungen an a Funktioun vun neien Donnéeën ass d'Warscheinlechkeet vun engem Zesummestouss mat der Äerd fir 2036 vun 1 zu 45.000 op 4 zu 1 Millioun (1:250.000) zeréckgaangen."

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bill Cooke: Asteroid Apophis set for a makeover, Astronomy, 18. August 2005
  2. D. Bancelin et al.: Asteroid (99942) Apophis: new predictions of Earth encounters for this potentially hazardous asteroid, A&A 544, 2012, online
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2013-05-12. Gekuckt de(n) 2012-11-23.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Apophis (Asteroid) – Biller, Videoen oder Audiodateien