...och fir eis!

Vu Wikipedia
De Logo vun der Initiativ ...och fir eis!

...och fir eis! war eng Initiativ, déi sech fir d'Opmaache vum Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppelen a fir eng Reform vum Adoptiounsgesetz zu Lëtzebuerg agesat huet. Se gouf am September 2007 vum Andy Maar a Laurent Boquet an d'Liewe geruff.

Wärend de Joren 2008 an 2009 huet d'Initiativ versicht, mat verschiddenen Aktiounen d'Ëffentlechkeet fir déi Theemen ze sensibiliséieren. Sou zum Beispill huet de Gaymat, no enger Zesummenaarbecht mat Rosa Lëtzebuerg am Joer 2009 den Titel "Gaymat, och fir eis!" gedroen, fir d'Revendicatioune méi an de Fokus ze setzen. Donieft gouf de 24. Mäerz 2008 eng Ënnerschrëftenaktioun lancéiert. Den 22. Februar 2010 hunn d'Initiateuren zesumme mam Vertrieder vun der Partnerorganisatioun Rosa Lëtzebuerg d'Petitioun dem Chamberspresident Laurent Mosar iwwerginn. Bis zu deem Dag ware ronn 1900 Ënnerschrëften zesummekomm.

Als Reaktioun op déi Petitioun ass de Laurent Boquet als Vertrieder vun der Initiativ souwéi e Vertrieder vu Rosa Lëtzebuerg an d'Familljekommissioun vun der Chamber invitéiert ginn, wou se hiren Avis zum geplangte Projet de Loi N°6141 ginn hunn.[1]

Am Dezember 2013 ass d'Regierung Bettel-Schneider vereedegt ginn, fir déi d'Reform vum Bestietnes eent vun de Walversprieche war. Déi Reform ass den 18. Juni 2014 an der Chamber gestëmmt ginn an huet d'Bestietnes an d'Adoptioun och fir gläichgeschlechtlech Koppelen opgemaach.[2],[3],[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vertrieder vun...och fir eis! a vu Rosa Lëtzebuerg an der Chamberskommissioun
  2. guichet.lu: Mariage et adoption s'ouvrent aux couples de personnes du même sexe (19.06.2014)
  3. Réforme du mariage am Mémorial vum 17. Juli 2014
  4. La Croix: Le Luxembourg autorise le mariage homosexuel et l'adoption pour tous (19. Juni 2014)