.csv (Dateiformat)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
.csv , ofgeleet vu Character Separated Values, ass d'Kennzeechen fir en Dateiformat dat d'Form vun enger Textdatei huet. Dëst Kënnzeechen gëtt mat engem Punkt un de Numm vun enger Datei ugehaang, z.B: Telefonadressen.csv. Ët handelt sech ëm eng einfach strukturéiert Datei, ëm e Format, dat haaptsächlech gebraucht gëtt, fir Donnéen tëscht zwéi Programmen ze iwwerdroen an auszetauschen, Programmen, déi mat eegenen Dateiformaten schaffen, déi ënnerteneen nët kompatibel sinn. Dat ass z.B. de Fall, wann een Telefonkontakten per Kabel oder Bluetooth vun engem Handy op e Computer oder ëmgekéiert wëllt iwwerdroen. Et ass also e Format, dat eng Zwëschspäicherung vun Donnéen erlaabt.
Déi eenzel Werter ginn duerch e speziellt Trennzeechen (e Komma oder Strëchpunkt z.B.) vuneneegehal.
An CSV-Dateien kënnen Tabellen oder Lëschte vun Date vu verschiddener Längt duergestallt ginn. Bei Windows ginn normalerweis déi eenzel Datesätz duerch en Zeilenëmbroch (engl: Carriage return) getrennt.
Dat gesäit da sou aus, wann de Komma als Trennzeeche benotzt gëtt:
Virnumm,Numm,Strooss,Uertschaft,Telefon Jimmy,Zeyen,Europaplaz,Wuermer,235277 Lilly,Haupert,Kiirchestrooss,Ierpeldeng,869653 Jean,Baldauf,Ronnewee,Ettelbréck,253781

