.dok

Vu Wikipedia


.dok - den oppene Kanal
Typ S.A.
Grënnungsdatum 2003
Schlussdatum 1.1.2024 um 01:02 Auer
Sëtz Lëtzebuerg
Leedung Maurice Molitor
Leo Folschette
Branche Medien

.dok - den oppene kanal war e Lëtzebuerger Televisiounsprogramm, dee vun 2003 bis den 1. Januar 2024 um 01:02 Auer[1][2] vun der Dok S.A. iwwer d'Kabelnetzer vu verschiddenen Télédistributeure verbreet gouf.

.dok definéiert sech selwer als "Kanal" amplaz als Tëleesprogramm, well et jiddwerengem d'Méiglechkeete gëtt, eng Emissioun zu engem Sujet vu senger Wiel (am Aklang mat engem Cahier des charges) ze realiséieren.

Eng kleng Ekipp, de Journalist Maurice Molitor an de Jurist Patrick Gregorius hunn ufanks d'Entreprise gefouert. Méi spéit[Wéini ?] waren et de Maurice Molitor an de Leo Folschette[1].

An deenen éischte Joren huet d'Dok S.A. och d'dok Show produzéiert, eng Talkshow, déi vum Molitor moderéiert gëtt, an an där de Gregorius als "Jim" d'Roll vum Sidekick spillt. 3-4 Invitéë stinn hinne Ried an Äntwert. Vum Hierscht 2007 bis de Mee 2009 ass d'dok-Show och sonndes owes am Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg gelaf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Den oppene Kanal .dok mécht zou." rtl.lu, 05.12.2023.
  2. Der Offene Kanal schließt, 20 Jahre Luxemburger Fernsehgeschichte gehen am Neujahrstag zu Ende. Dok kann durchaus als Pionier des Mitmachfernsehens bezeichnet werden.. wort.lu [€], Luxemburger Wort, 30./31.12.2023, S. 8 (29.12.2023). Gekuckt de(n) 30.12.2023.