.jpg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

.jpg ass en Dateiformat fir Fotoen an der Informatik, dat nom Joint Photographic Experts Group genannt gouf.

En Dateiformat fënnt meeschtens säin Ausdrock an dräi klenggeschriwwene Buschtawen, déi no engem Punkt un den Numm vun enger Datei ugehaange ginn, z. B.: Numm_vun_der_Datei.jpg. Mat .jpg oder .JPG, munnechmol och .JPEG ginn am Allgemenge Foto- an aner Bilddateie markéiert.

E klassesche Programm, dee mat jpg-Dateien ëmgoe kann, ass de Programm Photo-Galerie am Windows-Vista-Betribssystem vu Microsoft. Donieft gëtt et nach vill aner Computerprogrammer, déi jpg-Dateie verschaffe kënnen. Eng jpg-Datei huet de Virdeel, datt an deem Format Dateie sech méi oder wéineger staark kompriméiere loossen, an doduerch manner Späicherplaz brauchen.

De jpg-Dateiformat ass wäit verbreet; déi meescht Digitalkamerae gräifen drop zeréck an déi meescht Fotoveraarbechtungsprogrammer kënnen domat ëmgoen.

Nodeeler[änneren | Quelltext änneren]

.jpg-Dateie si kompriméiert. Eng.jpg-Datei verléiert all Kéier, wa se nees gespäichert gëtt u Qualitéit, well all Kéier d'Bild nees nei berechent gëtt.

Alternativen zum jpg-Dateiformat[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: JPEG – Biller, Videoen oder Audiodateien