Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 11. September ass den 254. Dag (255. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1789: Frankräich: D'Nationalversammlung erlaabt dem Kinnek Louis XVI. e Veto-Recht.
- 1957: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 2:5 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Pierre Fiedler a Léon Letsch geschoss.[1]
- 1963: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Amsterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 1:1 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul May geschoss. [2]
- 1973: Bei engem Putsch am Chile duerch de Generol Augusto Pinochet kënnt den demokratesch gewielte President Salvador Allende ëm d'Liewen.
- 1989: Ungarn mécht den Eisene Rideau op.
- 1991: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 0:2 géint Belsch.[3]
- 2001: Bei Terror-Attacken an den USA, virun allem zu New York an zu Washington, kommen iwwer 3000 Leit ëm d'Liewen. Den Trauma vum 9/11 soll nach Joren dono politesch Konsequenze mat sech bréngen.
- 2003: D'schwedesch Ausseministesch Anna Lindh stierft un hire Wonnen, déi se duerch eng Attack mat engem Messer den Dag virdrun erlidden huet.
- 2005: D'israelesch Arméi zitt sech aus der Gaza-Sträif, no 38 Joer Besatzung, zeréck.
- 1861: Erich von Falkenhayn, däitsche Militär.
- 1881: Alphonse Nickels, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1885: D. H. Lawrence, englesche Schrëftsteller.
- 1903: Theodor W. Adorno, däitsche Sozial-Philosoph a Komponist.
- 1907: Albert Reuter, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- 1917: Ferdinando Edralin Marcos, philippineschen Diktator.
- 1917: Erny Putz, lëtzebuergesche Fechter.
- 1933: Marcel Scheer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1935: German Stepanowitsch Titow, sowjetesche Kosmonaut.
- 1939: René Andring, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1940: Brian De Palma, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1945: Franz Beckenbauer genannt Keeser, däitsche Fussballspiller a -manager.
- 1947: Frank Wilhelm, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker.
- 1965: Richard Melville Hall (alias Moby), US-amerikanesche Museker.
- 1967: Dan Theis, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 1968: Joël Groff, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1976: Marc Wilwert, lëtzebuergesche Fotograf.
- 1985: Daniel da Mota, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1768: Joseph Nicolas Delisle, franséischen Astronom a Kartograph.
- 1919: Pierre-Éloi Schoué, lëtzebuergesche Politiker, Botaniker an Apdikter.
- 1942: Henri Adam, däitsche Resistenzler.
- 1957: Mary Proctor, US-amerikanesch Astronomin an Auteurin.
- 1971: Nikita Sergejewitsch Chruschtschow, sowjetesche Politiker a Regierungschef.
- 1973: Salvador Allende, chilenesche Politiker.
- 1978: O.E. Hasse, däitsche Schauspiller.
- 1982: Albert Soboul, franséischen Historiker.
- 1994: Marianne Hold, däitsch Schauspillerin.
- 1999: Johny Jaminet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2002: Kim Hunter, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2003: Anna Lindh, schwedesch Ausseministesch.