12. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 12. November ass den 316. Dag (317. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Okt – November – Dez | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1950: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Belsch. No engem Selbstgol vun de Belsch huet den Nicolas Kettel fir d'Lëtzebuerger den zweete Gol geschoss.[1]
- 1961: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Turnhout 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de René Schneider geschoss.[2]
- 1964: D'Grande-Duchesse Charlotte vu Lëtzebuerg dankt of, hire Jong Jean gëtt Groussherzog.
- 1970: En Hurrikan mat Wandvitesseë vun bis zu 230 km/h a meterhéige Wellen trëfft Bangladesch (deemools Ostpakistan): 300.000 Doudeger.
- 1975: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ensdorf 0:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[3]
- 1986: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Glasgow, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 0:3 géint Schottland.[4]
Gebuer [änneren]
- 1836: David Kalakaua I., leschte Kinnek vun Hawaii.
- 1840: Auguste Rodin, franséische Sculpteur.
- 1866: Sun Yat-sen, chinesesche Politiker.
- 1885: Jean Feltes, lëtzebuergesche Philolog a Linguist.
- 1897: Hans Deppe, däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 1904: Jacques Tourneur, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1910: Kurt Hoffmann, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 1914: Albert van Houtte, belsche Jurist.
- 1915: Roland Barthes, franséische Kritiker.
- 1916: Richard Ney, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1923: Vicco von Bülow (Loriot), däitschen Humorist, Zeechner, Schauspiller a Regisseur.
- 1929: Grace Kelly, US-amerikanesch Schauspillerin, Prinzessin Gracia Patricia vu Monaco.
- 1929: Claude Imbert, franséische Journalist.
- 1943: Giulio-Enrico Pisani, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1950: Coen van Vrijberghe de Coningh, hollännesche Schauspiller.
- 1963: Marco Sowa, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 1979: Cote de Pablo, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1982: Anne Hathaway, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1987: Joël Kitenge, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1903: Camille Pissarro, franséische Moler (* 1830).
- 1916: Percival Lowell, US-amerikaneschen Astronom.
- 1921: Fernand Khnopff, belsche Moler a Graphiker (* 1858).
- 1924: Edmund Dene Morel, britesche Journalist a Pazifist.
- 1928: Francis Preserved Leavenworth, US-amerikaneschen Astronom.
- 1994: Armand Schleich, lëtzebuergesche Journalist.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 12. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 12. November 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg vum 12. November 1961 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg den 19. Oktober 1975 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schottland-Lëtzebuerg den 12. November 1986 um Site European Football