Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 13. Oktober ass den 286. Dag (287. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 0054: Den Nero Claudius Caesar Drusus Germanicus gëtt Réimesche Keeser.
- 1307: A Frankräich huet d'Inquisitioun, op Uerder vum Philippe le Bel, sämtlech Unhänger vum Templeruerde festgeholl.
- 1900: De Mathias Adam grënnt de Lëtzebuerger Schoulmeeschtesch-Verband (FGIL).
- 1974: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 2:4 géint Ungarn. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[1]
- 1977: D'Lufthansamaschinn Landshut vu Palma op Frankfurt gëtt vum palästinenseschen Terrorkommando Martyr Halimeh an de Noën Osten op Mogadischu entfouert. D'Entféierung huet bis den 18. Oktober gedauert wou d'GSG9 d'Maschinn an der Operatioun Feierzauber gestiermt huet.
- 1984: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:4 géint Frankräich.[2]
- 2003: D'Ausseministere Joschka Fischer, Däitschland, Dominique de Villepin, Frankräich, a Lydie Polfer, Lëtzebuerg, weien den Institut Pierre-Werner an.
- 2004: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Liechtenstein.[3]
- 2007: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Gomel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 1:0 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Fons Leweck geschoss.[4]
- 1766: Louis Marie de Lescure, franséischen Adelegen.
- 1801: Jean Engling, lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog.
- 1806: Otto Unverdorben, däitsche Chimist.
- 1842: Evrard Ketten, lëtzebuergesche Rousenziichter.
- 1866: Georg Groddeck, Schwäizer Dokter an Auteur.
- 1895: Kurt Schumacher, däitsche Politiker.
- 1905: Yves Allégret, franséische Filmregisseur.
- 1909: Art Tatum, US-amerikaneschen Jazz-Pianist.
- 1920: Aloyse Steinmetz, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1921: Yves Montand, Schauspiller a Chansonnier.
- 1925: Margaret Thatcher, britesch Politikerin, éischt Premierministesch.
- 1926: Félicien Steichen, lëtzebuergesche Fuerscher an Dokter.
- 1934: Nana Mouskouri, griichesch Sängerin.
- 1938: Camille Perl, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Prelat.
- 1968: Marie Adam, franséisch Schauspillerin.
- 1971: Anne Michaux, lëtzebuergesch Fotografin.
- 1971: Marc Lamborelle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 0054: Claudius, Réimesche Keeser.
- 1382: Péiter II., Kinnek vun Zypern.
- 1687: Geminiano Montanari, italieneschen Astronom.
- 1873: Emil von Sydow, däitschen Offizéier a Kartograph
- 1882: Joseph Arthur Comte de Gobineau, franséischen Diplomat a Schrëftsteller.
- 1924: Anatole France, franséische Schrëftsteller a Journalist.
- 1945: Lucien Simon, franséische Moler, Zeechner a Lithograph.
- 1947: Jules Vandievoet, Theatermoler am Grand Théâtre de Luxembourg.
- 1953: Sergei Iwanowitsch Beljawski, russeschen Astronom.
- 1963: Jean Noerdinger, lëtzebuergesche Moler.
- 2008: Guillaume Depardieu, franséische Schauspiller.