Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 15. September ass den 258. Dag (259. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 2000: Zu Sydney fänken déi 27. Olympesch Summerspiller un
- 1830: D'Eisebunnsstreck Liverpool - Manchester gëtt a Betrib geholl. Domat fänkt den Zäitalter vun der Dampeisebunn un.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- 1254: Marco Polo, venezianeschen Händler, Reesender a Schrëftsteller.
- 1857: William Howard Taft, 27. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1886: Max Duchscher, lëtzebuergeschen Auteur an Industriellen.
- 1890: Agatha Christie, britesch Krimi-Schrëftstellerin .
- 1894: Jean Renoir, franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.
- 1904: Sergei Josifowitsch Jutkewitsch, russesche Redakteur.
- 1914: Will Quadflieg, däitsche Schauspiller.
- 1911: Luther Leonidas Terry, US-amerikaneschen Dokter.
- 1917: Hilde Güden, éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.
- 1919: Fausto Coppi, italienesche Vëlossportler.
- 1926: Shōhei Imamura, japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1927: Gaston Diederich, lëtzebuergesche Jurist a Boxer.
- 1933: Michel Kiesgen, lëtzebuergeschen Turner.
- 1934: Jean Aniset, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 1940: Roby Hentges, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1945: Jessye Norman, amerikanesch Sängerin.
- 1945: Hans-Gert Pöttering, däitsche Politiker.
- 1946: Tommy Lee Jones, amerikaneschen Acteur.
- 1946: Oliver Stone, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1954: Hrant Dink, armenesche Journalist.
- 1964: Robert Fico, slowakesche Politiker.
- 1700: André Le Nôtre, franséische Landschafts-, Park- a Gaardenarchitekt.
- 1930: Victor Thorn, lëtzebuergesche Politiker.
- 1947: Annie Maunder, britesch Astronomin a Mathematikerin.
- 1961: Lucien König, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1962: William Coblentz, US-amerikanesche Physiker an Astronom.
- 2006: Oriana Fallaci, italienesch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 2007: Juliette François, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 2010: Jean Thill, lëtzebuergesche Jurist an Auteur.
- 2012: Pierre Mondy, franséische Schauspiller a Regisseur.