153P/Ikeya-Zhang
|
|
|
|---|---|
![]() |
|
| Orbittyp | laangperiodesch |
| Grouss Hallefachs | 51,214 |
| Perihel | 0,507 AE |
| Aphel | 101,920 AE |
| Numeresch Exzentrizitéit | 0.990 |
| Perihelduerchgank | 18. Mäerz 2002 |
| Ëmlafdauer | 366 Joer 186 Deeg |
| Ëmlafvitesse | 58,92 km/s |
| Physikalesch Eegeschafte vum Kär | |
| Duerchmiesser | ? |
| Entdecker Kaoru Ikeya, Zhang Daqing | |
| Entdeckungsdatum | 1. Februar 2002 |
| Aner Bezeechnungen | C/2002 C1 |
De Koméit 153P/Ikeya-Zhang gouf am Joer 2002 vun zwéi onofhängeg agéierenden Astronome entdeckt. De chineseschen Astronom Zhang Daqing hat den 1. Februar 2002 am Stärebild Cetus e neie Koméit entdeckt, wat hien der IAU gemellt hat. De japaneschen Astronom Kaoru Ikeya hat de Koméi awer annerhallef Stonne méi fréi gesinn, well a Japan d'Sonn méi fréi ënnergeet wéi a China. Well awer déi béid Observateuren onofhängeg vuneneen bannent 24 Stonne de Koméit entdeckt haten, krut de Koméit déi ufänglech Bezeechnung C/2002 C1 Ikeya-Zhang.
De Koméit hat den 18. Mäerz 2002 säi Perihel passéiert, mat enger visueller Magnitude vun 3,5 mag, a konnt mat bloussem A observéiert ginn. Heimat war hien den hellste Koméit zënter dem Joer 1997.
Seng berechent Ëmlafzäit ass 366,51 Joer. Et huet sech spéider erausgestallt, datt de Koméit Ikeya-Zhang schonns am Joer 1661 vu chineseschen Astronomen entdeckt gouf. Déi endgülteg Bezeechnung vum Koméit ass 153P/Ikeya-Zhang.
