16. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 16. November ass den 320. Dag (321. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Okt – November – Dez | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 534: De Keeser Justinian I. gëtt eng iwwerschaffte Versioun vum Codex Iustinianus eraus.
- 1952: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Frankräich.[1]
- 1983: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:4 géint England.[2]
- 1988: D'Benazir Bhutto gëtt Regierungschefin a Pakistan.
- 1988: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Porto, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:1 géint Portugal.[3]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Hesper 0:1 géint Kanada.[4]
Wëssenschaft an Technik [änneren]
Astronomie [änneren]
- 1881: Den Emissiounsniwwel NGC 281 gëtt vum amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt.
Gebuer [änneren]
- 1717: Jean Baptiste le Rond d'Alembert, franséische Mathematiker an Enzyklopedist.
- 1802: Antoine-Joseph Alexandre, belsche Professer an Auteur vun Theaterstécker.
- 1864: Stéphane Javelle, franséischen Astronom.
- 1894: Richard Nikolaus Graf von Coudenhove-Kalergi, éisträichesche Politiker.
- 1895: Paul Hindemith, däitsche Komponist a Museker.
- 1908: Marie-Madeleine Cinquin (Soeur Emmanuelle), belsch Uerdensfra an Auteur.
- 1922: José Saramago, portugisesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 1928: Germain Dahm, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1953: Jean Kerger, lëtzebuergesche Professer a Sproochewëssenschaftler.
- 1961: Corinne Hermès, franséisch Sängerin.
Gestuerwen [änneren]
- 1831: Carl von Clausewitz, preisesche Militärtheoretiker a Generol.
- 1877: Karl Ludwig von Littrow, éisträicheschen Astronom.
- 1890: Pierre Claude, lëtzebuergesche Politiker.
- 1960: Clark Gable, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1978: Claude Dauphin, franséische Schauspiller.
- 1981: William Holden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1993: Lucia Popp, slowakesch-éisträichesch Sopranistin.
- 1997: Georges Marchais, franséische Politiker, Generalsekretär vun der kommunistescher Partei.
- 2006: Milton Friedman, US-amerikaneschen Economist a Nobelpräisdréier.
- 2007: Pierre Granier-Deferre, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 16. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 16. November 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 16. November 1983 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg de 16. November 1988 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kanada de 16. November 2005 um Site European Football.info