17. Abrëll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 17. Abrëll ass den 107. Dag (108. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Mäe – Abrëll – Mee | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1958: D'Bréisseler Weltausstellung geet op.
- 1961: Ufank vum mësslongenen Invasiounsversuch an der Schwéngsbucht op Kuba.
- 2003: D'Anneli Jäätteenmäki gëtt Regierungschefin a Finnland.
Lëtzebuerg [änneren]
- 1927: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Esch-Uelzecht géint Italien a verléiert 1:5. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Joseph Kirpes geschoss.[1]
- 1955: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Limoges 2:2 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Halsdorf a Joseph Luzzi geschoss.[2]
- 1964: D'Veianer Pompelspäicherwierk gëtt ageweit.
- 1966: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Léonard geschoss.[3]
- 1968: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 3:4 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard, Edy Dublin a Jean Klein geschoss.[4]
- 1983: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Budapest, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 2:6 géint Ungarn. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter an Théo Malget geschoss.[5]
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Hesper 3:3 géint Liechtenstein. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeff Strasser, Marcel Christophe a Manuel Cardoni geschoss.[6]
Gebuer [änneren]
- 1598: Giovanni Riccioli, italienesche Jesuit an Astronom.
- 1709: Giovanni Domenico Maraldi, franséischen Astronom.
- 1758: Claude Lamort, franséischen Drécker.
- 1860: Norbert Le Gallais, lëtzebuergeschen Politiker an Industriellen.
- 1885: Tania Blixen, dänesch Schrëftstellerin.
- 1889: Gabriela Mistral, chilenesch Schrëftstellerin, Literaturnobelpräisdréierin.
- 1891: Franz Binsfeld, lëtzebuergeschen Auteur an Enseignant.
- 1894: Nikita Sergejewitsch Chruschtschow, sowjetesche Staatschef.
- 1897: Thornton Wilder, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1898: Louis Biren, lëtzebuergesche Konschtschräiner, Woner, Kéifer a Resistenzler.
- 1909: Alain Poher, franséische Politiker.
- 1917: Massimo Dallamano, italienesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1918: William Holden, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 1919: Chavela Vargas, mexikanesch Sängerin.
- 1923: Lindsay Anderson, Filmregisseurin.
- 1925: Gitta Lind, däitsch Schlagersängerin.
- 1930: Chris Barber, britesche Trombonist a Bandleader.
- 1931: Bill Ramsey, däitsch-US-amerikanesche Museker, Sänger a Schauspiller.
- 1935: Theo Angelopoulos, griichesche Filmregisseur.
- 1937: Marcel Glesener, lëtzebuergesche Politiker.
- 1938: Perrette Pradier, franséisch Schauspillerin a Synchronspriecherin.
- 1939: Pit Nicolas, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1939: Karin Székessy, däitsch Fotografin.
- 1940: Henri Wehenkel, lëtzebuergeschen Historiker a Politiker.
- 1944: Paul Scheuer, lëtzebuergesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmschauspiller.
- 1947: Paul Krack, lëtzebuergesche Moler.
- 1953: Marylène Mischo, lëtzebuergesch Graveuse an Zeechnerin.
- 1954: Michel Wurth, lëtzebuergeschen Economist a Jurist.
- 1964: Andrei Iwanowitsch Borissenko, russesche Kosmonaut.
- 1971: Guillaume Depardieu, franséische Schauspiller.
- 1979: Pascal Meyer, lëtzebuergesche Pianist.
- 1990: Aidamir Mugu, russesche Sänger.
Gestuerwen [änneren]
- 1790: Benjamin Franklin, nordamerikanesche Politiker, Editeur, Schrëftsteller an Naturwëssenschaftler.
- 1852: Étienne Maurice Gérard, Maréchal de France.
- 1932: André Koch, lëtzebuergesche Mineningenieur.
- 1942: Edouard Schaack, lëtzebuergesche Geeschtlechen.
- 1960: Eddie Cochran, US-amerikanesche Museker.
- 1993: Turgut Özal, Staatspresident vun der Tierkei.
- 1997: Chaim Herzog, israelesche Staatspresident.
- 2008: Aimé Césaire, franséische Schrëftsteller.
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 17. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 17. Abrëll 1927 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 17. Abrëll 1955 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 17. Abrëll 1966 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 17. Abrëll 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg de 17. Abrëll 1983 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Liechtenstein de 17. Abrëll 2002 um Site European Football.info]