1788
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
17. Joerhonnert | 18. Joerhonnert | 19. Joerhonnert
1783 | 1784 | 1785 | 1786 | 1787 | 1788 | 1789 | 1790 | 1791 | 1792 | 1793
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1788.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 21. Juli: Frankräich: Generalstänn vum Dauphiné.
- 8. August: Frankräich: D'Decisioun fir d'Generalstänn zesummenzeruffe gëtt vum Loménie de Brienne getraff. D'Modalitéite mussen awer nach diskutéiert ginn.
- 25. August: Frankräich: De Brienne demissionéiert a gëtt duerch den Necker ersat.
- 27. Dezember: Frankräich: Den Necker, deen amgaangen ass, d'Generalstänn firzebereeden, akzeptéiert d'Fuederung vum Drëtte Stand, fir d'Unzuel vun de Vertrieder ze verdueblen. Méi Stëmme kréien si doduercher awer net.
- 29. Dezember: Frankräich: Marseille fuerdert d'Erhéijung vun de Membere vum Drëtte Stand an d'Wahl pro Kapp bei de Generalstänn.
Konscht & Kultur [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Astronomie [änneren]
- 25. November: Den däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt de planetareschen Niwwel NGC 40.
Gebuer [änneren]
- 22. Februar: Arthur Schopenhauer, däitsche Philosoph.
- 12. Mäerz: David d'Angers, franséische Sculpteur.
- 18. Mee: Karl Rümker, däitschen Astronom.
- 22. Juni: George Byron, engleschen Dichter.
- 4. Juli: Jean-François Gangler, Auteur vum éischte Lyrikband op Lëtzebuergesch.
Gestuerwen [änneren]
- 21. Februar: Paul Feller, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.
- 2. August: Thomas Gainsborough, britesche Moler.
- 8. August: Richelieu, Maréchal de France an Ambassadeur.
- 14. November: Giovanni Domenico Maraldi, franséischen Astronom.
| Commons: 1788 – Biller, Videoen oder Audiodateien |