1790
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
17. Joerhonnert | 18. Joerhonnert | 19. Joerhonnert
1785 | 1786 | 1787 | 1788 | 1789 | 1790 | 1791 | 1792 | 1793 | 1794 | 1795
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1790.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 13. Februar: Frankräich: D'Klouschteruerde ginn ofgeschaf.
- 21. Mäerz: Frankräich: D'Gabelle (Salzsteier) gëtt ofgeschaf.
- 27. Abrëll: Frankräich: Grënnung vum Club des Cordeliers.
- 14. Mee: Frankräich: Ufank vum Verkaf vum Besëtz vum Klerus.
- 12. Juni: Frankräich: Avignon mécht d'Demande fir zu Frankräich gehéieren ze kënnen.
- 19. Juni: Frankräich: Den Adel gëtt ofgeschaf.
- 12. Juli: Frankräich: Zivilverfaassung vum Klerus. Et ginn nei Diözese geschaf an d'Geeschtlecher ginn zu Staatsbeamten, déi en Eed op d'Konstitutioun leeschte mussen.
- 22. Juli: Frankräich: D'Zivilverfaassung vum Klerus gëtt vum Louis XVI. ugeholl.
- 14. Juli: Frankräich: Fête de la fédération.
- 27. August: Frankräich: D'Assignate kréien e Geldwäert.
- 4. September: Frankräich: Demissioun vum Necker.
- 21. Oktober: Frankräich: Den Tricolore gëtt Fändel vu Frankräich.
- 3. Dezember: Frankräich: De Louis XVI. schreift e Bréif un d'Preisen a freet si ëm Hëllef géint d'Revolutionären.
Konscht & Kultur [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Astronomie [änneren]
- 4. Mäerz: De planetareschen Niwwel NGC 2440 gëtt vum däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
- 5. Mäerz: De Wilhelm Herschel entdeckt de planetareschen Niwwel NGC 2346.
- 19. Mäerz: De Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxis NGC 4605.
- 7. November: Den däitsch-briteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt d'Spiralgalaxis NGC 39.
- 26. November: Den däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt d'Spiralgalaxis NGC 13.
- 26. November: Den däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxis NGC 21 oder NGC 29 (duebel nummeréiert!).
- 1. Dezember: De Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxis NGC 3079
Gebuer [änneren]
- 29. Mäerz: John Tyler, 10. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 18. Juni: François-Charles Collin, Politiker a Geometer.
- 3. August: John Cockerill, britesch-belschen Industriellen.
- 16. Dezember: Leopold I., éischte Kinnek vun de Belsch.
Gestuerwen [änneren]
- 20. Februar: Joseph II., däitsche Keeser. Herrscher an den Éisträichesche Länner.
- 11. Oktober: Marmaduke Tunstall, engleschen Ornitholog.
| Commons: 1790 – Biller, Videoen oder Audiodateien |