1830
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1825 | 1826 | 1827 | 1828 | 1829 | 1830 | 1831 | 1832 | 1833 | 1834 | 1835
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1830.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- De William IV. gëtt Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Irland.
- 25. Juli: Frankräich: Ordonnance vu Saint-Cloud: Opléisung vun de Chamberen an Ofschafung vun der Pressefräiheet.
- 25.-27. August: Ufank vun der belscher Revolutioun géint de Kinnek Wëllem I., déi den 20. Dezember zur Onofhängegkeet vun der Belsch vun dem Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden an 1839 zur drëtter Spléckung vu Lëtzebuerg gefouert huet.
Afrika [änneren]
- 6. Juli: Eruewerung vun Algier duerch d'Fransousen.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Gebuer [änneren]
- Georges Montefiore-Levy, belschen Ingenieur.
- 15. Januar: Ferdinand Baldauff, lëtzebuergeschen Dokter.
- 19. Januar: Félix Thyes, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 18. Februar: Alexis Heck, lëtzebuergeschen Hotelier an Tourismus-Pionéier.
- 4. Mäerz: Théophile Picard, lëtzebuergesche Geeschtlechen.
- 20. Mäerz: Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, Fra vum Prënz Henri, dem Leitnant-Gouverneur vu Lëtzebuerg.
- 6. Abrëll: Jean Wolf, lëtzebuergesche Kraaftmënsch.
- 9. Abrëll: Eadweard Muybridge, englesch-US-amerikanesche Fotograf.
- 18. Abrëll: François-Ernest Vannérus, lëtzebuergesch-belschen Industriellen a Politiker.
- 10. Juli: Camille Pissarro, franséische Moler.
- 21. August: Théophile Funck-Brentano, lëtzebuergesche Soziolog an Dokter.
- 22. November: Charles Mullendorff, lëtzebuergeschen Auteur a Professer.
- 29. November: Nicolas Steffen-Pierret, lëtzebuergeschen Auteur.
Gestuerwen [änneren]
- 16. Mee: Joseph Fourier, franséische Mathematiker a Physiker.
- 17. Dezember: Simón Bolívar, südamerikanesche Politiker a President.
| Commons: 1830 – Biller, Videoen oder Audiodateien |