1867
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
18. Joerhonnert | 19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert
1862 | 1863 | 1864 | 1865 | 1866 | 1867 | 1868 | 1869 | 1870 | 1871 | 1872
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1867.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- Weltausstellung zu Paräis.
- 15. Mäerz: De Kontrakt iwwert den Éisträichesch-Ungareschen Ausgläich gëtt ënnerschriwwen, et kënnt zur Grënnung vun Éisträich-Ungarn.
- De Bismarck gëtt däitsche Räichskanzler.
- De russeschen Zar Alexander II. verkeeft fir 7,2 Milliounen Dollar Alaska un d'USA.
Lëtzebuerg
- Onofhängegkeetserklärung vu Lëtzebuerg (Traité vu London)
- 9. September: Mam leschte Batailloun vum 88. Regiment verloossen déi lescht preisesch Zaldoten d'Festung Lëtzebuerg.
- 10. September: Ufank vum Ofrappe vun engem gudden Deel vun de Festungsanlagen (bis 1883).
- 3. Dezember: D'Regierung Servais hëlt hir Aarbecht op.
- 26. Dezember: D'staatlecht Salzmonopol gëtt ofgeschaf.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- De Werner von Siemens (geadelt 1888) verëffentlecht seng Erfindung vun der Dynamomaschinn (Haaptschlussmaschinn). Den Charles Wheatstone hält e Virtrag iwwer seng Erfindung vun der Nieweschlussmaschinn.
- De schwedeschen Industriellen Alfred Nobel léisst sech d'Dynamit, seng Erfindung vun 1866, patentéieren.
Gebuer [änneren]
- 5. Januar: Théodore Bassing, lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
- 18. Februar: Hedwig Courths-Mahler, däitsch Schrëftstellerin.
- 20. Mäerz: Charles Schaack, lëtzebuergesche Jurist an Historiker.
- 30. Mäerz: Jean-Baptiste Fischer, franséische Vëlosportler.
- 16. Abrëll: Wilbur Wright, US-amerikanesche Fluchpionéier a Fligerkonstrukteur.
- 30. Abrëll: Willy Goergen, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 14. Mee: Kurt Eisner, däitsche Politiker a Schrëftsteller.
- 15. Mee: André Thyes, lëtzebuergesche Moler.
- 25. Mee: Georg von dem Borne, däitsche Geophysiker
- 8. Juni: Frank Lloyd Wright, US-amerikaneschen Architekt.
- 11. Juni: Charles Fabry, franséische Physiker.
- 8. Juli: Käthe Kollwitz, däitsch Kënschtlerin.
- 10. Juli: Maximilian von Baden, preisesche Generol, leschte Räichskanzler vum däitsche Keeserräich.
- 12. Juli: Gustave Gretsch, Iechternacher Dokter a Gemengepolitiker.
- 28. Juli: Charles Dillon Perrine, US-amerikaneschen Astronom.
- 9. September: Georges Faber, lëtzebuergesche Riichter, Procureur a Member vum Staatsrot.
- 7. November: Marie Curie, polnesch-franséisch Chemikerin a Physikerin.
- 8. Dezember: Georges Gredt, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- Dem Comiczeechner Don Rosa no: den Dagobert Duck.
Gestuerwen [änneren]
- 14. Januar: Jean-Auguste Ingres, franséische Moler.
- 30. Januar: Komei, 121. Keeser vu Japan (* 1831).
- 31. Mäerz: Jean-Baptiste Fresez, lëtzebuergesche Moler.
- 20. Abrëll: Jean Elias Benjamin Valz, franséischen Ingenieur an Astronom.
- 19. Juni: Maximilian, Keeser vu Mexiko (* 1832).
- 25. August: Michael Faraday, englesche Physiker a Chemiker (* 1791).
- 31. August: Charles Baudelaire, franséischen Dichter vun der Moderne (* 1821).
- 26. September: James Ferguson, schotteschen Ingenieur an Astronom.
- 29. September: Jean Pierre Michaelis, lëtzebuergesche Professer a Schoulinspekter.
- 31. Oktober: William Parsons, ireschen Politiker an Astronom.
- 22. Dezember: Jean Victor Poncelet, franséische Mathematiker (* 1788).
- 22. Dezember: Théodore Rousseau, franséische Moler a Grënner vun der Schoul vu Barbizon (* 1812).
| Commons: 1867 – Biller, Videoen oder Audiodateien |