1886
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1881 | 1882 | 1883 | 1884 | 1885 | 1886 | 1887 | 1888 | 1889 | 1890 | 1891
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1886.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
Lëtzebuerg
- Zu Iechternach gëtt mat Hëllef vum Henri Tudor sengen Akkumulatoren als eng vun den éischte Stied an Europa eng elektresch Stroossebeliichtung installéiert.
- D'Munnerefer Thermalbad gëtt vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl.
- 26. Abrëll: D'Konzessioune fir d'Eisebunnslinnen Näerden-Maartleneg-Dikrech, Dikrech-Veianen a Waaserbëlleg-Gréiwemaacher gi verginn.
- 19. Juli: De Franz Liszt gëtt am Stater Casino säin allerleschte Concert.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Astronomie [änneren]
- : Den Ernst Wilhelm Leberecht Tempel entdeckt d'Balkespiralgalaxis NGC 47 an d'Spiralgalaxis NGC 54.
- : Den amerikaneschen Astronom Ormond Stone entdeckt déi elliptesch Galaxis NGC 59.
- : Den amerikaneschen Astronom Frank Muller entdeckt d'elliptesch Galaxien NGC 65 an NGC 77 souwéi d'Balkespiralgalaxis NGC 66.
- : Den amerikaneschen Astronom Francis Preserved Leavenworth entdeckt d'Balkespiralgalaxis NGC 102.
- 21. Oktober: De Lewis A. Swift entdeckt déiselwecht d'Balkespiralgalaxis wéi den Tempel a bezeechent si als NGC 58.
- 21. Oktober: Den amerikaneschen Astronom Lewis A. Swift entdeckt d'Balkespiralgalaxis NGC 64 an d'Spiralgalaxis NGC 73.
- 22. Oktober: Den amerikaneschen Astronom Lewis A. Swift entdeckt déi lënsefërmeg Galaxis NGC 75.
- 21. November: Déi béid US-amerikanesch Astronomen Frank Muller an Lewis A. Swift entdecken déiselwecht Spiralgalaxis. Well am Ufank net erkannt gouf, datt et sech ëm deselwechten Objet handelt, gouf d'Galaxis mat zwou Katalognummeren, NGC 17 an NGC 34 agedroe.
- 21. November: Den amerikaneschen Astronom Lewis A. Swift entdeckt d'Spiralgalaxis NGC 35.
Gebuer [änneren]
- 3. Januar: Grigoriy Nikolaevich Neujmin, russeschen Astronom.
- 25. Januar: Wilhelm Furtwängler, däitschen Dirigent.
- 2. Februar: Ernst Zinner, däitschen Astronom an Astronomiehistoriker.
- 28. Februar: Victor Wilhelm, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1. Mäerz: Oskar Kokoschka, éisträichesche Moler a Schrëftsteller.
- 20. Maërz: Marcel Rau, belsche Medailleur a Sculpteur.
- 27. Mäerz: Émile Eischen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.
- 5. Abrëll: Joseph Jentgen, lëtzebuergeschen Architekt.
- 7. Abrëll: Jean-Baptiste Horn, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 17. Mee: Marguerite Thomas-Clement, lëtzebuergesch Politikerin.
- 24. Mee: Albert Philippe, lëtzebuergesche Politiker.
- 29. Juni: Robert Schuman, franséische Politiker.
- 9. Juli: Pierre Prüm, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. Juli: Louis Beicht, lëtzebuergesche Komponist.
- 31. Juli: Constant Permeke, belsche Moler.
- 15. September: Max Duchscher, lëtzebuergeschen Auteur an Industriellen.
- 1. Oktober: Paul Morgan, éisträichesche Schauspiller.
- 16. Oktober: David Ben-Gurion, éischten Premierminister vun Israel († 1973).
- 22. Oktober: Étienne Schmit, lëtzebuergesche Politiker.
- 6. November: Joseph Hackin, lëtzebuergesch-franséischen Archeolog,
- 7. November: Aaron Nimzowitsch, lettesche Schachgroussmeeschter
- 1. Dezember: Rex Stout, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 24. Dezember: Michael Curtiz, Filmregisseur.
- Jizchak Katzenelson, jiddeschen Auteur.
- Alphonse Neyens, lëtzebuergesche Politiker.
- Annette Thoma, däitsch Komponistin (Deutsche Bauernmesse mit dem Andachtsjodler).
Gestuerwen [änneren]
- 19. Mee: Jean-Auguste Marc, franséische Moler a Journalist.
- 31. Juli: Franz Liszt, Komponist, Dirigent, Musekschrëftsteller a Pianist.
- 30. Mee: Joseph Kriehuber, éisträichesche Lithograph a Moler.
- 26. Dezember: Theodor von Oppolzer, éisträicheschen Astronom.
| Commons: 1886 – Biller, Videoen oder Audiodateien |