Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 19. August ass den 231. Dag vum Joer (232. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
- 1646: John Flamsteed, engleschen Astronom.
- 1743: Madame du Barry, Maîtresse vum Louis XV.
- 1848: Gustave Caillebotte, franséische Moler.
- 1861: Pol Clemen, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1862: Maurice Barrès, franséische Schrëftsteller a Politiker.
- 1871: Orville Wright, US-amerikanesche Fluchpionéier a Fligerbauer.
- 1875: Joseph Tockert, lëtzebuergesche Sproochfuerscher.
- 1900: Joseph Meyers, lëtzebuergeschen Dirigent, Museker, Historiker a Sproochfuerscher.
- 1903: Claude Dauphin, franséische Schauspiller.
- 1930: Frank McCourt, US-amerikaneschen Auteur.
- 1931: Marianne Koch, däitsch Schauspillerin.
- 1940: Nicolas Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1946: Bill Clinton, US-amerikanesche Politiker (42. US-President).
- 1953: Nanni Moretti, italienesche Regisseur.
- 1956: Nico Ney, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 1962: Valérie Kaprisky, franséisch Schauspillerin.
- 1962: Jeannot Sanavia, lëtzebuergesche Komponist a Kontrabassist.
- 1969: Matthew Perry, amerikanesche Schauspiller.
- 1971: Guido Cantz, däitsche Komiker an Teleesmoderator.
- 1974: Marcel Christophe, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14: Augustus, réimesche Keeser.
- 1662: Blaise Pascal, franséische Philosoph, Physiker a Mathematiker.
- 1819: James Watt, britesche Erfinder (Dampmaschinn).
- 1822: Jean Baptiste Joseph Delambre, franséischen Astronom.
- 1887: Alvan Clark, US-amerikaneschen Astronom an Teleskobauer.
- 1905: William-Adolphe Bouguereau, franséische Moler.
- 1923: Vilfredo Pareto, italieneschen Economist an Ingenieur.
- 1936: Federico García Lorca, spuenesche Schrëftsteller.
- 1954: Alcide de Gasperi, italienesche Politiker.
- 1967: Hugo Gernsback, lëtzebuergesch/US-amerikaneschen Erfinder, Editeur a Schrëftsteller.
- 1977: Groucho Marx, US-amerikanesche Komiker.
- 1994: Louis de Froment, franséischen Dirigent.
- 2001: Donald Woods, südafrikanesche Journalist a Biergerrechtler.
- 2003: Sérgio Vieira de Mello, brasilianesche Politiker.
- 2012: Tony Scott, britesche Filmregisseur.