1918

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert

1913 | 1914 | 1915 | 1916 | 1917 | 1918 | 1919 | 1920 | 1921 | 1922 | 1923


Dës Säit befaasst sech mam Joer 1918.

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Europa[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • 28. Mäerz: Bouneweg gëtt aus der Loft bombardéiert; et ginn 9 Doudeger.
  • 08. Juli: Loftugrëff op Clausen.
  • 28. Juli a 4. August: Wale fir eng Chambre constituante, déi d'Verfassung iwwerschaffe soll.
  • September: D'Regierung erlaabt, datt Biergermilizen opgesat kënne ginn, fir géint d'Déifställ vu Liewensmëttelen op Felder an a Lagere virzegoen.
  • 28. September: D'Regierung Kauffman trëtt zeréck, nodeems bekannt gi war, datt de Léon Kauffman bei enger Privataudienz vum däitsche Kanzler Georg Graf von Hertling bei der Groussherzogin Marie Adelheid mat derbäi war. Den Emile Reuter gëtt neie Ministerpresident vun der Regierung Reuter.
  • Oktober: Vill Leit kréien d'Spuenesch Gripp, eng ettlech stierwen drun; d'Schoule ginn dowéinst zougemaach.
  • 10.-11. November: En Aarbechter- a Bauererot ("Sowjet") gëtt opgesat; an der Chamber fuerderen déi Liberal an d'Sozialisten d'Ofsetze vun der Groussherzogin, well dës sech an d'Regierungsgeschäfter gemëscht hätt an ze däitschfrëndlech gewierscht wier. Si verpasse knapps d'Majoritéit beim Vote.
  • 13. November: Eng 2000 russesch Krichsgefaangener maachen zu Esch-Uelzecht halt a kréien do z'iessen.
  • 21. November: Eng 20.000 amerikanesch Besatzungszaldote kommen op Lëtzebuerg.
  • 22. November: D'109. Infanterieregimemt vun der franséischer Arméi kënnt op Lëtzebuerg.
  • 25. November: De Maréchal Ferdinand Foch ass kuerz zu Lëtzebuerg, spéider och ëm de 15. Dezember an ëm Chrëschtdag.
  • 26. November: D'Ligue française gëtt gegrënnt; si setzt sech fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich an.
  • 11. Dezember: De Maréchal Philippe Pétain ass zu Lëtzebuerg.
  • 11. Dezember: De Cours vun der Mark gëtt zu 1,25 Frang festgeluecht, wat e grousse Wäertverloscht fir déi ass, déi Marken hunn.
  • 14. Dezember: D'Regierung kënnegt den 8-Stonnen-Dag bei gläicher Paie an der Sidérurgie un.
  • 23. Dezember: De franséischen Ausseminister Stéphen Pichon wëll déi lëtzebuergesch Ministeren, déi komm sinn, fir mat him iwwer eng Wirtschaftsunioun ze schwätzen, nëmme "privat" an net als Vertrieder vun der groussherzoglecher Regierung emfänken; et gëtt kloer, datt d'Marie-Adelheid als Staatscheffin net méi ze droen ass.
  • 30. Dezember: Lëtzebuerg kënnegt seng Memberschaft am Däitschen Zollveräin op.

Afrika[änneren | Quelltext änneren]

Amerika[änneren | Quelltext änneren]

USA[änneren | Quelltext änneren]

Südamerika[änneren | Quelltext änneren]

Asien[änneren | Quelltext änneren]

Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]

Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]

Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Molerei[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]

Gebuer[änneren | Quelltext änneren]

  • Anna Gobbi, italinesch Filmregisseurin an Dréibuchauteurin.
  • Aloyse Schiltz, lëtzebuergeschen Offizéier, Resistenzler a Passeur.

Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 1918 – Biller, Videoen oder Audiodateien