1944
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1939 | 1940 | 1941 | 1942 | 1943 | 1944 | 1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1944.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
Zweete Weltkrich [änneren]
- 22. Januar: Déi Alliiert landen an Italien südlech vu Roum.
- 28. Januar: D'Rout Arméi befreit Leningrad, dat vun der Wehrmacht agekesselt gi war.
- 22. Februar: D'Amerikaner bombardéieren iertimlech Nijmegen; 800 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 4. Mäerz: Ufank vun der Fréijooschoffensiv vun der Rouder Arméi; d'Wehrmacht zitt sech no an no aus der Ukrain zréck.
- 19. Mäerz: Ungarn gëtt vun Däitschland besat (Unternehmen Margarethe).
- 4. Juni: Roum gëtt vun den Amerkianer befreit.
- 6. Juni: D-Day; Operation Overlord: Debarquement vun den Alliéierten an der Normandie.
- 10. Juni: Eng Unitéit vun der Waffen-SS ermuert bal all Awunner vun Oradour-sur-Glane.
- 3. Juli: Minsk gëtt vun der Rouder Arméi zréckeruewert, 100.000 däitsch Zaldote gi gefaange geholl.
- 23. Juli: D'KZ Majdanek ass dat éischt vun de Vernichtungslageren, dat befreit gëtt.
- 31. Juli: Panzerschluecht vun Avranches; d'Alliéiert duerchbriechen déi däitsch Westfront.
- 20. Juli: En Attentat op den Hitler duerch de Stauffenberg geet schif.
- 12. August: D'Waffen-SS erschéisst 560 Leit (bal all Fraen a Kanner) vum Duerf Sant’Anna di Stazzema.
- 15. August: Amerikanesche a franséisch Verbänn landen tëschent Toulon a Cannes (Operation Dragoon).
- 25. August: Paräis ass befreit.
- 28. August: D'Wehrmacht kaptiuléiert zu Marseille.
- 29. August / 30. August: Königsberg, gëtt duerch britesch Bommenugrëffer zerstéiert.
- 4. September: Britesch Truppe besetzen Antwerpen.
- 11. September: No der Befreiung vu Lëtzebuerg (kuckt ënnen) réckelen amerikanesch Truppen vu Stolzebuerg aus fir d'éischt bis an Däitschland era vir.
- 17. September: Ufank vun der Loftlandung Operation Market Garden
- 25. September: Den Adolf Hitler gëtt den Uerder, e „Volkssturm“ opzesetzen, woubäi Jugendlecher an al Männer agesat ginn.
- 1. Oktober: Beim Massaker vu Marzabotto ermuede Wehrmacht an SS iwwer 800 Zivilisten.
- 2. Oktober: D'Warschauer Revolt ass um Enn; d'Polnesch Heemechtsarméi kapituléiert; déi Däitsch zerstéiere Warschau bal ganz (vum 19. Oktober un).
- 10. Oktober: D'Rout Arméi réckelt viru bis un d'däitsch Grenz an Ostpreußen.
- 15. Oktober: Ungarn schléisst e Waffestëllstand mat den Alliéierten.
- 16. Oktober: De Reichsverweser an Ungarn, Miklós Horthy muss op den Drock vun den Däitschen hin ofdanken, Nofolger gëtt de Pfeilkreuzler Ferenc Szálasi.
- 20. Oktober: D'Rout Arméi hëlt Belgrad an.
- 8. November: D'Kanadier gewannen d'Schluecht ëm d'Schelde-Mündung, déi den 2. Oktober ugefaangen hat.
- 22. November: Metz gëtt duerch d'Amerikaner befreit.
- 29. November: Albanien ass befreit.
Lëtzebuerg [änneren]
- 25. Februar: 23 Lëtzebuerger Resistenzler ginn am Bësch beim KZ Hinzert higeriicht.
- 23. Mäerz: D'Resistenzlerorganisatiounen LVL (Letzeburger Vollekslegio'n), LPL (Lëtzeburger Patriote Liga) an LRL (Lëtzebuerger Roude Léiw ) schléisse sech an der Union des mouvements de résistance luxembourgeois (Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen) zuesummen.
- 9.-11. Mee: Amerikanesch Flijere bombardéieren d'Garen an der Stad an déi zu Beetebuerg
- 14. Juli: De Joergang 1927 gëtt an de Reichsarbeitsdienst an an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert.
- 31. August-1. September: Eng 10.000 Kollaborateuren verloossen d'Land.
- 9. September: D'Zaldote vun der 3.US-Army kommen zu Péiteng iwwer d'Grenz.
- 10. September: D'Stad Lëtzebuerg ass befreit. De Prënz Felix an de Prënz Jean gi vum Vollek enthusiastesch gefeiert.
- 23. September: D'Regierung kënnt aus dem Exil erëm.
- 16. Dezember: Ufank vun der Ardennenoffensiv; den Norde vum Land gëtt nees vun däitschen Truppe besat.
Soss [änneren]
- 17. Juni: Island gëtt vun Dänemark onofhängeg.
- 1. August: De Gustaf Mannerheim gëtt Räichspresident a Finnland.
- 23. August: Bei engem Staatsstreech iwwerhëlt de Kinnek d'Muecht, schléisst e Waffestallstandsofkommes mat den Alliéierten an erkläert Däitschland de Krich.
- 5. September: D'Sowjetunioun erkläert Bulgarien de Krich.
- 15. September: Bulgarien gëtt eng Volleksrepublik, mam Wassil Kolarow als provisoresche President.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
- 3. Februar: D'US-Arméi eruewert mat de Marshallinselen eng éischte Kéier am Krich e virdru japaneschen Territoire.
- 26. Oktober: US- an australesch Verbänn gewannen d'Loft- a Séischluecht am philippinesche Golf von Leyte
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
Economie [änneren]
- 1. Juli bis 22. Juli: Konferenz vu Bretton Woods: 44 Staate gi sech doriwwer eens, eng Weltbank an den Internationale Währungsfonds opzesetzen.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Gebuer [änneren]
- Erich Langjahr, Schwäizer Filmregisseur, Produzent a Kameramann.
- Jean-Paul Ollivier, franséische Vëlosfuerer a Sportjournalist.
- Andrew S. Tanenbaum, US-amerikaneschen Informatiker.
- Sandra Moore Faber, US-amerikanesch Astronomin a Physikerin.
- 1. Januar: Umar Hasan Ahmad al-Baschir, Staatschef vu Sudan.
- 4. Januar: Judy Winter, däitsch Schauspillerin.
- 9. Januar: Jimmy Page, britesche Museker, Gitarrist.
- 12. Januar: Joe Frazier, US-amerikanesche Boxer.
- 17. Januar: Françoise Hardy, franséisch Schlagersängerin, Texterin, Komponistin a Filmschauspillerin.
- 22. Januar: Angela Winkler, däitsch Schauspillerin.
- 23. Januar: Rutger Hauer, hollännesche Schauspiller.
- 24. Januar: Jean-Pierre Klein, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Januar: Alfred Gulden, däitsche Schrëftsteller, Dramatiker, Lidder- a Filmmécher.
- 27. Januar: Mairead Corrigan, Nordiresch Friddensaktivistin, Friddensnobelpräisdréiesch 1976
- 8. Februar: Sebastião Salgado, brasilianesche Fotograf.
- 14. Februar: Carl Bernstein, US-amerikanesche Journalist.
- 14. Februar: Alan Parker, britesche Filmregisseur.
- 14. Februar: Egide Thein, lëtzebuergeschen Offizéier an Diplomat.
- 22. Februar: Jonathan Demme, US-amerikanesche Filmregisseur
- 28. Februar: Sepp Maier, däitsche Foussballspiller.
- 1. Mäerz: Roger Wohlfart, lëtzebuergesche Moler a Karikaturist.
- 2. Mäerz: Uschi Glas, däitsch Schauspillerin.
- 4. Mäerz: Bonnie Lynn Adelson, US-amerikanesch Paukisitin.
- 4. Mäerz: Ulrich Roski, däitsche Lidder-Mécher.
- 6. Mäerz: Kiri Te Kanawa, neiséilännesch Sopransängerin.
- 13. Mäerz: Guy Bernardin, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Mäerz: Ott Neuens, lëtzebuergesche Moler.
- 20. Mäerz: Erwin Neher, Wëssenschaftler an Nobelpräisdréier.
- 20. Mäerz: Norbert Reiland, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Mäerz: Marie-Christine Barrault, franséisch Schauspillerin.
- 21. Mäerz: Gila von Weitershausen, däitsch Schauspillerin.
- 24. Mäerz: Vojislav Koštunica, serbesche Politiker, President vu Jugoslawien a Premierminister vu Serbien.
- 26. Mäerz : Diana Ross, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 5. Abrëll: Willeke van Ammelrooy, hollännesch Schauspillerin.
- 7. Abrëll: Gerhard Schröder, däitsche Politiker, Bundeskanzler.
- 11. Abrëll : Nicoletta (Nicole Grisoni), franséisch Sängerin.
- 14. Abrëll: Henri Klein, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Abrëll: Paul Scheuer, lëtzebuergesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmschauspiller.
- 19. Abrëll: James Heckman, US-amerikaneschen Economist, Nobelpräisdréier.
- 21. Abrëll: Alexandre Marius Dées de Sterio, lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser.
- 22. Abrëll: Steve Fossett, US-amerikaneschen Aventurier.
- 23. Abrëll: Niklaus Schilling, Schwäizer Filmregisseur.
- 25. Abrëll : Christine Ockrent, belsch Journalistin.
- 28. Abrëll : Jean-Claude Van Cauwenberghe, belsche Politiker.
- 28. Abrëll: Günter Verheugen, däitsche Politiker, EU-Kommissar.
- 28. Abrëll: Jacques Wirion, lëtzebuergeschen Auteur.
- 29. Abrëll: Agnès Spaak, franséisch Schauspillerin.
- 1. Mee: André Braun, lëtzebuergesche Bouschéisser an Olympionik.
- 1. Mee: Costa Cordalis, griichesche Sänger vun däitsche Schlager.
- 4. Mee: Monica Bleibtreu, éisträichesch Schauspillerin.
- 4. Mee: Dave, franko-hollännesche Sänger.
- 5. Mee: Christian de Portzamparc, franséischen Architekt.
- 27. Mee : Alain Souchon, franséische Sänger, Komponist a Schauspiller.
- 10. Mee: Marie-France Pisier, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.
- 12. Mee: Chris Patten, britesche Politiker, Gouverneur vun Hongkong an EU-Kommissar.
- 14. Mee: George Lucas, US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent.
- 14. Mee: Josef Johanns, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 16. Mee: Billy Cobham, panamaeschen Jazz-Batteur a -Komponist.
- 17. Mee: Jürgen Peters, däitsche Gewerkschaftsfonctionnaire.
- 20. Mee: Joe Cocker, britesche Rhythm and Blues-Sänger.
- 21. Mee: Mary Robinson, Presidentin vun Irland an UN-Héichcommissairin fir Mënschenrechter.
- 29. Mee: Helmut Berger, éisträichesche Filmschauspiller.
- 28. Mee: Jean-Pierre Léaud, franséische Schauspiller.
- 2. Juni: Marvin Hamlisch, US-amerikanesche Komponist.
- 8. Juni: Babik Reinhardt, Jazz-Gittarist.
- 9. Juni: Bernard Queysanne, franséische Filmregisseur.
- 12. Juni: Christiane Rücker, däitsch Schauspillerin.
- 13. Juni: Ban Ki-moon, südkoreanesche Politiker, UN-Generalsekretär.
- 16. Juni: Aly Schroeder, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Juni: Chico Buarque, brasilianesche Sänger, Komponist a Schrëftsteller.
- 22. Juni: Klaus Maria Brandauer, éisträichesche Schauspiller a Regisseur.
- 22. Juni: Helmut Dietl, däitsche Filmregisseur.
- 3. Juli: Michel Polnareff, franséische Popmuseker.
- 3. Juli: Eugène Rixen, belsche Geeschtlechen a Bëschof vu Goias a Brasilien.
- 5. Juli: Geneviève Grad, franséisch Schauspillerin.
- 6. Juli: Bernhard Schlink, däitschen Auteur, Jurist a Riichter.
- 7. Juli: Toto Cutugno, italienesche Sänger.
- 7. Juli: Ian Wilmut, briteschen Embryolog.
- 13. Juli: Ernő Rubik, ungaresche Sculpteur, Architekt an Erfinder.
- 21. Juli: John Atta-Mills, ghanaesche Politiker.
- 21. Juli: Tony Scott, britesche Filmregisseur.
- 24. Juli: Jan-Carl Raspe, däitschen Terrorist, Member vun der RAF.
- 25. Juli: Christian Fechner, franséische Filmproduzent, Dréibuchauteur a Regisseur.
- 31. Juli: Geraldine Chaplin, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 8. August: Peter Weir, australesche Regisseur.
- 8. August: Derib, Schwäizer Comiczeechner.
- 15. August: Sylvie Vartan, franséisch Chanson- a Pop-Sängerin a Schauspillerin.
- 17. August: Robert Da Grava, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. August: Volker Lechtenbrink, däitsche Schauspiller a Schlagersänger.
- 20. August: Rajiv Gandhi, indesche Premierminister.
- 22. August: Peter Hofmann, däitschen Operen- a Rocksänger.
- 30. August: Charles Reinertz, lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
- 30. August: René Schmitt (Foussballspiller), lëtzebuergesche Foussballspiller
- 31. August: Georges Schranz, lëtzebuergesch Vëlossportler.
- 8. September: Sylvie Hülsemann, lëtzebuergesch Waasserschileeferin a Sportlerin vum Joer.
- 12. September: Barry White, US-amerikanesche Soulsänger.
- 13. September: Jacqueline Bisset, britesch Schauspillerin.
- 17. September: Reinhold Messner, italienesche Biergsteiger.
- 24. September: Diana Körner, däitsch Schauspillerin.
- 25. September: Michael Douglas, US-amerikanesche Schauspiller a Produzent.
- 28. September: Miloš Zeman, tschechesche Politiker, Staatspresident.
- 12. Oktober: Ton Koopman, hollänneschen Dirigent, Organist an Cembalist.
- 12. Oktober: Johny Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. Oktober: Udo Kier, däitsche Schauspiller.
- 15. Oktober: Georgette Bisdorff, lëtzebuergesch Chronistin a Schrëftstellerin.
- 15. Oktober: David Trimble, nordiresche Politiker, Friddensnobelpräisdréier (1998)
- 17. Oktober: Zénon Bernard, lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 17. Oktober: Philippe Noesen, lëtzebuergesche Schauspiller, Theaterintendant a Regisseur.
- 19. Oktober: Clemens Klopfenstein, Schwäizer Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 19. Oktober: Peter Tosh, jamaikanesche Sänger.
- 28. Oktober: Coluche, franséische Filmschauspiller a Komiker.
- 2. November: Patrice Chéreau, franséische Regisseur.
- 3. November: John Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 3. November: Eva Renzi, däitsch Schauspillerin.
- 11. November: Norbert Quintus, lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Auteur.
- 17. November: Danny DeVito, US-amerikanesche Schauspiller.
- 17. November: Claes-Ingvar Lagerkvist, schwedeschen Astronom.
- 17. November: Rem Koolhaas, hollänneschen Architekt.
- 21. November: Harold Ramis, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur an Dréibuchauteur.
- 26. November: Johny Kirsch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. November: Fernand Greisen, lëtzebuergeeschen Ingenieur a Politiker.
- 2. Dezember: Botho Strauß, däitsche Schrëftsteller.
- 3. Dezember: Jos Massard, lëtzebuergesche Biolog, Wëssenschaftshistoriker a Politiker.
- 5. Dezember: Jeroen Krabbé, hollännesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 11. Dezember: Brenda Lee, US-amerikanesch Country-Sängerin.
- 21. Dezember: Ulli Lommel, däitsche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.
- 23. Dezember: Raymond Clement, lëtzebuergesche Fotograf.
- 26. Dezember: Reinhold Bachler, éisträichesche Schisprénger an Trainer am Schisprangen.
Gestuerwen [änneren]
- Hans Schiebelhuth, däitsche Schrëftsteller.
- 5. Januar: Nicolas Biwer, lëtzebuergesche Politiker.
- 9. Januar: Antanas Smetona, éischte President vun der Republik Litauen.
- 11. Januar: Galeazzo Ciano, italieneschen Diplomat a Politiker.
- 14. Januar: Walthère Dewé, belsche Resistenzler.
- 23. Januar: Edvard Munch, norwegescher Moler.
- 31. Januar: Jean Giraudoux, franséischen Theater-Auteur
- 1. Februar: Pieter Cornelis Mondrian, hollännesche Moler
- 4. Februar: Yvette Guilbert, franséisch Music-Hall-Sängerin.
- 10. Februar: Eugène Michel Antoniadi, griicheschen Astronom.
- 23. Februar: Leo Hendrik Baekeland, belschen Erfinder.
- 25. Februar: Louis Bassing, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 25. Februar: Lucien Bentz, lëtzebuergeschen Turnprofesser a Resistenzler.
- 25. Mäerz: Kurt Laves, US-amerikaneschen Astronom.
- 1. Mee: Jizchak Katzenelson, jiddeschen Auteur.
- 11. Mee: Michel Hack, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 17. Mee: Milena Jesenská, tschechesch Schrëftstellerin, Iwwersetzerin a Journalistin.
- 18. Mee: Camille Sutor, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 19. Mee: Albert Ungeheuer, lëtzebuergesche Resistenzler a Passeur.
- 24. Mee: Félix Asselborn, belsche Resistenzler a Member vun der Armée secrète.
- 30. Mee: Bruno Granichstaedten, éisträichesche Komponist.
- 16. Juni: Marc Bloch, franséischen Historiker.
- 21. Juni: Guillaume Salomon, lëtzebuergesche Geschäftsmann an Hobby-Zauberer.
- 19. Juli: Will Marion Cook, US-amerikanesche Komponist.
- 26. Juli: Josy Noesen, lëtzebuergeschen Auteur.
- 26. Juli: Reza Schah Pahlavi, Schah vu Persien.
- 31. Juli: Antoine de Saint-Exupéry, franséische Schrëftsteller a Pilot.
- 2. August: Felix Nussbaum, Moler.
- 18. August: Emile Boeres, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 18. August: Ernst Thälmann, däitsche Politiker.
- 4. September: Pierre Luttgens, belsche Resistenzler.
- 27. September: Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski, russesche Fotograf.
- 14. Oktober: Erwin Rommel, däitsche Generalfeldmarschall.
- 23. Oktober: Charles Glover Barkla, britesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 24. Oktober: Louis Renault, franséischen Ingenieur an Autosconstructeur.
- 7. November: Richard Sorge, däitsche Journalist a Spioun fir d'Sowjetunioun a China an a Japan an der Zäit vum Zweete Weltkrich.
- 22. November: Arthur Stanley Eddington, briteschen Astrophysiker.
- 10. Dezember: Paul Otlet, belschen Informatiounsmanager, Grënner vun der moderner Dokumentatiounswëssenschaft.
- 13. Dezember: Wassily Kandinsky, russesche Moler.
- 15. Dezember: Glenn Miller, US-amerikaneschen Jazz-Trombonnist, Bandleader, Komponist an Arrangeur.
- 20. Dezember: Abbas II., tierkesche Vize-Kinnek vun Egypten.
- 21. Dezember: Alphonse Nickels, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 30. Dezember: Romain Rolland, franséische Schrëftsteller.
| Commons: 1944 – Biller, Videoen oder Audiodateien |