1949
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1944 | 1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952 | 1953 | 1954
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1949
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 25. Januar: De Comecon (Conseil fir géigesäiteg Wirtschaftshëllef) gëtt gegrënnt.
- 8. Februar: An Ungarn gëtt de Kardinol Mindszenty wéinst "Verrot" zu liewenslaangem Prisong veruerteelt.
- 14. Februar: Den António Óscar de Fragoso Carmona gëtt als President vu Portugal ouni Géigekandidat erëmgewielt.
- 16. Februar: Stroossbuerg gëtt Sëtz vum Europarot.
- 4. Abrëll: D'NATO gëtt gegrënnt.
- 18. Abrëll: Irland trëtt aus dem Commonwealth a konstituéiert sech als eege Republik Éire.
- 5. Mee: Den Europarot gëtt vun 10 Staate gegrënnt.
- 9. Mee: De Rainier III. gëtt Prënz vu Monaco.
- 12. Mee: D'Sowjetunioun hieft d'Berlin-Blockad op. Während dëser hunn am Ganzen 2,3 Mio. Tonnen Wueren op duerch eng Loftbréck op West-Berlin geflu misse ginn.
- 12. Mee: Déi dräi westlech Militärgouverneuren an Däitschland verkënnege formell de Besatzungsstatut, dat den 21. September a Kraaft trëtt an der Bundesrepublik Deutschland déi esou entsteet, ang begrenzte Souveränitéit gëtt.
- 23. Mee: D'Grundgesetz fir d'Bundesrepublik Däitschland gëtt duerch de Parlamentaresche Rot verkënnegt an trëtt deen Dag dropp a Kraaft.
- 27. Mee: Déi belsch Regierung vum Paul-Henri Spaak demissionéiert.
- 30. Mee: Den Deutsche Volkskongress an der sowjetescher Zon hëlt d'Verfassung der Deutschen Demokratischen Republik un; se trëtt de 7. Oktober a Kraaft.
- 15. Juli: 12 Mënsche stierwen bei enger Explosioun zu Prüm.
- 14. August: Éischt Walen zum Bundestag an der Bundesrepublik.
- 20. August: Ungarn kritt eng Verfassung a Staatsuerdnung nom sowjetesche Modell.
- 12. September: Den Theodor Heuss gëtt vun der Bundesversammlung zum éischte Bundespresident gewielt.
- 15. September: De Konrad Adenauer gëtt éischte Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland.
- 7. Oktober: D'DDR gëtt gegrënnt. Den Otto Grotewohl gëtt éischte Ministerspresident.
- 9. Oktober: An Éisträich gewënnt d'ÖVP mam Bundeskanzler Leopold Figl d'Nationalrats- (=Parlaments)walen.
- 9. Oktober: Enn vum Biergerkrich a Griicheland, andeems d'griichesch kommunistesch Partei sech no Albanien ofsetzt.
- 11. Oktober: De Wilhelm Pieck gëtt zum éischten an eenzege Staatspräsident vun der DDR gewielt.
- 28. Oktober: De Georges Bidault gëtt neie franséische Premierminister amplaz vum Henri Queuille.
- 3. November: D'Deputéiert vum Bundestag stëmme fir Bonn ammplaz Frankfurt am Main als Haaptstad.
Afrika [änneren]
- 29. Juni: De South African Citizenship Act a Südafrika verbitt d'Bestietnes vu Partner vu verschiddene "Rassen".
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 4. Abrëll: D'NATO gëtt gegrënnt.
- 20. Januar: Den Harry S. Truman gëtt fir säin 2. Mandat als US-President vereedegt.
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
De Mao Zedong proklaméiert d'Voilleksrepublik China.
- 1. Januar: Indien a Pakistan kommen zu engem Waffestëllstand am Krich ëm de Kaschmir.
- 8. Mäerz: Frankräich erkennt d'Onofhängekeet vum Vietnam un.
- 19. Juli: De Laos gëtt onofhängeg bannent der Union Française.
- 8. August: Bhutan gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1. Oktober: De Mao Tse Tung proklaméiert d'Vollekrepublik China
- 26. November: Indien gëtt eng Republik.
- 16. Dezember: De Sukarno gëtt zum President vun Indonesien gewielt.
- 27. Dezember: D'Kinnigin Juliana vun Holland entléisst Indonesien an d'Onofhängegkeet
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten [änneren]
- 25. Januar: Éischt Walen an Israel fir d'Knesset.
- 4. Februar: Attentat op de Schah Mohammad Reza Pahlavi.
- 14. Februar: Den David Ben-Gurion gëtt éischte Premierminister vun Israel.
- 16. Februar: De Chaim Weizmann gëtt zum Staatspresident vun Israel gewielt.
- 24. Februar: Palästinakrich: Ofkommes iwwer e Waffestëllstand tëscht Israel an Eypten (23. Mäerz mam Libanon, 3. Abrëll mat Transjordanien, 20. Juli mat Syrien).
- 30. Mäerz: A Syrien kënnt den Husni az-Za'im duerch e Militärputsch un d'Muecht.
- 2. Juni: Transjordanien gëtt a "Kinnekräich Jordanien" ëmbenannt.
- 14. August: Knapps un der Muecht gëtt den Husni az-Za'im sengersäits duerch e Militärputsch gestierzt.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
Kino [änneren]
- Sands of Iwo Jima vum Allan Dwan.
- Stalingradskaya bitva 1 (The battle of Stalingrad 1) vum Vladimir Petrov.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- 2. Mäerz: D'Boeing B-50A Lucky Lady II, déi aus der Loft betankt gëtt, mécht en éischten Nonstop-Fluch ronderëm d'Äerd.
Sport [änneren]
- 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 0:6 géint Belsch.[1]
- 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Linz 0:3 géint Éisträich.[2]
- 23. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Bratislava 2:2 géint Tschechoslowakei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Marcel Paulus a Léon Letsch geschoss.[3]
- 22. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Marcel Paulus geschoss.[4]
- 16. Juni: De franséische Mëttelgewiichtboxer Marcel Cerdan verléiert säi Weltmeeschtertitel.
- 26. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Zürich, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1950 2:5 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Wagner a Paul Reuter geschoss.[5]
- 18. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1950, 2:3 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Armand Müller a Jim Kremer geschoss.[6]
- 9. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lille 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Vic Feller geschoss.[7]
- 6. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 2:3 géint Belsch. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[8]
Relioun [änneren]
- 13. Juli: De Poopst Pius XII. exkommunizéiert all Kommunisten an hir Sympathisanten.
Gebuer [änneren]
- 1. Januar: Pablo Escobar, kolumbianesche Politiker an Drogenhändler.
- 2. Januar: Jean Krier, lëtzebuergesche Professer an Dichter.
- 8. Januar: René Flenghi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Januar: George Foreman, Profiboxer am Schwéiergewiicht.
- 17. Januar: Andy Kaufman, US-amerikaneschen Entertainer.
- 17. Januar: Mick Taylor, britesche Gitarrist.
- 18. Januar: Philippe Starck, franséischen Designer an Architekt.
- 19. Januar: Robert Palmer, britesche Museker.
- 20. Januar: Göran Persson, schwedesche Politiker a Premierminister.
- 21. Januar: Truong Tan Sang, vietnamesesche Politiker.
- 23. Januar: Alexander Mullenbach, lëtzebuergesche Pianist, Komponist an Dirigent.
- 24. Januar: John Belushi, US-amerikanesche Schauspiller a Museker.
- 10. Februar: Maxime Le Forestier, franséische Sänger.
- 20. Februar: Stefan Waggershausen, däitsche Liddermécher.
- 22. Februar: Manfred Deix, éisträichesche Karikaturist.
- 22. Februar: Niki Lauda, éisträichesche Formel-1-Weltmeeschter an Entreprener.
- 25. Februar: Irma Krauß, däitsch Schrëftstellerin.
- 25. Februar: Amin Maalouf, libanesesch-franséische Schrëftsteller.
- 26. Februar: Emma Kirkby, englesch Sopranistin.
- 5. Mäerz: Bernard Arnault, franséischen Industriellen a Geschäftsmann.
- 12. Mäerz: Alain Chamfort, franséische Sänger a Songschreiwer.
- 22. Mäerz: Fanny Ardant, franséisch Schauspillerin.
- 28. Mäerz: Jean-Paul Martin, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Mäerz: Georg Schramm, däitsche Kabarettist.
- 26. Mäerz: Patrick Süskind, däitsche Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
- 3. Abrëll: Richard Thompson, englesche Folkrocksänger a -gitarrist.
- 7. Abrëll: Walentina Iwanowna Matwijenko, russesch Politikerin.
- 7. Abrëll: Erny Kirchen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 9. Abrëll: Marcel Oberweis, lëtzebuergesche Politiker.
- 11. Abrëll: Bernd Eichinger, däitsche Filmregisseur.
- 19. Abrëll: Paloma Picasso, spuenesch-franséisch Designerin.
- 20. Abrëll: Jessica Lange, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 21. Abrëll: Manette Fusenig, lëtzebuergesch Molerin.
- 23. Abrëll: Lydie Err, lëtzebuergesch Politikerin.
- 23. Abrëll: John Miles, englescher Museker a Komponist.
- 24. Abrëll: Véronique Sanson, franséisch Sängerin a Liddermécherin.
- 25. Abrëll: Dominique Strauss-Kahn, franséischen Ex-Politiker an -direkter vum IWF
- 27. Abrëll: Jean Asselborn, lëtzebuergesche Politiker.
- 28. Abrëll: Sonia Welter, lëtzebuergesch Sculpteuse.
- 30. Abrëll: António Guterres, portugisesche Politiker a Ministerpresident.
- 5. Mee: Émile Krier, lëtzebuergesche Professer an Historiker.
- 9. Mee: Ibrahim Baré Maïnassara, nigresche Politiker a Staatspresident.
- 9. Mee: Billy Joel, US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.
- 12. Mee: Robert Mehlen, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Mee: Luke Haas, lëtzebuergesche Rockmuseker.
- 21. Mee: Arno, belsche Museker.
- 23. Mee: Alan García, President vu Peru (1985 bis 1990).
- 6. Juni: Linda Barnes, US-amerikanesch Krimi-Schrëftstellerin.
- 12. Juni: Juri Michailowitsch Baturin, russesche Kosmonaut.
- 15. Juni: Robert Everling, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker.
- 15. Juni: Pierrot Langers, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Juni: Lech Kaczyński, polnesche Politiker a Staatspresident.
- 18. Juni: Jarosław Kaczyński, polnesche Politiker.
- 20. Juni: Lionel Richie, US-amerikanesche Sänger.
- 22. Juni: Meryl Streep, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 26. Juni: Georges Backes, lëtzebuergesche Sänger.
- 4. Juli: Robert Emeringer, lëtzebuergesche Glaskënschtler.
- 8. Juli: Jean-Paul Goerrres, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Juli: René Kollwelter, lëtzebuergesche Politiker.
- 15. Juli: Carl Bildt, schwedesche Politiker a Premierminister.
- 17. Juli: Chico Freeman, US-amerikaneschen Jazzmuseker.
- 19. Juli: Kgalema Motlanthe, südafrikanesche Politiker a Staatspresident.
- 20. Juli: Jean Delvaux, lëtzebuergesche Moler, Graphiker an Zeechner.
- 24. Juli: Raoul Clausse, lëtzebuergesche Professer a Politiker.
- 24. Juli: Serge Hoffmann, lëtzebuergeschen Historiker.
- 24. Juli: Joan Enric Vives i Sicília, spuenesche Bëschof a Koprënz vun Andorra.
- 27. Juli: Ilse Ries-Hotz, lëtzebuergesch Bouschéisserin.
- 1. August: Kurmanbek Bakijew, kirgisesche Politiker.
- 2. August: Wes Craven, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 12. August: Fernando Collor de Mello, President vu Brasilien (1990-1992).
- 12. August: Mark Knopfler, schottesche Museker (Dire Straits).
- 13. August: Claude Meisch, lëtzebuergesche Biolog.
- 16. August: Rolf Knie, Schwäizer Moler a Clown.
- 17. August: Jeannot Roller, lëtzebuergesche Konschtschmatt.
- 20. August: Phil Lynott, iresche Museker.
- 21. August: Carlo Devillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. August: Bénédicte Weis, lëtzebuergesch Sculptrice a Molerin.
- 25. August: John Savage, US-amerikanesche Filmschauspiller a Produzent.
- 30. August: Peter Maffay, rumänesch-däitsche Museker.
- 31. August: Richard Gere, US-amerikanesche Schauspiller.
- 7. September: Gloria Gaynor, US-amerikanesch Disco-Sängerin.
- 13. September: Maria van der Hoeven, hollännesch Politikerin a Ministesch.
- 20. September: Sabine Azéma, franséisch Schauspillerin.
- 20. September: Jean-Claude Biver, lëtzebuergesche Manager.
- 23. September: Bruce Springsteen, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 24. September: Pedro Almodóvar, spuenesche Filmregisseur.
- 25. September: Carine Kraus, lëtzebuergesch Molerin a Kënschtlerin.
- 25. September: Joseph Sayagh, Groussrabbiner zu Lëtzebuerg.
- 26. September: Aly Doerfel, lëtzebuergesche Fechter.
- 1. Oktober: Yves Mersch, lëtzebuergesche Banquier, Jurist a Politolog.
- 1. Oktober: André Rieu, hollännescheViolinist.
- 2. Oktober: Annie Leibovitz, US-amerikanesch Fotografin.
- 3. Oktober: Anna Recker, däitsch Molerin.
- 5. Oktober: François Hauer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 8. Oktober: Sigourney Weaver, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 21. Oktober: Benjamin Netanjahu, israelesche Politiker a Ministerpresident.
- 1. November: Michael Griffin, US-amerikanesche Physiker a Rakéitenexpert.
- 6. November: Joseph Zangerle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. November: Armand Clesse, lëtzebuergeschen Auteur.
- 15. November: Renée Oberlinkels, lëtzebuergesch Molerin.
- 17. November: Nguyễn Tấn Dũng, vietnamesesche Politiker.
- 21. November: Alain Meyer, lëtzebuergesche Politiker an Enseignant.
- 1. Dezember: Sebastián Piñera, chilenesche Geschäftsmann a Politiker.
- 4. Dezember: André Link, lëtzebuergeschen Auteur.
- 6. Dezember: Nico Hienckes, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 7. Dezember: Tom Waits, US-amerikaniesche Komponist, Schauspiller an Auteur.
- 18. Dezember: Paul Katow, lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.
- 18. Dezember: Steven Spielberg, US-amerikanesche Filmregisseur a Produzent.
- 22. Dezember: Maurice Gibb, australesche Musiker.
- 22. Dezember: Robin Gibb, australesche Sänger.
- 23. Dezember: Gilbert Dussier, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- Sanja Ivekovic, kroatesch Kënschtlerin.
- Ulrich Lindow, däitsche Sculpteur.
- Robert Earl Jackson: US-amerikaneschen Astronom.
Gestuerwen [änneren]
- 14. Januar: Joaquín Turina, spuenesche Komponist.
- 25. Januar: Robert Alesch, franséische kathoulesche Paschtouer.
- 30. Januar: Edmond Reiffers, lëtzebuergesche Politiker an Notaire.
- 11. Februar: Axel Munthe, schwedeschen Dokter an Auteur.
- 13. Mäerz: Auguste Liesch, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 5. Mee: Maurice Maeterlinck, belsche Schrëftsteller.
- 21. Mee: Klaus Mann, däitsche Schrëftsteller.
- 18. Juni: Nicolas Cito, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 8. August: Joaquín Torres García, uruguayanesche Moler.
- 16. August: Margaret Mitchell, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 8. September: Richard Strauss, däitsche Komponist.
- 15. November: Marcel Cahen, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 19. November: James Ensor, belsche Moler.
- 6. Dezember: Leadbelly, US-amerikanesche Folk-Sänger.
- 17. Dezember: Alex Servais, lëtzebuergesche Leefer a Speerwerfer.
- Béla Balázs: ungaresche Schrëftsteller.
| Commons: 1949 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 13. Mäerz 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 23. Mäerz 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 22. Mee 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 26. Juni 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 18. September 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 9. Oktober 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. November 1949 um Site European Football