1954
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1949 | 1950 | 1951 | 1952 | 1953 | 1954 | 1955 | 1956 | 1957 | 1958 | 1959
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1954.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
Europa[änneren]
- 17. Juli: Den Theodor Heuss gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.
- 30. August: D'franséisch Assemblée nationale stëmmt géint den Traité vun enger Europäescher Verdeedegungsgemeinschaft (EVG).
- 2. Oktober: Mat de Paräisser Traitéë gëtt decidéiert, Däitschland nees ze bewaffnen an an d'NATO opzehuelen.
Lëtzebuerg[änneren]
- 1. Januar: Déi éischt Nummer vum Lëtzebuerger Land kënnt eraus.
- 20. Mee: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 26 Sëtzer, d'LSAP der 17, d'DP der 6 an d'KPL der 3.
- 29. Juni: D'Regierung Bech-Bodson, eng CSV-LSAP-Koalitiounsregierung, trëtt hir Fonctioun un.
Afrika[änneren]
Amerika[änneren]
USA[änneren]
- An den USA gëtt d'faarweg Televisioun an NTSC-Norm agefouert.
- 17. Mee: D'Supreme Court vun de Vereenegte Staate verbitt d'Rassentrennung an ëffentleche Schoulen.
Südamerika[änneren]
Asien[änneren]
- 13. Mäerz: Schluecht vun Điện Biên Phủ tëscht de Việt Minh a Frankräich.
- 20. Mee: Den Tschang Kai-Schek gëtt President vun Taiwan.
- 21. Juli: op der Genfer Konferenz gëtt nom Indochinakrich decidéiert, de Vietnam ze deelen.
- 22. Juli: Laos gëtt onofhängeg.
Ozeanien & Pazifik[änneren]
Arabesch Welt[änneren]
- 25. Februar: De Ghamal Abdel Nasser gëtt President vun Egypten.
- 1. November: Ufank vum Algerienkrich.
Konscht & Kultur[änneren]
Molerei[änneren]
Literatur[änneren]
Musek[änneren]
Wëssenschaft & Technik[änneren]
- 21. Januar: Dat éischt U-Boot, dat mat Atomenergie ugedriwwe gëtt, d'„Nautilus“, gëtt an Déngscht geholl.
- 1. Juni: Déi éischt Atomzentral vun der Welt gëtt zu Obninsk bei Moskau a Betrib geholl.
- 18. Oktober: Texas Instruments kënnegt deen éischten Transistorradio un.
Sport[änneren]
- 7. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1954 0:1 géint Irland.[1]
- 14. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Belsch.[2]
- 9. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 0:8 géint Belsch.[3]
- 4. Juli: Déi däitsch Nationalequipe gewënnt d'Foussball-WM an der Schwäiz 3:2 géint Ungarn.
- 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Schwäiz.[4]
- 24. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:4 géint Belsch.[5]
Gebuer[änneren]
- Guy Charlier, Sculpteur, Zeechner a Glaskënschtler.
- Marc Jaeger, lëtzebuergesche Jurist a Riichter.
- Gérard Lommel, lëtzebuergesche Jurist.
- Jean-Bernard Métais, franséische Sculpteur.
- Maatia Toafa, Politiker aus Tuvalu.
- 6. Januar: Anthony Minghella, briteschen Auteur a Regisseur.
- 11. Januar: Gast Michels, lëtzebuergesche Konschtschafenden.
- 22. Januar: Pit Wagner, lëtzebuergesche Konschtschafenden.
- 26. Januar: Roger Molitor, lëtzebuergesche Konschtschafenden.
- 30. Januar: Jochen Kowalski, däitsche Kontertenor.
- 2. Februar: Jean Colombera, lëtzebuergesche Politiker a Medeziner.
- 4. Februar: Michèle Clees, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 5. Februar: Jeanny Dom, lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin.
- 7. Februar: Dieter Bohlen, däitsche Museker, Musekproduzent a Komponist.
- 7. Februar: Roger Negri, lëtzebuergesche Politiker.
- 13. Februar: Martine Deny, lëtzebuergesch Molerin a Videastin.
- 14. Februar: Edouard Marc Kayser, lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Auteur.
- 15. Februar: Matt Groening, US-amerikaneschen Zeechner.
- 16. Februar: Jeff Clayton, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 17. Februar: Marie-Astrid vu Lëtzebuerg.
- 17. Februar: Rene Russo, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 18. Februar: John Travolta, US-amerikanesche Schauspiller, Dänzer, Produzent an Auteur.
- 20. Februar: Georges Pierret, lëtzebuergeschen Affekot a Member vum Staatsrot.
- 21. Februar: Rita Sajeva, italienesch Molerin a Sculptrice.
- 23. Februar: Frank Hoffmann, lëtzebuergesche Regisseur.
- 23. Februar: Wiktor Juschtschenko, ukrainesche Politiker, President vun der Ukraine.
- 26. Februar: Recep Tayyip Erdoğan, tierkesche Politiker, Ministerpresident.
- 26. Februar: Leon de Winter, hollännesche Schrëftsteller.
- 7. Mäerz: Lydie Lorang, lëtzebuergesch Juristin.
- 10. Mäerz: Luc Dardenne, belsche Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur.
- 23. Mäerz: Agnès Rausch, lëtzebuergesch 'Assistante d'hygiène sociale' a Member vum Staatsrot.
- 24. Mäerz: Gilbert Zender, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. Mäerz: Thers Bodé, lëtzebuergesch Journalistin, Psychologin, Politikerin a Fraerechtlerin.
- 28. Mäerz: Sally Arnold, südafrikanesch Molerin, Sculptrice, Journalistin an Iwwersetzerin.
- 1. Abrëll: Jean-Pierre Kunnert, lëtzebuergesche Professer, Historiker, Publizist a Lokalpolitiker.
- 7. Abrëll: Jackie Chan, chinesesche Schauspiller.
- 9. Abrëll: Dennis Quaid, US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. Abrëll: Arnold Stadler, däitsche Schrëftsteller.
- 10. Abrëll: Viviane Loschetter, lëtzebuergesch Politikerin.
- 13. Abrëll: Guy Arendt, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 16. Abrëll: Ellen Barkin, US-amerikanesch Schauspillerin
- 17. Abrëll: Riccardo Patrese, italienesche Formel-1-Pilot.
- 17. Abrëll: Michel Wurth, lëtzebuergeschen Economist a Jurist.
- 23. Abrëll: Michael Moore, US-amerikanesche Dokumentarfilmmécher an Auteur.
- 27. Abrëll: René Clesse, lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller a Publizist.
- 19. Mee: Claude Wey, lëtzebuergeschen Historiker.
- 24. Mee: Manon Bertrand, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 4. Juni: Nic Herber, lëtzebuergeschen "Allround-Kënschtler".
- 10. Juni: Jean-Claude Reding, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 14. Juni: Gianna Nannini, italienesch Musekerin a Sängerin.
- 15. Juni: James Belushi, US-amerikanesche Schauspiller a Museker.
- 19. Juni: Kathleen Turner, US-amerikanesche Schauspillerin.
- 30. Juni: Sersch Sargsjan, armenesche Politiker.
- 13. Juli: Marc Haller, lëtzebuergesche Graphiker a Moler.
- 17. Juli: Philippe Gourier, franséische Sculpteur.
- 17. Juli: Angela Merkel, däitsch Politikerin, Bundeskanzlerin.
- 22. Juli: Al di Meola, italienesch-US-amerikanesche Fusion- an Jazz-Gittarist.
- 22. Juli: Nico Edon, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
- 24. Juli: Roland Harsch, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 28. Juli: Hugo Chávez, venezuelanesche Staatspresident.
- 28. Juli: Steve Morse, US-amerikanesche Gittarist.
- 31. Juli: Lars Widenfalk, schwedesche Sculpteur.
- 2. August: Walter Civitareale, lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
- 3. August: Jean-Michel Treinen, lëtzebuergesche Literat.
- 12. August: François Hollande, franséische Politiker.
- 12. August: Pat Metheny, US-amerikaneschen Jazzgittarist.
- 14. August: Gilbert Dresch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. August: James Cameron, kanadesche Regisseur.
- 30. August: Pierre Renoy, belsche Comicszeechner.
- 4. September: Alex Gilbert, lëtzebuergesche Keramiker a Sculpteur.
- 13. September: Ali Ruckert, lëtzebuergesche Politiker a Journalist.
- 15. September: Hrant Dink, armenesche Journalist.
- 19. September: Nico Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. September: Claude Frisoni, franséische Schrëftsteller, Schauspiller a Regisseur.
- 28. September: Pol Hoffmann, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 28. September: Margot Wallström, schwedesch Politikerin.
- 29. September: Geoffrey Marcy, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 3. Oktober: Emile Calmes, lëtzebuergesche Politiker.
- 16. Oktober: Tim Berne, US-amerikaneschen Altsaxophonist.
- 26. Oktober: Raymond Petit, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 26. Oktober: Marc Gerson, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 14. November: Bernard Hinault, franséischen Cyclist.
- 14. November: Condoleezza Rice, US-amerikanesche Politikerin, Ausseministesch
- 17. November: Max Kohn, lëtzebuergesche Graphiker a Sculpteur.
- 21. November: Claude Birenbaum, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. November: Rita Kail, lëtzebuergesch Schauspillerin
- 27. November: Jean Sorrente, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 6. Dezember: Lucien Czuga, lëtzebuergesche Comic-Texter.
- 9. Dezember: Jean-Claude Juncker, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. Dezember: Chris Evert, US-amerikanesch Tennisspillerin.
- 22. Dezember: Romain Hilgert, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
- 28. Dezember: Denzel Washington, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. Dezember: Georges Wivenes, lëtzebuergesche Jurist a Member vum Staatsrot.
Gestuerwen[änneren]
- Louis Dejean, franséische Sculpteur.
- Thomas Pierrepoint, britesche Schaarfriichter.
- Léon Kinsch, lëtzebuergesche Gemengepolitiker an Deputéierten.
- 8. Januar: Jean-Pierre Decker, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 30. Januar: Ernest Schneider, lëtzebuergeschen Zänndokter, Freimaurer an Hobby-Archeolog.
- 7. Mäerz: Otto Diels, däitsche Chemiker.
- 20. Mäerz: Léon Metzler, lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
- 3. Abrëll: Aristides de Sousa Mendes, portugiseschen Diplomat.
- 21. Abrëll: Jean Curot, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 23. Abrëll: Nicolas Birnbaum, lëtzebuergesche Konschtschräiner.
- 29. Abrëll: Joseph Duhr, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Schrëftsteller.
- 5. Mee: Henri Laurens, franséische Sculpteur a Moler.
- 16. Mee: Werner Bischof, Schwäizer Fotograf.
- 16. Mee: Norbert Jacques, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 16. Mee: Clemens Krauss, éisträicheschen Dirigent.
- 19. Mee: Charles Ives, US-amerikanesche Komponist.
- 25. Mee: Robert Capa, US-amerikanesche Fotograf.
- 7. Juni: Alan Turing, britesche Mathemeatiker a Kryptoanalytiker.
- 13. Juli: Frida Kahlo, mexikanesch Molerin.
- 14. Juli: Jacinto Benavente, spueneschen Theaterauteur a Literaturnobelpräisdréier (1922).
- 3. August: Sidonie-Gabrielle Colette, franséisch Schrëftstellerin, Kabarettistin a Journalistin.
- 19. August: Alcide de Gasperi, italienesche Politiker
- 16. Oktober: Friedrich-Wilhelm Lübke, däitsche Politiker
- 29. September: Enrico Fermi, italienesche Physiker.
- 3. November: Henri Matisse, franséische Moler.
- 26. November: Jonas Žemaitis-Vytautas, Chef vun der litauescher Ënnergrondarméi.
- 30. November: Wilhelm Furtwängler, däitschen Dirigent a Komponist.
- 6. Dezember: Paul de Pidoll, lëtzebuergesche Buchillustrateur, Xylograph a Moler.
| Commons: 1954 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Irland de 7. Mäerz 1954 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Mäerz 1954 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 9. Mee 1954 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 10. Oktober 1954 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 24. Oktober 1954 um Site European Football