1968
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1963 | 1964 | 1965 | 1966 | 1967 | 1968 | 1969 | 1970 | 1971 | 1972 | 1973
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1968.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 5. Januar: Den Alexander Dubček gëtt Éischte Sekretär vun der Kommunistescher Partei vun der Tschechoslowakei.
- 8. Mäerz : Studentemanifestatiounen a Polen.
- 3. Abrëll: Eng Grupp ronderëm den Andreas Baader an d'Gudrun Ensslin stiechen e Buttek zu Frankfurt a Flamen.
- 3. Mee: Zu Paräis besetze Studenten d'Sorbonne.
- 6. Mee: Stroosseschluechten am Paräisser Quartier latin, Ufank vun de Mee-Onrouen.
- 17. Mee: Generalstreik a Frankräich.
- 20./21. August: Truppe vum Warschauer Pakt marschéieren an d'Tschechoslowakei an a setzen dem Prager Fréijoer en Enn.
Lëtzebuerg [änneren]
- 29. Oktober: Récktrëtt vun der Regierung Werner-Cravatte.
- 4. Dezember: Éischte Concert am Jazzclub Lëtzebuerg an der Hastesch-Millen.
- 15. Dezember: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 21 Sëtzer, d'LSAP der 18, d'DP der 11 an d'KPL der 6.
Afrika [änneren]
- 12. Mäerz: Mauritius gëtt onofhängeg.
- 6. September: Swasiland gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 12. Oktober: Equatorialguinea gëtt vu Spuenien onofhängeg.
Amerika [änneren]
- 2. Oktober: Massaker vun Tlatelolco a Mexiko, honnerte vu Studente ginn doutgemaach.
USA [änneren]
- 4. Abrëll: De Martin Luther King gëtt an engem Hotel zu Memphis (Tennessee) erschoss.
- 5. Juni: De Robert F. Kennedy gëtt ermuert.
- 5. November: De Republikaner Richard Nixon gewënnt d'Wal zum 37. President vun den USA.
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
- 30. Januar: Am Vietnamkrieg fänkt d'Tet-Offensiv ënnert dem Generol Võ Nguyên Giáp un.
- 16. Mäerz: D'US-Army massakréiert 503 Zivilisten zu My Lai (Son My), Südvietnam.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
- 31. Januar: Nauru gëtt vun Australien onofhängeg.
Arabesch Welt [änneren]
- 17. Juli: De Revolutionäre Kommandorot vun der Baath-Partei ënnert dem Ahmad Hasan al-Bakr iwwerhëlt d'Muecht am Irak.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 6. Abrëll: D'Massiel gewënnt fir Spuenien mam Lidd La, la, la den 13. Eurovision Song Contest zu London.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Economie [änneren]
- 18. Mäerz: Den US-amerikanesche Kongress hieft d'Decisioun op, datt Goldreservë fir den US-Dollar gemaach musse ginn.
Sport [änneren]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Emile Antony geschoss.[1]
- 17. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 3:4 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard, Edy Dublin a Jean Klein geschoss.[2]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Belsch.[3]
- 4. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, zu Rotterdam 0:2 géint Holland.[4]
- 20. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kopenhagen 1:5 géint Dänemark. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Klein geschoss.[5]
- 8. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Belsch.[6]
Gebuer [änneren]
- Lukas Arons, hollännesche Sculpteur.
- 9. Januar: Frédéric Fonteyne, belsche Filmregisseur.
- 17. Januar: Mathilde Seigner, franséisch Schauspillerin.
- 22. Januar: Attila Bartis, ungaresche Schrëftsteller a Fotograf.
- 30. Januar: Felipe vu Spuenien, spueneschen Trounfolger.
- 1. Februar: Lisa Marie Presley, US-amerikanesch Sängerin.
- 19. Februar: Patrick Morocutti, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Februar: Josée Hansen, lëtzebuergesch Journalistin.
- 2. Mäerz: Daniel Craig, englesche Schauspiller.
- 3. Mäerz: Peder Istad, norwegesche Sculpteur.
- 5. Mäerz: Gordon Bajnai, ongresche Politiker.
- 30. Mäerz: Céline Dion, kanadesch Popsängerin.
- 10. Abrëll: Lukas Arons, hollännesche Sculpteur.
- 19. Abrëll: Ashley Judd, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 29. Abrëll: Jürgen Vogel, däitsche Schauspiller.
- 29. Abrëll: Michael Herbig, däitsche Schauspiller, Auteur, Regisseur a Filmproduzent.
- 15. Mee: Cecilia Malmström, schwedesch Politikerin.
- 28. Mee: Kylie Minogue, australesch Pop-Sängerin.
- 1. Juni: Klaudia Kampa, polnesch Keramikerin a Molerin.
- 11. Juni: Alois vu Liechtenstein, Liechtensteiner Trounfolger.
- 13. Juli: Véronique Linster, lëtzebuergesch Liichtahtletin.
- 16. Juli: Larry Sanger, US-amerikanesche Philosophie-Professer a Matgrënner vun der Wikipedia.
- 17. Juli: Nadine Bichler, lëtzebuergesch Saxophonistin.
- 19. Juli: Ketewan Arachamia-Grant, georgesch Schachgroussmeeschterin.
- 19. Juli: Tom Flick, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 27. Juli: Frank Goergen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. August: Robert vu Lëtzebuerg, lëtzebuergesche Wënzer.
- 16. August: Florin Balaban, rumänesche Karikaturist a Sportler
- 17. August: Anthony E. Zuiker, US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 18. August: Ernie Hammes, lëtzebuergeschen Jazz-Trompettist.
- 1. September: Mohammed Atta, egypteschen Terrorist († 2001)
- 10. September: Florence Nibart-Devouard, Presidentin vun der Wikimediastëftung.
- 11. September: Joël Groff, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. September: Jeff Saibene, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 22. September: Mihai Răzvan Ungureanu, rumänesche Politiker an Historiker.
- 25. September: Will Smith, US-amerikanesche Schauspiller a Rapper.
- 27. September: Mari Kiviniemi, finnesch Politikerin.
- 28. September: Naomi Watts, amerikanesch Schauspillerin.
- 13. Oktober: Marie Adam, franséisch Schauspillerin.
- 6. Dezember: Dieter D, lëtzebuergeschen Entertainer
- 23. Dezember: Carla Bruni, italiensch Musekerin a Fotomodell.
- 30. Dezember: Fabrice Guy, franséische Schileefer.
- 30. Dezember: Marc Lies, lëtzebuergesche Politiker.
Gestuerwen [änneren]
- 27. Januar: Alexander Wilkens, däitschen Astronom.
- 25. Februar: Camille Huysmans, belsche Politiker.
- 28. Februar: Adrien de Prémorel, belsche Schrëftsteller.
- 20. Mäerz: Carl Theodor Dreyer, dänesche Filmregisseur-
- 27. Mäerz: Juri Alexejewitsch Gagarin, sowjetesche Kosmonaut a Colonel-
- 4. Abrëll: Martin Luther King, US-amerikanesche Kämpfer fir Biergerrechter (Friddensnobelpräis 1964).
- 8. Abrëll: Harold D. Babcock, US-amerikaneschen Astronom.
- 23. Abrëll: Nicolas Flener, lëtzebuergeschen Auteur.
- 26. Abrëll: John Heartfield, däitsche Moler, Graphiker, Fotomontagekënschtler a Bühnemoler.
- 1. Juni: Helen Keller, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 6. Juni: Robert F. Kennedy, US-amerikanesche Politiker, Senator vun New York.
- 28. Juni: Félix Corrent, Moler an Zeechner.
- 19. Juli: Oscar d'Ardenne, belschen Offizéier a Kommandant vum Fort d'Aubin-Neufchâteau.
- 22. Juli: Giovannino Guareschi, italienesche Journalist, Karikaturist a Schrëftsteller.
- 27. Juli: Lilian Harvey, däitsch Schauspillerin a Sängerin.
- 28. Juli: Otto Hahn, däitsche Chemiker, Nobelpräisdréier.
- 24. August: Heinrich Hamm, däitsche Skulpteur.
- 25. August: Harry Elmer Barnes, US-amerikaneschen Soziolog a Kulturhistoriker.
- 23. September: Padre Pio, italienesche Kapuzinerpater.
- 2. Oktober: Marcel Duchamp, franséische Moler an Objetskënschtler.
- 12. Oktober: Jean Gallion, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. November: Upton Sinclair, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 28. November: Enid Blyton, englesch Kannerbuchauteure.
- 29. November: Lawrence Huntington, britesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1. Dezember: Dario Moreno, tierkesche Popsänger a Filmschauspiller.
- 20. Dezember: John Steinbeck, US-amerikaneschen Auteur.
- 20. Dezember: Max Brod, tschechesche Schrëftsteller.
- 30. Dezember: Trygve Lie, norwegesche Politiker an UNO-Generalsekretär.
| Commons: 1968 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 31. Mäerz 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 17. Abrëll 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Mee 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 4. September 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg den 20. November 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 8. Dezember 1968 um Site European Football