1978
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1978.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 16. Mäerz: Den Uelegtanker Amoco Cadiz leeft virun der bretonescher Küst aus.
- 12. - 19. Mäerz: Parlamentswalen a Frankräich.
- 31. Mäerz: De Raymond Barre bleift Premierminister a Frankräich.
- 16. Abrëll: Den italienesche Premierminister Aldo Moro gëtt vun de Roude Brigaden entfouert.
- 28. August: A Portugal demissionéiert d'Regierung vum Mario Soares.
Lëtzebuerg [änneren]
- 31. Oktober: En neit Scheedungsgesetz trëtt a Kraaft.
Afrika [änneren]
- Abrëll: Biergerkrich am Angola.
- Abrëll: Putsch a Biergerkrich an Uganda.
- 22. August: Den Daniel Arap Moi gëtt President a Kenia (bis 2002).
- 29. August: Den Hissène Habré gëtt Premierminister am Tschad.
- 29. September: De Pieter Willem Botha gëtt Premierminister a Südafrika.
- Oktober: Biergerkrich a Somalia (bis 1991).
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 18. Abrëll: D'Zon vum Panama-Kanal geet u Panamá; de Kanal selwer bleift bis 1999 an US-amerikanescher Hand.
- Beagle-Konflikt: militäresch Ausernanersetzung tëschent Argentinien a Chile ëm de Beagle-Kanal.
- 21. Juli: Putsch vum Generol Juan Pereda Asbún a Bolivien.
- 7. August: Militärputsch an Honduras.
- 22. August: Den FSLN iwwerhëlt d'Muecht an Nicaragua.
- 3. November: Dominica gëtt onofhängeg.
- 18. November: 914 Membere vun enger amerikanescher Sekt suizidéiere sech a Guyayana.
- 24. November: Den David Padilla Arancibia putscht a Bolivie géint de Pereda.
Asien [änneren]
- 27. Abrëll: Kommunistesche Putsch an Afghanistan.
- 25. Dezember - 12. Januar 1979: Nodeems d'Rout Khmer d'vietnamesesch Bëvelkerung am Kambodscha doutgemaach hunn, iwwerfällt Vietnam de Kambodscha. De Pol Pot leeft fort a gëtt duerch den Heng Samrin ersat, deen dem Vietnam nosteet.
- Dezember: Den Deng Xiaoping kënnt a China zréck un d'Muecht.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
- 7. Juli: D'Salomonen gi vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1. Oktober: Tuvalu gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 14. Mäerz: No engem palestinenseschen Iwwerfall, dee 37 Doudesaffer gemaach huet, besetzt Israel de Süde vum Libanon (bis Juni, wou eng UNO-Trupp d'Grenz séchere kënnt).
- Biergerkrich am Libanon.
- 17. September: Accorde vu Camp David.
- 2. - 5. Oktober: Den 9. Arabesche Sommet stëmmt ëestëmmeg (Egypten ass net derbäi) géint d'Accorde vu Camp David.
- 6. Oktober: De Saddam Hussein geheit den Ayatollah Khomeyni aus dem Irak; dëse flücht a Frankräich.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 22. Abrëll: Den Izhar Cohen and the Alphabeta gewanne fir Israel mam Lidd A-ba-ni-bi den 23. Eurovision Song Contest zu Paräis.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Economie [änneren]
- 16. Januar: Deen 16.500.000ste a leschte VW-"Käfer" gëtt zu Wolfsburg produzéiert.
- 14. Dezember: Den Europäesche Währungssystem gëtt geschaf.
Sport [änneren]
- 28. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Dijon 0:4 géint Frankräich.[1]
- 22. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Polen. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeannot Reiter geschoss.[2]
- 23. Juli: De Bernard Hinault gewënnt mat 23 Joer bei senger éischter Participatioun de 65. Tour de France
- 7. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Romain Michaux geschoss.[3]
Gebuer [änneren]
- 17. Februar: Claire Thill, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 16. Mäerz: Annett Renneberg, däitsch Schauspillerin.
- 7. Abrëll: Cédric Anen, lëtzebuergesche Fechter.
- 7. Abrëll: Carlo Pace, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 7. Abrëll: Duncan James, britesche Sänger.
- 8. Mee: Patrick Galbats, lëtzebuergesche Fotograf.
- 4. Juni: Max Becker, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 11. Juni: Marc Baum, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 19. Juni: Dirk Nowitzki, däitsche Basketballspiller.
- 20. Juni: "Ketty Maus", fiktiv Fra op lëtzebuergesche Pass-Modeller.
- 20. Juni: Frank Lampard, englesche Foussballspiller.
- 3. Juli: Kim Kirchen, lëtzebuergesche Velosportler.
- 17. Juli: Anna Zatonskih, ukrainesch-US-amerikanesch Schachspillerin.
- 17. August : Jelena Karleuša, serbesch Sängerin
- 23. August: Pascal Debra, lëtzebuergesche Philosoph a Schrëftsteller.
- 10. September: Carole Calmes, lëtzebuergesch Schéisserin.
- 19. September: Michelle Alves, brasilianescht Fotomodell.
- 21. September: Sylvia Camarda, lëtzebuergesch Dänzerin.
- 22. September: Fabienne Gaul, lëtzebuergesch Politikerin.
- 27. September: Ani Lorak, ukrainesch Sängerin.
- 2. Oktober: Ayumi Hamasaki, japanesch Sängerin.
- 12. Oktober: Georg Hettich, däitsche Schileefer.
- 29. Oktober: Alwin de Prins, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 11. November: Ludmilla Radchenko, russesche Model, Moudendesignerin a Schauspillerin.
- 15. November: Véronique Kolber, lëtzebuergesch Fotografin.
- 11. Dezember: Benjamin Day, australesche Vëlossportler
Gestuerwen [änneren]
- Robert Debré, franséische Pediater.
- Antoine Diederich, lëtzebuergesche Resistenzler.
- Paul Hammer, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- Jacques Rueff, franséische Jurist an Economist.
- 13. Januar: Maurice Carême, belschen Auteur.
- 26. Januar: Leo Genn, britesche Schauspiller.
- 9. Februar: Max Goergen, lëtzebuergeschen Theaterauteur.
- 19. Februar: Abramo Dall'Agnol, lëtzebuergesch-italienesche Vëlossportler.
- 11. Mäerz: Claude François, franséische Sänger.
- 12. Mäerz: Léon Lommel, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Bëschof.
- 15. Mäerz: Arthur Useldinger, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Mäerz: Malvina Reynolds, US-amerikanesch Folksängerin a -komponistin.
- 29. Mäerz: Eugène Schaus, lëtzebuergesche Politiker.
- 8. Abrëll: Albert Kaiser, lëtzebuergesche Moler, Graveur a Gewerkschaftler.
- 9. Abrëll: René Carol, däitsche Schlagersänger.
- 9. Mee: Aldo Moro, italienesche Politiker.
- 14. Mee: Alexander Kipnis, ukrainesch-US-amerikanesche Basssänger.
- 20. Mee: Eugène Auguste Collart, lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär, Politiker, Diplomat a Publizist.
- 21. Mee: Kurt Halbritter, däitsche Karikaturist a satireschen Zeechner.
- 21. Mee: Gaston Dumont, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 31. Mee: Paul Anen, lëtzebuergesche Fechter.
- 8. Juni: Jean Proess, lëtzebuergesche Leefer.
- 24. Juli: Christophe Didier, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. Juli: Umberto Nobile, italienesche Loftschëffpionéier.
- 5. August: Ernst Melchior, éisträichesche Foussballspiller an -trainer.
- 6. August: Poopst Paul VI.
- 17. August: Hans Wolter, däitsche Physiker an Erfinder.
- 23. September: Marcel Goebel, lëtzebuergeschen Architekt.
- 28. September: Poopst Jean-Paul I..
- 6. Oktober: Raoul Weckbecker, lëtzebuergesche Bobsportler a Schileefer.
- 9. Oktober: Jacques Brel, belsche Chansonnier a Schauspiller.
- 16. November: Claude Dauphin, franséische Schauspiller.
- 18. November: Lennie Tristano, US-amerikaneschen Jazzmusekr a -komponist.
- 8. Dezember: Golda Meir, israelesch Politikerin.
- 16. Dezember: Jenny Lou Carson, US-amerikanesch Country-Sängerin.
| Commons: 1978 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 28. Februar 1978 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Polen den 22. Mäerz 1978 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 7. Oktober 1978 um Site European Football