1986
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1981 | 1982 | 1983 | 1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1986.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: Portugal a Spuenien gi Member vun der Europäescher Gemeinschaft
- 23. Februar: Massemanifestatiounen a Spuenien fir en Austrëtt vu Spuenien aus der NATO.
- 25. Februar: De Generalsekretär Michail Gorbatschow fuerdert um 27. Parteikongress vu der KPSU „Glasnost“.
- 9. Mäerz: De Mário Soares gëtt neie portugisesche President.
- 12. Mäerz: Bei engem Referendum stëmmt d'Majoritéit vun de Spuenier dofir, datt hiert Land an der NATO bleift.
- 26. Abrëll: Reaktorkatastroph zu Tschernobyl.
- 8. Juni: De Kurt Waldheim gëtt zum éisträichesche Bundespresident gewielt.
- 22. Juni: Parlamentswalen a Spuenien.
- 23. November: Parlamentswalen an Éisträich, d'SPÖ mam Bundeskanzler Vranitzky bleift stäerkste Partei.
- 19. Dezember: De sowjetesche Regimekritiker Andrei Sacharow gëtt rehabilitiéert an dierf aus der Verbannung op Moskau hannescht.
Lëtzebuerg [änneren]
- 8. Mee: De Grand-Duc Jean hëlt zu Oochen de Karlspräis un, deen un d'Lëtzebuerger Vollek vergi gouf.
- 9. Juni - 12. Juni: De Grand-Duc Jean an d'Grand-Duchesse Joséphine-Charlotte sinn op offiziellem Staatsbesuch an Island.
- 23. September: Um halwer aacht moies ginn UFOen iwwer Lëtzebuerg gesinn. Enger spéiderer AFP-Meldung no soll et sech awer dobäi ëm d'Iwwerrechter vun zwou sowjeteschen Trägerrakéite gehandelt hunn, déi an der Atmosphär vergloust sinn.
Afrika [änneren]
- 29. Januar: De Yoweri Kaguta Museveni gëtt President vun der Republik Uganda
- 25. Abrëll: De Kinnek Mswati III. gëtt Staatschef vu Swasiland
- 21. August: De Nyos-Séi e Gas-Séi a Kamerun stéisst nuets grouss Qantitéiten CO2 aus. iwwer 1700 Leit an hiert Véi an engem Ëmkrees vun e puer Dose Kilometer erstécken.
Amerika [änneren]
- 28. Januar: De Space-Shuttle Challenger explodéiert kuerz nom Start, all siwen Astronauten kommen ëm d'Liewen.
- 16. August: Dominikanesch Republik: De Joaquin Balaguer gëtt Staatspresident.
- Oktober/November: D'Iran-Contra-Affär gëtt bekannt.
- 10. Oktober: Äedbiewen an El Salvador, iwwer 1.000 Doudeger.
Asien [änneren]
- 25. Februar: De President Ferdinand Marcos vun de Philippinen gëtt gestierzt, Nofolgerin gëtt d'Corazon Aquino.
Ozeanien [änneren]
- 21. Oktober: D'Marshallinselen a Mikronesien ginn vun den USA onofhängeg.
Arabesch Welt an Noen Osten [änneren]
- 13. Januar: Ufank vum Biergerkrich am Nordjemen
Konscht & Kultur [änneren]
Musek [änneren]
- 3. Mee: D'Sandra Kim gewënnt fir d'Belsch mam Lidd J'aime la vie den 31. Eurovision Song Contest zu Bergen.
Sport [änneren]
- 5. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Portimão 0:2 géint Portugal.[1]
- 29. Juni: Bei der Foussball-WM a Mexiko gewënnt d'Equipe aus Argentinien géint déi aus Westdäitschland an der Finall mat 3:2.
- 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 0:6 géint Belsch.[2]
- 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Glasgow, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 0:3 géint Schottland.[3]
Gebuer [änneren]
- 4. Januar: Jerry Weyer, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Januar: Zlata Ohnewitsch, ukrainesch Popsängerin.
- 4. Mäerz: Cyrille Heymans, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. Mäerz: Philippe Dürrer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Mäerz: Mickaël Cherel, franséische professionelle Vëlossportler.
- 24. Mäerz: Nathalia Dill, brasilianesch Schauspillerin.
- 28. Mäerz: Lady Gaga, US-amerikanesch Songwriterin a Sängerin.
- 11. Abrëll: Tatjana Anatoljewna Kossinzewa, russesch Schachspillerin.
- 5. Mee: Francesco Masciarelli, italienesche Vëlossportler.
- 15. Mee: Joe Hatto, lëtzebuergeschen Tennisspiller.
- 6. Juni: Carlo Kirsch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 24. Juli: Vüqar Həşimov, aserbaidschanesche Schachgroussmeeschter.
- 3. August: Prënz Louis vu Lëtzebuerg.
- 10. August: Aurélien Joachim, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. August: Usain Bolt, jamaikanesche Sprinter.
- 3. September: Jempy Drucker, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 5. Oktober: Rui Da Costa, portugisesche Vëlossportler.
- 4. November: Alexz Johnson, kanadesch Schauspillerin.
- 23. Dezember: David Reinhardt, franséischen Jazz-Gitarist.
Gestuerwen [änneren]
- Albert Malet, franséische Moler.
- Tony Rollman, lëtzebuergesche Stolspezialist.
- 4. Januar: Phil Lynott, iresche Museker.
- 14. Januar: Donna Reed, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. Januar: Daniel Balavoine, franséische Sänger (* 1952)
- 27. Januar: Tit Schroeder, lëtzebuergeschen Auteur.
- 27. Januar: Lilli Palmer, däitsch Schauspillerin (* 1914)
- 19. Februar: Ry Boissaux, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 28. Februar: Olof Palme, schwedesche Politiker (* 1927)
- 4. Mäerz: Will Dahlem, lëtzebuergesche Moler.
- 11. Mäerz: Sonny Terry, US-amerikanesche Bluessänger a Mondharmonikaspiller (* 1911)
- 14. Abrëll: Simone de Beauvoir, franséisch Schrëftstellerin, Philosophin a Feministin (* 1908)
- 15. Abrëll: Jean Genet, franséische Schrëftsteller (* 1910)
- 17. Abrëll: Marcel Dassault, franséischen Entreprener an der Aviatioun (* 1892)
- 22. Abrëll: Mircea Eliade, rumänesche Reliounshistoriker, Essayist a Romancier (* 1907)
- 23. Abrëll: Otto Preminger, US-amerikanescher Regisseur a Filmproduzent (* 1906)
- 26. Abrëll: Hermann Gmeiner, Grënner den SOS-Kannerdiefer (* 1919)
- 26. Abrëll: Lou van Burg, hollännesch-däitsche Showmaster an Entertainer (* 1917)
- 5. Mee: Käthe Haack, däitsch Schauspillerin.
- 7. Mee: Gaston Defferre, franséische Politiker (* 1910)
- 9. Mee: Tenzing Norgay, Alpinist, Éischten um Mount Everest (* 1914)
- 23. Mee: Sterling Hayden, US-amerikanesche Schauspiller an Auteur (* 1916)
- 5. Juni: Henk Backer, hollännesche Comiczeechner.
- 6. Juni: Norbert Stelmes, lëtzebuergesche Komponist a Pianist (* 1915)
- 13. Juni: Benny Goodman, US-amerikaneschen Jazz-Museker.
- 14. Juni: Jorge Luís Borges, argentinesche Schrëftsteller (* 1899)
- 19. Juni: Coluche, franséische Filmschauspiller a Komiker (* 1944)
- 30. Juni: László Lékai, ungaresche Geeschtlechen.
- 25. Juli: Vincente Minnelli, US-amerikanesche Regisseur (* 1903)
- 25. August: Peter Chatel, däitsche Schauspiller.
- 31. August: Urho Kaleva Kekkonen, finnesche President (* 1900)
- 31. August: Henry Moore, englesche Sculpteur a Moler.
- 12. September: Emmy Rossum, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 17. September: René Mertzig, lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
- 27. September: Cliff Bourton, Bassist vun der Band Metallica.
- 30. September: Franz Burda, däitschen Editeur a Grënner vum Burda-Verlag (* 1903)
- 9. Oktober: Harald Reinl, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 21. Oktober: Dominique Urbany, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker.
- 26. Oktober: Alfred Nimax, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 8. November: Wjatscheslaw Michailowitsch Molotow, Regierungschef an Ausseminister vun der Sowjetunion.
- 13. November: Rudolf Schock, däitschen Tenorsänger.
- 26. November: Ingeborg Drewitz, däitsch Schrëftstellerin.
- 26. November: Géza von Radványi, ongresche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 29. November: Cary Grant, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. Dezember: Harold Macmillan, britesche Politiker.
| Commons: 1986 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg de 5. Februar 1986 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Oktober 1986 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schottland-Lëtzebuerg den 12. November 1986 um Site European Football