1993
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1993.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: D'Europäesch Unioun trëtt a Kraaft.
- 1. Januar: D'Tschechoslowakei spléckt sech an d'Tschechesch Republik an d'Slowakei.
- 14. Mäerz : Andorra gëtt sech eng éischt Verfassung.
- 13. Mee : Zu Neuilly-sur-Seine hält e Mann, dee sech Human Bomb nennt, Spillschoulskanner als Geisel, hie gëtt vun enger Spezialunitéit vun der Police erschoss.
- 25. Mee: Zu Den Haag gëtt d'UN-Krichsverbriechertribunal fir Ex-Jugoslawien gegrënnt.
- 7. Juli: De Guntis Ulmanis gëtt Staatspresident a Lettland.
- 9. August: Den Albert II. gëtt Kinnek vun de Belsch.
- 1. November: Den Traité vu Maastricht trëtt a Kraaft.
Lëtzebuerg [änneren]
- 1. Juni: Den 1. lëtzebuergesche 5.000-Frangschäin kënnt eraus.
- 19. September: De Soziokulturelle Radio 100,7 geet op Sendung.
- 10. Oktober: Gemengewalen.
Afrika [änneren]
- 24. Mee: Eritrea gëtt onofhängeg.
- 1. Juni Presidentschaftswalen a Burundi.
- 12. Juni: Presidentschaftswalen an Nigeria.
- 29. Juni: Parlamentswalen a Burundi.
- 16. Juni: Parlamentswalen a Madagaskar.
- 10. Juli: De Melchior Ndadaye gëtt President a Burundi.
- 20. Juli: De France-Alber René gëtt als Staatspresident vun de Seychellen confirméiert.
- 21. Oktober: De President vum Burundi, Melchior Ndadaye, gëtt ëmbruecht, an der Folleg dovunner brécht e Biergerkrich aus, an dem eng 100.000 Tutsien doutgemaach ginn.
- 5. Dezember: Den Omar Bongo Ondimba gëtt als Staatspresident vum Gabon erëmgewielt.
- 19. Dezember: De Lansana Conté gëtt als President vu Guinea erëmgewielt.
Amerika [änneren]
- 29. Juni : D'Kim Campbell gëtt Première-Ministesch a Kanada.
- 25. Oktober: De Jean Chrétien gëtt Premierminister a Kanada.
- 17. November: Den NAFTA, e Fräihandelsofkommes, gëtt tëschent de Vereenegte Staaten, Kananda a Mexiko ofgeschloss.
USA [änneren]
- 20. Januar: De Bill Clinton trëtt säin Amt als US-President un.
- 26. Februar : Attentat op d'World Trade Center zu New York, 6 Doudeger an eng Dausend Blesséierter.
Südamerika [änneren]
- 10. Mee: De Juan Carlos Wasmosy gêtt Staatspresident vu Paraguay.
- 31. Dezember: Peru gëtt sech eng nei Verfassung a gëtt Republik.
Asien [änneren]
- 23. Mee: ÉIscht fräi Walen zënter iwwer 20 Joer a Kambodscha.
- 24. September: De Norodom Sihanouk gëtt Kinnek vu Kambodscha.
- 27. September: Zu Sochumi, an Abchasien, ginn iwwer 7.000 geogesch Ziviliste massakréiert.
- 3. Oktober: Den Heydär Äliyev gëtt President vun Aserbaidschan.
- 4. Oktober: Enn vun engem Putschversuch a Russland.
- 12. Dezember: Éischt fräi Walen a Russland.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 27. Abrëll: Éischt geheim an demokratesch Walen am Jemen.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Servais-Präis: Pol Greisch fir Äddi Charel - Besuch - E Stéck Streisel.
- Batty-Weber-Präis fir de Léopold Hoffmann.
Musek [änneren]
- 15. Mee: D'Niamh Kavanagh gewënnt fir Irland mam Lidd In Your Eyes den 38. Eurovision Song Contest zu Millstreet.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 17. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Athen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:2 géint Griicheland.[1]
- 14. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:4 géint Russland.[2]
- 20. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 1:1 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet en islännesche Spiller geschoss. (Selbstgol)[3]
- 8. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Reykjavík, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:1 géint Island.[4]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 1:3 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Fanelli geschoss.[5]
- 27. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Budapest, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:1 géint Ungarn.[6]
Gebuer [änneren]
- 28. Februar: Emmelie de Forest, dänesch Popsängerin.
- 29. Mee: Alexei Nickels, lëtzebuergesche Fechter
Gestuerwen [änneren]
- 6. Januar: Dizzy Gillespie, US-amerikaneschen Jazz-Trompetist.
- 6. Januar: Rudolf Nourejew, Ballet-Dänzer.
- 13. Januar: René Pleven, franséische Politiker.
- 14. Januar: Vic. Abens, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Januar: Audrey Hepburn, USamerikanesch Schauspillerin.
- 5. Februar: Joseph L. Mankiewicz, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 10. Februar: Bengt Edlén, schwedeschen Astrophysiker.
- 25. Februar: Eddie Constantine, US-amrikaneschen, dono franséische Schauspiller.
- 27. Februar: Lillian Gish, Schauspillerin.
- 3. Mäerz: Albert Sabin, US-amerikanesche Virolog, Erfinder vun der Polio-Schluckimpfung.
- 4. Mäerz: Théo Kerg, lëtzebuergesche Moler, Sculpteur, Graveur a Vitrier.
- 5. Mäerz: Hans Christian Blech, däitsche Schauspiller.
- 5. Mäerz: Cyril Collard, franséische Schauspiller, Regisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Mäerz: Willi Schäferdiek, däitsche Schrëftsteller
- 14. Abrëll: Mett Hoffmann, lëtzebuergesche Moler.
- 17. Abrëll: Turgut Özal, Staats- a Ministerpresident vun der Tierkei.
- 18. Abrëll: Werner Pochath, éisträichesche Schauspiller.
- 1. Mee: Pierre Bérégovoy, franséische Politiker.
- 8. Mee: Hélène Palgen, lëtzebuergesch Sproochwëssenschaftlerin.
- 17. Mee: Robert Lapoujade, franséische Filmregisseur a Moler.
- 12. Juni: Wilhelm Gliese, däitschen Astronom.
- 19. Juni: William Golding, britesche Schrëftsteller.
- 19. Juni: Jean Cau, franséische Schrëftsteller a Journalist.
- 14. Juli: Léo Ferré, franséische Museker a Sänger.
- 22. Juli: Luigi Peruzzi, italiéinesche Resistenzler
- 31. Juli: Baudouin I., Kinnek vun de Belsch.
- 16. August: Stewart Granger, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. August: Paul Metz, lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriemanager.
- 4. September: Baltasar Lobo, spuenesche Sculpteur.
- 7. September: Jean-Pierre Büchler, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. September: Raymond Burr, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. September: Erich Hartmann, däitsche Pilot an Offizéier.
- 23. September: Marcel Wang, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 26. September: Robert Matagne, lëtzebuergeschen Auteur an Heraldiker.
- 1. Oktober: Georges Faber, lëtzebuergesche Jurist an Industriemanager.
- 4. Oktober: Alex Wantz, lëtzebuergesche Politiker.
- 5. Oktober: Karl Gordon Henize, US-amerikaneschen Astronaut an Astronom.
- 5. Oktober: Alfred Oppenheimer, Geschäftsmann.
- 12. Oktober: Jean-Pierre Glesener, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
- 25. Oktober: Vincent Price, Schauspiller.
- 28. Oktober: Charlotte Engels, lëtzebuergesch Sculptrice a Molerin.
- 28. Oktober: Grégoire Leisen, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 31. Oktober: Federico Fellini, italienesche Regisseur.
- 31. Oktober: River Phoenix, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. November: Léon Roller, lëtzebuergesche Boxer.
- 21. November: Bruno Rossi, italieneschen Astrophysiker an Astronom.
- 25. November: Anthony Burgess, Schrëftsteller.
- 2. Dezember: Pablo Escobar, kolumbianesche "Droge-Barong".
- 4. Dezember: Frank Zappa, US-amerikanesche Komponist a Museker.
- 7. Dezember: Félix Houphouët-Boigny, éischte President vun der Côte d'Ivoire.
- 16. Dezember: Mathieu Lamberty, Museker
- 22. Dezember: Marion Burns, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 31. Dezember: Zviad Gamsakhurdia, georgesche Wëssenschaftler a Politiker.
| Commons: 1993 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 17. Februar 1993 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Russland de 14. Abrëll 1993 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island den 20. Mee 1993 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Island-Lëtzebuerg den 8. September 1993 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland den 12. Oktober 1993 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg de 27. Oktober 1993 um Site European Football