1994
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1994
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: Den Traité iwwer den Espace Économique Européen trëtt a Kraaft.
- 17. Februar: D'Belsch ännert seng Verfassung a gëtt e federale Staat.
- 15. Juli: D'Staats- a Regierungscheffen ernennen de Jacques Santer zum Président vun der neier EU-Kommissioun.
- 31. August: Déi lescht russesch Truppen verloossen Estland an Däitschland
- 28. September: D'Passagéierfär „Estonia“ geet tëschent Schweden an Estland ënner, mat hir 852 Mënschen.
- 28. November: Bei engem Referendum an Norwegen stëmmen 52,2% géint e Bäitrëtt zu der EU
Lëtzebuerg [änneren]
- 12. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 21 Sëtzer, d'LSAP der 17, d'DP der 12, GLEI/GAP an d'ADR der je 5. Bei den Europawale gi je 2 Sëtzer un d'CSV an d'LSAP, a je 1 un d'DP an déi Gréng.
- 13. Juli: D'Regierung Santer-Poos III gëtt vereedegt.
- 19. Dezember: D'Alstad an d'Festung vun der Stad Lëtzebuerg ginn op d'Lëscht vun der Weltkulturierfschaft vun der UNESCO opgeholl.
Afrika [änneren]
- 6. Abrëll: De Fliger mam ruandesche Staatspresident Juvénal Habyarimana an dem burundesche Staatspresident Cyprien Ntaryamira gëtt ofgeschoss.
- 27. Abrëll: Éischt fräi Walen a Südafrika
- 10. Mee: Den Nelson Mandela gëtt President vu Südafrika
- 1. Oktober: De Sylvestre Ntibantunganya gëtt neie Staatspräsident a Burundi.
- Genozid a Ruanda: Hutuen ermuerde bal eng Millioun Tutsien.
Amerika [änneren]
- 1. Januar: Fräihandelsofkommes tëscht Mexiko, den USA a Kanada.
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
- 3. Oktober: De Fernando Henrique Cardoso gëtt President vu Brasilien.
Asien [änneren]
- 12. November: D'Chandrika Bandaranaike Kumaratunga gëtt Staatschefin vu Sri Lanka.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
- 26. Oktober: Jordanien an Israel ënnerschreiwe no jorelaanger Feindschaft e Friddensvertrag.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Servais-Präis: Jean Portante fir Mrs. Hallory ou Les mémoires d'une baleine.
Musek [änneren]
- 30. Abrëll: Den Duo Paul Harrington a Charlie McGettigan gewënnt fir Irland mam Lidd Rock 'n' roll kids den 39. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Economie [änneren]
- 15. Abrëll: D'WTO gëtt gegrënnt.
Sport [änneren]
- 23. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Marokko. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet denThomas Wolf geschoss.[1]
- 7. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:4 géint Holland.[2]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Minsk, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:2 géint Wäissrussland.[3]
- 14. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:5 géint Holland.[4]
Gebuer [änneren]
- 27. Februar: Hou Yifan, chinesesch Schachgroussmeeschterin.
- 1. Mäerz: Justin Bieber, kanadesche Popsänger.
- 8. Mäerz: Chris Philipps, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. Juni: Sarah Rolko, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
Gestuerwen [änneren]
- 13. Januar: Olin C. Wilson, US-amerikaneschen Astronom
- 14. Januar: Jean Goldschmit, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 22. Januar: Telly Savalas, Schauspiller.
- 22. Januar: Jean-Louis Barrault, franséische Schauspiller, Pantomim a Regisseur.
- 6. Februar: Joseph Cotten, US-amerikanesche Schauspiller.
- 7. Februar: Witold Lutosławski, polnesche Komponist an Dirigent.
- 5. Mäerz: Abdullah as Sallal, jemeniteschen Offizéier a Politiker.
- 6. Mäerz: Melina Mercouri, griichesch Schauspillerin, Sängerin a Kulturministesch.
- 9. Mäerz: Charles Bukowski, US-amerikaneschen Dichter a Schrëftsteller.
- 23. Mäerz: Giulietta Masina, italienesch Schauspillerin.
- 28. Mäerz: Eugène Ionesco, franséischen Theaterauteur.
- 31. Mäerz: Léon Degrelle, belsche Politiker a Collaborateur.
- 1. Abrëll: Robert Doisneau, franséische Fotograf.
- 2. Abrëll: Nicolas Bosseler, lëtzebuergeschen Historiker.
- 5. Abrëll: Kurt Cobain, Sänger a Gittarist.
- 6. Abrëll: Cyprien Ntaryamira, President vu Burundi.
- 6. Abrëll: Juvénal Habyarimana, President vu Ruanda (1973–1994).
- 7. Abrëll: Golo Mann, däitschen Historiker, Schrëftsteller a Philosoph.
- 20. Abrëll: Jean Carmet, franséische Schauspiller.
- 22. Abrëll: Richard Nixon, US-amerikanesche Politiker, 37. President vun den USA.
- 24. Abrëll: Margot Trooger, däitsch Schauspillerin.
- 27. Abrëll: Simone Lutgen, Sculptrice, Grafkerin an Dekoratrice.
- 29. Mee: Erich Honecker, däitsche Politiker
- 2. Juni: Fernand Rau, lëtzebuergeschen Economist a Politiker.
- 21. Juni: William Wilson Morgan, US-amerikaneschen Astronom.
- 8. Juli: Christian-Jaque, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 8. Juli: Kim Il-sung, Staatschef vun Nordkorea.
- 10. Juli: Rosemarie Kieffer, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 19. Juli: Émile Schaus, lëtzebuergesche Politiker, Pedagog a Schrëftsteller.
- 20. Juli: Paul Delvaux, belsche Moler (Surrealismus).
- 4. August: Giovanni Spadolini, Journalist, Historiker an italienesche Politiker.
- 13. August: Manfred Wörner, däitsche Politiker.
- 14. August: Elias Canetti, däitschsproochege Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 18. August: Gottlob Frick, däitsche Bass-Sänger.
- 19. August: Louis de Froment, franséischen Dirigent.
- 30. August: Lindsay Anderson, Filmregisseur.
- 1. September: Jean Bernard, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Editeur.
- 7. September: James Clavell, britesch-amerikanesche Romanschrëftsteller, Dréibuchauteur a Regisseur.
- 11. September: Marianne Hold, däitsch Schauspillerin.
- 17. September: Karl Popper, éisträichesch-britesche Philosoph a Wëssenschaftstheoretiker.
- 22. September: Tony Krier, lëtzebuergesche Fotograf a Journalist.
- 3. Oktober: Heinz Rühmann, däitsche Schauspiller.
- 9. Oktober: Rolf Thiele, däitsche Regisseur.
- 14. Oktober: Gab Weis, lëtzebuergesche Comiczeechner
- 20. Oktober: Émile Kirscht, lëtzebuergesche Moler.
- 12. November: Armand Schleich, lëtzebuergesche Journalist.
- 14. November: René Konen, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
- 15. November: Fernand Wark, lëtzebuergesche Sänger, Kabarettist a Schauspiller.
- 20. November: Victor Delcourt, lëtzebuergeschen Dichter a Literaturkritiker.
- 6. Dezember: Gian Maria Volonte, Schauspiller.
- 7. Dezember: Elga Andersen, däitsch Schauspillerin a Sängerin.
- 8. Dezember: Antônio Carlos Jobim, brasilianesche Sänger a Komponist.
- 19. Dezember: René Steichen, lëtzebuergeschen TV-Regisseur, Pionéier vu Videoclippen.
- 26. Dezember: Sylva Koscina, italienesch Schauspilerin.
- ? Jean-Pierre Urwald, lëtzebuergesche Politiker.
| Commons: 1994 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Marokko den 23. Mäerz 1994 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 7. September 1994 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1994 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1994 um Site European Football