2. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 2. September ass den 245. Dag vum Joer (246. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Aug – September – Okt | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1792: Frankräich: Septembermassakeren. (bis 7. September)
- 1870: Frankräich kapituléiert am Franséisch-Preisesche Krich. Den Napoleon III. gëtt gefaange geholl.
- 1945: op dem amerikaneschen Schluechtschëff USS Missouri gëtt an der Bucht vun Tokyo formell d'Kapitulatioun vu Japan ënnerschriwwen. De Pazifikkrich, asiateschen Deel vum Zweete Weltkrich ass eriwwer.
- 2006: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:1 géint Holland.[1]
- 2011: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Rumänien.[2]
Gebuer [änneren]
- 1756: Carl Englerth, preiseschen Industriellen an Offizéier.
- 1841: Paul Matthieu Hermann Laurent, franséische Mathematiker.
- 1882: J Harlen Bretz, US-amerikanesche Geolog.
- 1891: Victor Prost, lëtzebuergesche Politiker.
- 1927: Trude Jochum-Beiser, éisträichesch Alpinschileeferin.
- 1934: Hilla Becher, däitsch Fotografin.
- 1955: Lucien Bély, franséischen Historiker.
- 1964: Keanu Reeves, kanadesche Schauspiller.
- 1966: Salma Hayek, mexikanesch Schauspillerin.
Gestuerwen [änneren]
- 1764: Nathaniel Bliss, briteschen Astronom.
- 1910: Henri Rousseau, franséische Moler.
- 1935: Léon Frédéricq, belschen Naturwëssenschaftler a Moler.
- 1937: Pierre de Coubertin, franséische Sportspedagog an éischte President vum Internationalen Olympesche Komitee.
- 1973: John Ronald Reuel Tolkien, engleschen Schrëftsteller a Philolog.
- 2000: Joseph Adam, lëtzebuergesche Pater a Fotograf.
Feierdeeg [änneren]
- Vietnam: Nationalfeierdag
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 2. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |