20. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 20. November ass den 324. Dag (325. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Okt – November – Dez | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1945: Zu Nürnberg gëtt d'Uklo an den Prozesser géint 20 héich Perséinlechkeeten vum "Drëtte Räich" wéinst Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet virgelies.
- 1947: Bestietnes vun der spéiderer Kinnigin Elisabeth II. vun England, mam Lt. Philipp Mountbatten, bis du Prënz vu Griicheland an Dänemark.
- 1968: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kopenhagen 1:5 géint Dänemark. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Klein geschoss.[1]
- 1974: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Swansea, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 0:5 géint Wales.[2]
- 1994: Déi angolanesch Regierung an d'Rebellenorganisation UNITA ënnerschreiwen e Friddensvertrag, de Lusaka-Protokoll.
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Hesper 0:0 géint Kap Verde.[3]
- 2003: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Hesper 1:2 géint Moldawien.De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manou Schauls geschoss.[4]
Gebuer [änneren]
- 1873: William Coblentz, US-amerikanesche Physiker an Astronom.
- 1785: Jacques Lamort, lëtzebuergeschen Entreprener, Editeur a Politiker.
- 1809: Jean-Georges-François Eydt, lëtzbuergeschen Architekt.
- 1858: Selma Lagerlöf, schwedesch Schrëftstellerin, Nobelpräisdréierin.
- 1865: Joseph-Germain Strock, lëtzebuergesche Moler.
- 1874: Josef Kreitmaier, däitsche Jesuit, Konschthistoriker a Komponist.
- 1889: Edwin Hubble, US-amerikanesche Astronom.
- 1907: Henri-Georges Clouzot, franséische Filmregisseur.
- 1912: Otto von Habsburg, éisträichesch-däitsche Journalist, Schrëftsteller a Politiker.
- 1919: Pierre Pescatore, lëtzebeurgesche Jurist.
- 1923: Tonino Delli Colli, italienesche Kameramann.
- 1923: Nadine Gordimer, südafrikanesch Schrëftstellerin; Literaturnobelpräisdréierin 1991.
- 1924: Benoît Mandelbrot, franséisch-US-amerikanesche Mathematiker.
- 1947: Wolfgang Osterheld, däitsche Fotograf.
- 1943: Jean Goedert, lëtzebuergesche Moler.
- 1975: Francisco Franco, spuenesche Politiker a Generol.
Gestuerwen [änneren]
- 1882 : Henry Draper, US-amerikaneschen Physiolog an Astronom.
- 1894 : Anton Rubinstein, russesche Pianist, Komponist an Dirigent.
- 1910 : Leo Tolstoi, russesche Schrëftsteller.
- 1935 : Fernando António Pessoa, portugiseschen Dichter .
- 1945: Francis William Aston, britesche Chemiker a Physiker.
- 1947 : Wolfgang Borchert, däitsche Schrëftsteller.
- 1947: Georg Kolbe, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1975 : Francisco Franco, spuenesche Generol an Diktator.
- 1994 : Victor Delcourt, lëtzebuergeschen Dichter a Literaturkritiker.
- 2006 : Robert Altman, amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
Feierdeeg [änneren]
- Weltkannerdag, Internationalen Dag vun de Kannerrechter
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 20. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg den 20. November 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wales-Lëtzebuerg den 20. November 1974 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kap Verde den 20. November 2002 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Moldawien den 20. November 2003 um Site European Football.info