2012 VP113

Vu Wikipedia
2012 VP113 (Zwergplanéit)
Simuléierten Orbit vum Objet
Orbittyp TNO
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 263,4 A.E.
PerihelAphel 80,6 – 446,1 AE
Exzentrizitéit 0,694
Inklinatioun 24,047 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 4274 Joer
Mëttel Bunnvitess  km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 450 km
Mass ? kg
Albedo 0,1
Mëttel Dicht ? g/cm3
Rotatiounsperiod ?
Absolut Hellegkeet 4,1 mag.
Spektralklass
Entdeckung
Entdecker Chadwick A. Trujillo
Scott S. Sheppard
Entdeckungsdatum 5. November 2012
Aner Bezeechnungen Biden

Den 2012 VP113 ass en transneptuneschen Objet mat engem Duerchmiesser vu ronn 450 Kilometer, deen op enger Distanz vun 80,6 AE bis 446,1 AE vun eiser Sonn ewechläit. Den Asteroid ass wéinst senger Gréisst e méigleche Kandidat fir eng Kategoriséierung als Zwergplanéit. Hien huet mat 80,6 AE nach virum Sedna (76 AE) déi gréisst Periheldistanz vun alle bekannten Objeten am Sonnesystem. Wéinst den Ëmlafbunne vum Sedna a vum 2012 VP113 huelen d'Astronomen an d'Astrophysiker un, datt et nach weider Zwergplanéiten déi Säit vun deene Bunnen um Rand vum Sonnesystem an der Kuiperceinture an an der "bannenzeger" Oort-Wollek gëtt, an datt d'Existenz vun engem néngte Planéit méiglech ass.[1],[2],[3]

Den Objet gouf de 5. November 2012 vun de Weltraumfuerscher Chad Trujillo a Scott Sheppard mat den NOAO-Teleskope vum Cerro Tololo Inter-American Observatory am Chile fir d'éischt observéiert. D'Publikatioun vun der Entdeckung war de 26. Mäerz 2014.[4],[5]

Am Abrëll 2014 war den Objet 83 AE vun der Sonn ewech.[6]

Well d'Ofkierzung VP an den USA fir Vizepresident gëllt,, krut den Asteroid vum Entdeckerteam de Spëtznumm Biden nom aktuelle Vizepresident vun den USA, Joe Biden. Sou en Numm entsprécht net de Reegele vun der IAU, soudatt et zum Schluss offiziell en aneren Numm wäert ginn.[7]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael E. Brown, Chadwick A. Trujillo, David L. Rabinowitz: Discovery of a Candidate Inner Oort Cloud Planetoid. In: The Astrophysical Journal, Band 617, Nummer 1, 2004, S. 645–649.
  • Megan E. Schwamb et al.: of the distant Kuiper belt: results from the Palomar Distant Solar System Survey. In: The Astrophysical Journal, Band 720, Nummer 2, 2010, S. 1691–1707.
  • Chadwick A. Trujillo, Scott S. Sheppard: A Sedna-like body with a perihelion of 80 astronomical units. In: Nature, Band 507, Nummer 7493, 27. Mäerz 2014, S. 471–474.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tobias Jobke: Hinweise auf "Planetengiganten" am Rande unseres Sonnensystems. In: WDR5. Leonardo – Wissenschaft und mehr, 27. Mäerz 2014, Online, gekuckt den 30. Abrëll 2014.
  2. Alexandra Witze: Dwarf planet stretches Solar System's edge. In: Nature online, 26. Mäerz 2014, Online, gekuckt den 30. Abrëll 2014.
  3. Amina Khan: New dwarf planet in the Oort cloud changes picture of solar system. In: Los Angeles Times Science, 26. Mäerz 2014, Online, gekuckt den 30. Abrëll 2014.
  4. Christoph Behrens: Forscher finden Hinweise auf unbekannte Supererde. In: Süddeutsche.de, 27. Mäerz 2014, Online, gekuckt den 30. Abrëll 2014.
  5. Amina Khan: Dwarf planet 2012 VP-113 found in far reaches of solar system. In: The Sydney Morning Herald Technology, 27. Mäerz 2014, Online, gekuckt den 30. Abrëll 2014.
  6. Tilmann Althaus: Kleinplanet Sedna ist nicht allein. In: Spektrum.de, 28. Mäerz 2014, Online, gekuckt den 30. Abrëll 2014.
  7. Russell Westerholm: Joe Biden Was Inspiration for New Dwarf Planet 2012 VP 113, But the Name Probably Won't Stick. In: UniversityHerald, 27. Mäerz 2014, Online, gekuckt den 30. Abrëll 2014