24. Februar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 24. Februar ass de 55. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Jan – Februar – Mäe | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | (30) | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1525: An der Schluecht vu Pavia gewannen d'Truppe vum Keeser Karel V. an huelen de franséische Kinnek François Ier gefaangen.
- 1848: De franséische Kinnek Louis-Philippe vun Orleans gëtt an der Februarrevolutioun ofgesat.
- 1896: De franséische Physiker Antoine-Henri Becquerel entdeckt d'radioaktiv Strahlung vun Uran.
- 1918: Estland gëtt onofhängeg vu Russland.
- 1920: D'Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei (NSDAP) gëtt gegrënnt.
- 1949: Waffestëllstandsofkommes tëschent Israel an Egypten nom Palästinakrich.
- 1971: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:6 géint Holland.[1]
- 1984: Gesetz iwwert de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg: Lëtzebuergesch gëtt als "Nationalsprooch" definéiert a kritt de Status vun enger administrativer Sprooch (nieft Däitsch a Franséisch).
- 1991: Ufank vum Zweete Golfkrich mat der Operatioun Wüsteschëld.
- 2004: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Jerez la Frontera 2:4 géint d'Färoer Inselen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de René Peters an Daniel Huss geschoss.[2]
Gebuer [änneren]
- 1500: Karel V., Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1786: Wilhelm Grimm, däitsche Sproochwëssenschaftler a Schrëftsteller.
- 1795: Mathias Lefort, Iechternacher Postbeamten a Politiker.
- 1843: Teófilo Braga, portugisesche Schrëftsteller a Politiker.
- 1871: Luc Housse, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1855: Michel Fallize, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Missionär.
- 1884: Eugène Becker, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1885: Chester W. Nimitz, Admirol vun der US-Marine.
- 1896: Richard Thorpe, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 1902: Hary Haagen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 1909: Riccardo Freda, italienesche Filmregisseur, -produzent a -schauspiller.
- 1909: Joseph Fischer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1917: Gusty Kemp, lëtzebuergesche Foussballist
- 1927: Emmanuelle Riva, franséisch Schauspillerin.
- 1934: Bingu wa Mutharika, malawesche Politiker.
- 1939: Marisa Mell, éisträichesch Schauspillerin.
- 1940: Blanche Weicherding-Goergen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin, Restauratorin.
- 1942: Norbert Hastert, lëtzebuergesche Moler.
- 1948: Rolf Tarrach, spuenesche Physiker a Rekter vun der Université du Luxembourg.
- 1951: Monique Melsen, lëtzebuergesch Sängerin a Kabarettistin.
- 1955: Steve Jobs, Matgrënner an CEO vun Apple.
- 1958: Plastic Bertrand, belsche New-Wave-Museker.
- 1960: Marc Angel, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 1972: Tina Gillen, lëtzebuergesch Molerin.
- 1988: Clayton De Sousa Moreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1704: Marc-Antoine Charpentier, franséische Komponist.
- 1892: Joseph Namur, Apdikter zu Iechternach a Professer am Iechternacher Kolléisch.
- 1899: Emil Welti, schwäizer Politiker.
- 1926: Nicolas van Werveke, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1936: Albert C. Ritchie, US-amerikanesche Politiker.
- 1941: Joseph Hackin, lëtzebuergesch-franséischen Archelog.
- 1953: Gerd von Rundstedt, däitsche Generolfeldmarschall am Zweete Weltkrich
- 2010: Armand Blau, lëtzebuergeschen Hotellier an Auteur.
- 2012: Pierre Sinibaldi, franséische Foussballspiller an -trainer an Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalequipe.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 24. Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien |