26. Oktober
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 26. Oktober ass den 299. Dag (300. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Sep – Oktober – Nov | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1795: A Frankräich trëtt de Regime vum Directoire a Kraaft.
- 1863: Op enger internationaler Konferenz zu Genf gëtt d'Rout Kräiz als Institutioun gegrënnt.
- 1905: Russesch Aarbechter grënnen zu Sankt Petersburg den éischte Sowjet.
- 1919: Éischt Walen nom allgemenge Walrecht zu Lëtzebuerg.
- 1927: De Gustav Schickedanz, en däitschen Exporthändler, grënnt d'Quelle zu Fürth.
- 1958: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Henri Cirelli geschoss.[1]
- 1979: De südkoreanesche President Park Chung Hi gëtt beim Owesiessen vum Kim Ja Kyu, dem Chef vum Geheimdéngscht, erschoss.
- 1994: Jordanien an Israel ënnerschreiwe no jorelaanger Feindschaft e Friddensvertraag.
- 2002: D'Sinn Fein, déi sech der IRA verbonne fillt, ass géint eng Opléisung vun dëser. D'britesch Regierung an de Chef vun der nordirescher Regionalregierung haten dat zur Konditioun fir eng Fortsetzung vum Friddensprozess gemaach.
[änneren] Gebuer
- 1759: Georges Jacques Danton, franséische Revolutionär.
- 1800: Helmuth Karl Bernhard von Moltke, preisesche Militär.
- 1841: Theodor von Oppolzer, éisträicheschen Astronom.
- 1846: Lewis Boss, US-amerikaneschen Astronom.
- 1878: Henri Schintgen, lëtzebuergesche Mgistrat.
- 1891: Marcel Langsam, lëtzebuergeschen Turner a Konschtschmadd.
- 1893: Michel Haagen, lëtzebuergesche Skulpteur, Konschtschmatt a Moler.
- 1911: Mahalia Jackson, amerikanesch Gospel-Sängerin.
- 1934: Jacques Loussier, franséischen Jazzkomponist an -pianist.
- 1934: Ulrich Plenzdorf, däitsche Schrëftsteller.
- 1934: Peter Marginter, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1938: Bernadette Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Robert Schiel, lëtzebuergesche Fechter.
- 1939: Ginette Rossini, lëtzebuergesch Fechterin.
- 1942: Bob Hoskins, britesche Schauspiller.
- 1947: Hillary Clinton, US-amerikanesch Politikerin.
- 1950: Nico Braun, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1954: Raymond Petit, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1954: Marc Gerson, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 1959: Evo Morales, bolivianesche Politiker a President.
[änneren] Gestuerwen
- 1934: Franz Seimetz, lëtzebuergesche Moler.
- 1957: Nikolas Kazantzakis, griichesche Schrëftsteller.
- 1986: Alfred Nimax, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1999: Rex Gildo, däitsche Schlagersänger.
- 2005: Jany Holt, franséisch Schauspillerin.
- 2009: Karl Schaifers, däitschen Astronom.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 26. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |