27. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 27. September ass den 270. Dag (271. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Aug – September – Okt | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1825: Déi éischt ëffentlech Eisebunnslinn vun der Welt gëtt tëschent Stockton an Darlington ageweit.
- 1936: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Krefeld 2:7 géint Däitschland. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Gusty Kemp geschoss.[1]
- 1940: Den Dräierpakt tëscht Däitschland, Italien a Japan ass offiziell ënnerschriwwe ginn.
- 1998: Den Helmut Kohl verléiert d'Walen an Däitschland, de Gerhard Schröder gëtt Kanzler.
[änneren] Gebuer
- 1271: Wenzel II., Kinnek vu Béimen a vu Polen.
- 1601: Louis XIII., Kinnek vu Frankräich.
- 1809: Charles Mathias André, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1824: Benjamin Apthorp Gould, US-amerikaneschen Astronom.
- 1849: Émile Claus, belsche Moler.
- 1863: Jean Schwindt, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1887: Minnie Vautrin, US-amerikanesch Missionarin.
- 1920: Willy Wenkin, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 1922: Arthur Penn, US-amerikanesche Regisseur.
- 1928: Ariel Scharon, israelesche Politiker.
- 1930: Paul Kemp, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1931: Freddy Quinn, däitsche Schlagersänger.
- 1937: Georges Penning, lëtzebuergeschen Auteur, Economiste an Enseignant.
- 1947: Harry Baer, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 1947: Marie-Christine Faber, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 1947: Pol Leurs, lëtzebuergesche Cartoonist.
- 1952: André Viger, kanadesche Rennrollstullfuerer.
- 1952: Jean Zuang, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1968: Mari Kiviniemi, finnesch Politikerin.
- 1976: Francesco Totti, italienesche Foussballspiller.
- 1978: Ani Lorak, ukrainesch Sängerin.
- 1979: Jérôme Jaminet, lëtzebuergesche Linguist a Publizist.
- 1984: Wouter Weylandt, belsche Vëlossportler.
- 1984: Avril Lavigne, kanadesch Sängerin
[änneren] Gestuerwen
- 1681: Jacob Masen, däitsche Jesuit, Theolog an Dichter.
- 1780: Jean-Pierre Sauvage, lëtzebuergesche Moler.
- 1932: Jean Schoenberg, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1941: Nicolas Liez, lëtzebuergeschen Zeitungsredakter an Auteur.
- 1942: Victor Ferrant, lëtzebuergeschen Naturfuerscher a -moler.
- 1944: Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski, russesche Fotograf.
- 1960: Paul Noesen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
- 1991: Karl-Heinz Köpcke, däitschen Noriichte-Speaker.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 27. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |