6. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 6. November ass den 310. Dag vum Joer (311. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Okt – November – Dez | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1880: De franséischen Dokter Charles Laveran entdeckt den Malaria-Virus.
- 1919: D'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg bestit sech mat hirem Koseng, dem Prënz Felix.
- 1921: D'ungarësch Nationalversammlung déklaréiert offziell datt d'Habsburger enttrount sinn. Den István Bethlen gëtt Premier.
- 1932: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Robert Theissen a Jean Kremer geschoss.[1]
- 1949: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 2:3 géint Belsch. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[2]
- 1965: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Marseille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Louis Pilot geschoss.[3]
- 1977: 4.000 Leit démonstréieren zu Diddeleng fir d'Erhale vun den Aarbechtsplazen an der Forge du Sud.
- 2002: De Fluch 9642 vun der Luxair verongléckt bei Nidderaanwen, 20 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 2003: De Päischtméindeg gëtt a Frankräich als Feierdag gestrach. Mat dem zousätzleche Schaffdag gëtt e Solidaritéitsfond fir al Leit a Behënnerter finanzéiert.
Afrika [änneren]
- 1913: Fir géint d'Politik vun der Rassentrennung an der Südafrikanescher Unioun ze protestéieren, passéieren, ënnert der Féierung vum Mahatma Gandhi, 2.200 Awanderer vun indeschen Originnen déi fir si gespaarte Grenz tëschent de Provënzen Natal an Transvaal.
- 1975: Ongeféier 350.000 Marokkaner besetzen déi spuenesch Kolonie West-Sahara fir de marokkaneschen Usproch op d'Régioun ze manifestéieren.
Amerika [änneren]
- 1813: No der Rebellioun vun indianeschen Onofhängegkeetskämpfer gëtt d'Onofhängegkeet vu Mexiko ausgeruff. D'Revolutioun brecht 1815 zesummen.
Arabesch Welt [änneren]
- 1979: Den iranesche Premier Mehdi Basargan gëtt op, grad esou wéi all seng Ministeren, an dat fir dem Revolutiounsrot Plaz ze maachen.
Gebuer [änneren]
- 1661: Carlos II., Kinnek vu Spuenien.
- 1807: Hubert Brialmont, belschen Ingenieur.
- 1814: Adolphe Sax, belsche Museksinstrumentebauer, Erfinder vum Saxophon.
- 1872: Michel Frédérick, Schwäizer professionelle Vëlossportler.
- 1878: Hubert Loutsch, lëtzebuergesche Politiker.
- 1880: Robert Musil, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1881: Guillaume Salomon, lëtzebuergesche Geschäftsmann an Hobby-Zauberer.
- 1886: Joseph Hackin, lëtzebuergesch-franséischen Archeolog.
- 1915: François Dumont, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1921: Yvonne Useldinger, lëtzebuergesch Politikerin a Resistenzlerin.
- 1925: Michel Bouquet, franséische Schauspiller.
- 1935: Mathis Wildanger, lëtzebuergesche Moler.
- 1949: Joseph Zangerle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1955: Maria Shriver, US-amerikanesch Tëleesjournalistin.
- 1959: Josée Kirps, lëtzebuergesch Historikerin a Linguistin.
- 1962: Georg Uecker, däitschen Schauspiller an Auteur.
- 1963: Barbara Eligmann, däitsch Moderatorin.
- 1970: Ethan Hawke, amerikanesche Schauspiller.
- 1974: Frank Vandenbroucke, belsche Vëlossportler.
- 1982: Marc Oberweis, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1836: Charles X., Kinnek vu Frankräich.
- 1893: Pjotr Iljitsch Tschaikowski, russesche Komponist.
- 1951: Thomas Francis Kiely, iresche Liichtathlet.
- 1964: Hugo Koblet, schwäizer Vëlosportler.
- 1989: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- 1997: Josef Pieper, däitsche Philosoph.
- 1998: Niklas Luhmann, däitsche Soziolog.
- 2002: Michel Majerus, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 2002: René Kremer, lëtzebuergesche Liichtathlet.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 6 November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 6. November 1932 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. November 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg vum 6. November 1965 um Site European Football