AC/DC
AC/DC ass eng australesch Rockband (Hard Rock), déi Enn des Joer 1973 vun den a Schottland gebuerene Bridder Angus McKinnon Young (* 31. Mäerz 1955) (Markenzeechen: Schouluniform mat kuerzer Box) a Malcolm McKinnon Young (* 6. Januar 1953) gegrënnt gouf.
Op den Numm si se duerch d'Margereth, d'Schwëster vun de Young-Bridder, komm. Si huet d'Opschrëft AC/DC (Wiesselstroum/Gläichstroum) op enger Bitzmaschinn gesinn, an huet fonnt datt déi Ofkierzung déi staark Musek vun der Band géif perfekt symboliséieren (méi spéit huet den Angus Young behaapt, hien hätt AC/DC als éischt op engem Stëbssuckeler entdeckt). Allerdéngs ass AC/DC an engleschsproochege Länner och en Ausdrock fir Bisexualitéit, an esou hate si um Ufank vun hirer Carrière eng hëtzeg Diskusioun ausgeléist. AC/DC ass haut nach aktiv.
| AC/DC | |
|---|---|
| Grënnung: | November 1973 |
| Genre: | Hard Rock |
| Website (us): | www.acdc.com |
| Grënnungsmemberen | |
| Gesank: | Dave Evans (bis 1974) |
| Lead-Gittar: | Angus Young |
| Rhythmus-Gittar: | Malcolm Young |
| Bassgittar: | Larry Van Kriedt (bis 1974) |
| Percussioun: | Colin John Burgess (bis 1974) |
| Fréier Memberen | |
| Bassgittar: | Neil Smith (1974) |
| Bassgittar: | Rob Bailey (1974 - 1975) |
| Bassgittar: | Mark Evans (1974 - 1977) |
| Percussioun: | Noel Taylor (1974) |
| Percussioun: | Peter Clack (1974 - 1975) |
| Percussioun: | Simon Wright (1983 - 1989) |
| Percussioun: | Chris Slade (1989 - 1994) |
| Gesank: | Bon Scott (vun 1974 un; † 1980) |
| Aktuell Memberen | |
| Gesank: | Brian Johnson (zënter 1980) |
| Lead-Gittar: | Angus Young |
| Rhythmus-Gittar: | Malcolm Young |
| Bassgittar: | Cliff Williams (zënter 1978) |
| Percussioun: | Phil Rudd (1974 - 1983 & zënter 1995) |
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Den éischten Optrëtt hat AC/DC op Silvester 1973. Den éischte Succès am Ausland huet sech (1976) mat der LP "High Voltage" an Highway to Hell (1979) gewisen.
Nieft deenen zwéi Young-Bridder huet och de Bon Scott (* 9. Juli 1946; † 19. Februar 1980) mat senger rockeger a rauer Stëmm iwwerzeegt. Hien ass 1980 u sengem eegenen Erbrachenem erstéckt. Mam Brian Johnson (* 5. Oktober 1947), dem fréiere Sänger vun Geordie, deen zum Band-Image gepasst huet, ass et weidergaangen. Den éischten Album, deen AC/DC mam neie Sänger verëffentlecht huet, war Back in Black am Juli 1980. Während d'Grupp mam Bon Scott éischter bluesduerchwuessenen haarde Rock 'n Roll gespillt hunn, huet se mam Brian Johnson de Schrack zum Hard Rock gemaach. Sou gouf Back in Black hiren Album mam gréisste Succès vun allen Zäiten.
Den Titelsong For Those About To Rock aus dem Joer 1981 huet sech quasi zur AC/DC-Hymne entwéckelt a gëtt haut nach meeschtens um Schluss vun all Concert gespillt.
Nom Album Back in Black koum, zwar no ville weideren Albumen, kee groussen Erfolleg an den 80er zustan. Eréischt an den 90er mat The Razor's Edge an dem Lidd "Thunderstruck" koume si zréck an d'Hitparaden. No The Razor's Edge, sinn d'Young-Bridder erëm op hiren Urspronk zréckkomm. D'Albume Ballbreaker a Stiff Upper Lip sinn däitlech vum Boogie-Woogie, Rock 'n' Roll a Blues markéiert. Als musekalescht Virbild gëtt ëmmer erëm den Chuck Berry genannt, deem säin "Duckwalk" feste Bestanddeel vum Angus Young senger Bühneshow ass.
Dee leschte verëffentlechten Album ass Stiff Upper Lip aus dem Joer 2000 gewiescht.
Fir hiert Liewenswierk goufen AC/DC am Mäerz 2003 an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.
Gallery [änneren]
Discographie [änneren]
LPen an CDen
- 1974: High Voltage [australesch Versioun]
- 1975: T.N.T. [australesch Versioun]
- 1976: High Voltage [europäesch Versioun, mat Stécker aus den zwou éischten LPen, déi nëmmen an Australien erauskoumen]
- 1976: Dirty Deeds Done Dirt Cheap [australesch Versioun, deelweis aner Stécker wéi déi europäesch Versioun]
- 1976: Dirty Deeds Done Dirt Cheap [europäesch Versioun, enthält ee Stéck aus T.N.T : Rocker = Net op der austr. Versioun]
- 1977: Let There Be Rock [CDen an LPen ënnerscheede sech - d'LP entsprécht der australescher Versioun, déi en anere Cover huet]
- 1978: Powerage [CD und LP ennerscheeden sech - LP entsprécht der australescher Versioun, Cover ass identesch]
- 1978: If You Want Blood (You’ve Got It) [Live]
- 1979: Highway to Hell
- 1980: Back in Black
- 1981: For Those About To Rock (We Salute You)
- 1983: Flick Of The Switch
- 1984: ’74 Jailbreak
- 1985: Fly On The Wall
- 1986: Who Made Who [Soundtrack zum Stephen-King-Film "Maximum Overdrive"]
- 1988: Blow Up Your Video
- 1990: The Razor’s Edge
- 1992: Live [2 Versiounen (1 CD) & Special Collector’s Edition, 2 CDen]
- 1995: Ballbreaker
- 1997: Bonfire [Zesummestellung vun ale Lidder (Volts, Live at the Atlantic Studios, Let there be Rock)]
- 2000: Stiff Upper Lip
- 2001: Stiff Upper Lip [Tour Edition]
- 2008: Black Ice
Videoen an DVDen [änneren]
- 1979: Let There Be Rock [Kinosfilm]
- 1985: Fly on the Wall [Reklammsfilm fir d'CD Fly On The Wall ze lancéiren]
- 1992: Live at Donington [Live um Monsters of Rock Festival zu Donnington]
- 1996: No Bull [Live op der Plaza de Toros, inklusiv "Hard as a Rock"-Video an Making-of]
- 2001: Stiff Upper Lip [Live am Olympia-Stadion zu München, Interview inklusiv]
- 2005: Family Jewels [Duebel-DVD mat Videoclipen a Matschnëtter vu fréier bis haut]
- 2007: Plug Me In [Duebel-DVD mat Concertsmatschnëtter, Videoclipen, Interviewen a villen Extraen]
- 2008: No Bull - The Directors Cut [Nei Oplo vun der Live Performance op der Plaza de Toros vun 96 mat vill Bonusmaterial]
Di zwou Duebel DVDen "Family Jewels" a "Plug Me In" hu jeeweils ëmmer eng DVD di d'Ära Bon Scott dokumentéiert an di aner DVD di d'Ära Brian Johnson dokumentéiert. Dobai sief och gesot datt "Family Jewels" u sech nëmmen erauskoum well AC/DC hirer aler Plackefirma Elektra dem Kontrakt no nach eng Verëffentlechung schëlleg war. Dëst gëtt däitlech duerch de Fakt datt "Family Jewels" kaum Bonus Material beinhalt an och am direkte Vergläich zur anerer Duebel-DVD "Plug Me In" relativ eidel ausgesäit. Dobäi muss awer och ernimmt ginn datt d'Material vu béiden Duebel-DVDe komplett ënnerschiddlech ass an d'Videoe vu "Fly on the Wall" och op der "Family Jewels" drop sinn.
Literatur [änneren]
- Huxley, Martin: AC/DC - Die Biografie. ISBN 3-85445-126-1
- Putterford, Mark: AC/DC. ISBN 3-8118-3097-X
- Heilemann, Wolfgang ("Bubi"): AC/DC - Hardrock Live. ISBN 3-89602-620-8
Um Spaweck [änneren]
- Offiziell AC/DC Homepage (Englesch)
- SQUEALER.net Web-Archiv an Treffpunkt (Däitsch)
- Iwwersetzung vu verschiddenen AC/DC-Lidder (Däitsch)
- AC/DC Fansäit (Englesch)
- Ifyouwantblood.de - Grouss Fansäit (Däitsch)
- Aktuell Fansäit mat ausféierlecher Discographie (Däitsch)
- Eng weider Fansäit mat deegleche Forumbeiträg (Englesch)
- Eng Säit vun AC/DC op Franséisch
| Commons: AC/DC – Biller, Videoen oder Audiodateien |