Alternativ Demokratesch Reformpartei
| Logo | Parteizentral |
|---|---|
| Waassergaas 20
L-1449 Lëtzebuerg-Stad |
|
| Basisdonnéeën | |
| Grënnungsdatum: | 12. Mee 1987 |
| Nationalpresident: | Fernand Kartheiser |
| Generalsekretär: | Jean Schoos |
| Vizepresidenten: | Jean Colombera, Marc Gatti, Marceline Goergen, Roy Reding |
| Keessier: | Jean-Claude Strottner |
| Fraktiounspresident: | Gast Gibéryen |
| Éierepresident: | Robert Mehlen |
| Websäit: | www.adr.lu |
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass den Numm vun enger Lëtzebuerger politescher Partei, déi den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen gegrënnt gouf. 1989 gouf den Numm an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt, dee sengersäits 1993 an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet ëmgedeeft gouf. Am Mäerz 2006 koum eng weider Ëmbenennung zum Numm, wéi en elo ass. An der EU-Politik as d'ADR Member vun der Allianz vun europäesche Konservativen a Reformisten (AECR).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'ADR ass aus enger "Single-issue"-Partei ervirgaang, déi mat enger eenzeger Fuerderung – gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren – bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéiert an d'Parlament gewielt gouf.
Den 10. Oktober 1993 ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, huet d' ADR 1 Sëtz derbäigewonnen, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2 sou dass se der ewell 7 hat. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer koum d'ADR op 10 Gemengerots-Sëtzer.
Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtzer par rapport zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet se manner Sëtzer kritt wéi virdrun.
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 huet d'ADR 1 weidere Sëtz verluer an ass ewell mat 4 Deputéierten an der Chamber vertrueden.
D'Jugendsektioun vun der ADR nennt sech adrenalin, déi jonk adr.
[änneren] Deputéiert am Laf vun der Zäit
- Roby Mehlen vu Manternach
- Gaston Gibéryen vu Fréiseng
- Jacques-Yves Henckes vu Lëtzebuerg
- Jean-Pierre Koepp aus der Houschter-Déckt
- Fernand Kartheiser vun Nidderkäerjeng
- Jean Colombera vu Viichten