ADS 16402

Vu Wikipedia
ADS 16402
Stärebild: Lacerta (Lac)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 22h 57m 47s
Deklinatioun + 38° 40' 28"
Spektralklass: G0 / G0
Gréissteklass 10 mag / 10 mag
Distanz (450 ± 70)
(140 ± 20)
Liichtkraaft:
Mass:
Duerchmiesser:
Radialvitess:
Aner Bezeechnungen
ADS 16402
Bonner Duerchmusterung +37° 4734
Aner Bezeechnung HAT-P 1
D'Stärebild Lacerta

ADS 16402 ass den Numm vun engem Duebelstäresystem am Stärebild Lacerta. D'Stäre vum System, ADS 16402 A an ADS 16402 B, gehéieren alle béid zu der Spektralklass G0 a si ronn 450 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. D'Komponent A huet eng visuell Magnitude vun 10,0 mag, d'Komponent B huet eng vun 10,4 mag. De Wénkelofstand vu béide Stären ass 11,2" wat eng Distanz vu ronn 1600 AE entsprécht. Den Alter vun de béide Sonne gëtt op 3,6 Milliarde Joer geschat. Den ADS 16402 B gëtt vun engem Exoplanéit ëmkreest an ass an deem Zesummenhank och als HAT-P-1 bekannt.

Planéit HAT-P-1 b[änneren | Quelltext änneren]

Beim ADS 16402 B (HAT-P-1) gouf am Joer 2006 en Exoplanéit entdeckt, deen ënner der Bezeechnung HAT-P-1 b bekannt ass an zu der Klass vun den Hot Jupiter gehéiert. E gouf mat Hëllef vun engem Netzwierk vu klenge Wäitwénkelteleskopen, déi um Hungarian Automated Telescope (HAT) baséieren, mat der Transit-Method entdeckt. D'Distanz tëscht dem Exoplanéit an dem Stär AD 16402 B ass nëmme 5 % vun der Distanz tëscht Äerd a Sonn. Den HAT-P-1 b brauch nëmme véier an en hallwen Dag fir d'Ëmkreese vu sengem Zentralstär.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]