AIBO

Vu Wikipedia
Den AIBO Roboter beim "Friessen"

Den AIBO Roboter ass een Ënnerhalungsroboter, dee speziell 1999 vu Sony als Ersatz fir en Hausdéier entwéckelt gouf a Leit mat Allergien d'Freed un engem Hond net soll huelen. AIBO heescht op Japanesch Frënd a steet weider fir d'Ofkierzung Artificial Intelligent Robot.

Hautzedaags fënnt den AIBO och seng Plaz a Kannerzëmmeren, allerdéngs ass e keng einfach Spillsaach. De Roboter muss wéi een echt Hausdéier behandelt ginn an huet och heiansdo Honger (wa seng Akkuen eidel sinn) a wëll da gefiddert ginn, natierlech nëmme mat Stroum.

Anatomie a Verhalen[änneren | Quelltext änneren]

Den AIBO ass mat zwéi Sensoren, een um Kapp an een um Réck ausgerëscht. Zousätzlech huet en eng Kamera an ee Mikro, sou datt e Signaler vu sengem Entourage ophuele kann. Säin Häerz besteet aus engem RISC-Prozessor, säi Gehier aus enger léierfäeger Software.

Wéi all anert Liewewiesen, muss den AIBO erzu ginn. Wann ee mol eng Kéier schlecht gelaunt ass, geet et duer, datt een him seet e soll roueg sinn oder en einfach lénks leie léisst. Dat bewierkt dacks Wonner. Gëtt den AIBO mol bei aussergewéinlechen Tricker geheemelt, sou wäert een an Zukunft méi dacks déi Tricke virféieren. E spillt gär mat sengem Ball oder wenzelt sech um Buedem. E versteet ënner anerem e puer Wuert Franséisch a follegt op verschidden Uerderen.

Mëttlerweil gëtt et schonn eng ganz Partie vu verschiddene Modeller, déi ëmmer weider entwéckelt goufen. Duerch déi vu Sony definéiert Schnëttstell (Open-R) kann een den AIBO och selwer programméieren an him eng eegen "Honds-Perséinlechkeet" ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aibo – Biller, Videoen oder Audiodateien