Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) APESS)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Organization template.gif Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'APESS, d'Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur, gouf de 14. November 1905 gegrënnt. Si ass déi eelsten Enseignantsgewerkschaft zu Lëtzebuerg, politesch neutral an onofhängeg. Fir Member kënnen ze ginn, muss ee Professer sinn, am Proffestage sinn oder als Chargé d'éducation d'Konditiounen erfëllen, fir de Concours de recrutement fir an de Proffestage kënne matzemaachen.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht vun der APESS [änneren]

Zu dësem Kapitel kuckt ënnert "Literatur", wou vun der Chronik vun der APESS Rieds geet.

Aktuelle Verwaltungsrot [änneren]

De Comité exécutif vun der APESS besteet seit Juni 2008 aus folgende Professeren:

Donieft gëtt et de Comité central, an deem all Lycée mat engem Delegéierte vertrueden ass.

Éditions de l'APESS [änneren]

D'Éditions de l'APESS gëtt et zënter 1982. Gegrënnt goufe se vum Carlo Felten (1946-2005), Professer am Lycée classique vun Dikrech. Seng Iddi war et, de Membere vun der APESS e Forum ze ginn, wou si sech kënnte fräi ausdrécken. Duerfir huet e fir d'éischt e Joerbuch "Récré" op d'Bee gesat. Bis zu sengem fréien Doud huet en eleng déi ganz Aarbecht gemaach. Ënnert der Leedung vum Roland Harsch, Paul Kintziger, Georges Milmeister, François Thill, Frank Wilhelm, Daniel Reding a Pascal Zeihen gouf am Juli 2011 de 26. Band vu Récré verëffentlecht, ënnert dem neien Numm Ausbléck.

An den Éditions de l'APESS fënnt een och eng Rei praktesch Hëllefen (Cahiers pédagogiques) fir verschidde Coursen am Lycée, notamment fir Franséisch a Mathematik op den ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire.

Bis elo koume 14 Bicher eraus, vun deenen der zwee ("Tour de Frantz" vum Frank Wilhelm, a "Federspiele" vum Roland Harsch) eng zweet Oplo kruten. Zënter hirer Grënnung hunn d'Éditions de l'APESS wäit iwwer 100.000 Bicher, Joresbicher a Léierhëllefe verkaaft.

Literatur [änneren]

Pierre Lech a Raymond Schaack, 2006. Chronique de l'APESS. Éditions de l'APESS.

De Pierre Lech, pensionéierte Professer vum Lycée classique d'Echternach huet dëst monumentaalt Wierk vu 525 Säite souzesoe ganz eleng gemaach. Et geet vun der "Ère héroïque des pères fondateurs (1902-1930)", iwwert "L'Association des Professeurs durant les crises avant, pendant et après la Seconde Guerre mondiale (1930-1955) bis zum Kapitel "L'Association des Professeurs de 1955 à 1980 face aux grandes réformes de l'enseignement secondaire" an dem leschten Deel mam Titel "L'APESS de 1980 à 2005 en proie aux mutations permanentes de l'enseignement secondaire". De Raymond Schaack erzielt ofschléissend am Kapitel "Du Kaffiskränzchen à la Grève, ou de l'Association des Professeurs à l'APESS" d'Haaptevenement vu senger Presidentschaft, dem éischte Streik vu Lëtzebuerger Staatsbeamte géint de Lëtzebuerger Staat. Um Schluss vun der Chronik fënnt de Lieser all Presidenten a Sekretäre vun der APESS vun 1905 bis 2006.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]