ATF Dingo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den ATF Dingo 2

Den ATF Dingo, op Däitsch Allschutz-Transport-Fahrzeug (ATF) Dingo, ass zënter 2010, an der Versioun Dingo 2, en Asazwon an der Lëtzebuerger Arméi. D'Lëtzebuerger Arméi huet am Moment 48 ATF Dingo 2 am Asaz a wëll domatt den onzouverlässegen HMMWV ofléisen. Den Dingo ass e gepanzert a liicht bewaffnet Gefier, dat nieft der Lëtzebuerger Arméi och am Asaz bei der däitscher Bundeswehr, dem éisträicheschen Bundesheer an den Arméien aus der Belsch an Tschechien ass.


[änneren] Technesch Donnéeë vum ATF Dingo 2

  • Numm: ATF Dingo
  • Beschreiwung: ATF Dingo 2
  • Besatzung: kuerz: 5 Mann; laang: 8 Mann
  • Längt: 5,45 m (kuerz) oder 6,08 m (laang)
  • Breet: 2,39 m
  • Héicht: 2,60m bis 2,80m
  • Gewiicht (eidel): 9,5 t (Dingo 1)
    12,5 t (Dingo 2 laang)
  • Haaptbewaffnung: Um Dach vum Gefier (Typ 1530) sou wéi FLW 100
    MG3 7,62 × 51 mm a GMW 40 × 53 mm
  • Panzerung: Panzerstool/Verbundpanzerung no STANAG 4569 Level 3
    bis 7,62 × 51 mm an Artilleriesplitter op 90 m
  • Minneschutz: STANAG 4569 Klasse IIa+ (Dingo 1)
    STANAG 4569 Klasse IIIa, 8 kg ënner Rad (Dingo 2)
  • Motor: Mercedes-Benz OM 924 LA Euro 3-Turbodiesel (Dingo 2)
  • Leeschtung: 163 kW (222 PS)
  • Fiederung: Schrauwefieder
  • Vitesse: Strooss max. 100 km/h
  • KGR : ca. 23,3 PS/t (je no Variant)
  • Reechwäit: 1.000 km
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen