A Véier gedeelt (Hiriichtung)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dierick Bouts: Martyrium vum Hellegen Hippolyt, 1470-1475
A Véier gedeelt war eng besonnesch grujeleg Manéier, fir een zum Doud Veruerteelten hinzeriichten. Si gouf am Mëttelaalter an och nach an der fréier Neizäit benotzt. Kinneksmäerder goufen an der Regel a munneche Länner esou gestrooft. D'Hiriichtung huet an deem Fall dora bestan, fir engem d'Äerem an d'Been auszeräissen, sou datt den Veruerteelten a véier gedeelt gouf. Ee Glidd ass nämlech bei där Method bis zum Schluss mam Kierper verbonne bliwwen. D'Auserneerappe gouf mat Päerd oder Ochsen déi un d'Glidder ugestréckt goufen, an an déi verschidden Richtungen hu missen zéien, ausgefouert. An de meeschte Fäll ass de Veruerteelte virdrun ëmbruecht ginn.
Bekannt Personnagen, déi sou higeriicht goufen [änneren]
- 1305, William Wallace
- 1526, Jerg Ratgeb
- 1567, Wilhelm von Grumbach a Christian Brück
- 1584, Balthasar Gérard
- 1589, Jacques Clément
- 1594, Jean Châtel
- 1606, Guy Fawkes
- 1610, François Ravaillac
- 1757, Robert François Damiens
- 1771, Matthias Klostermayr
| Commons: Dismemberment – Biller, Videoen oder Audiodateien |